De Fernando Pessoa, gebuer den 13. Juni 1888 zu Lissabon, an och do den 30. November 1935 gestuerwen; mam ganzen Numm Fernando António Nogueira de Seabra Pessoa, war e portugiseschen Dichter, Schrëftsteller a Geeschteswëssenschaftler. Hien huet haaptsächlech ënner de Pseudonymer Alberto Caeiro, Ricardo Reis, Álvaro de Campos a Bernardo Soares publizéiert.

Fernando Pessoa
Gebuertsnumm Fernando António Nogueira Pessoa
Pseudonym Alberto Caeiro, Álvaro de Campos, Ricardo Reis, Bernardo Soares
Gebuer 13. Juni 1888
Lissabon
Gestuerwen 30. November 1935
Lissabon
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit Portugal
Educatioun Universitéit vu Lissabon,
Universitéit vu Südafrika
Aktivitéit Dichter, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Philosoph, Essayist, Literaturkritiker, Prosaist

De Pessoa gëllt nom Luís de Camões als bedeitendste Lyriker aus dem Portugal; hien ass ee vun de wichtegsten Dichter a portugisescher Sprooch an hie gehéiert zu de bedeitendsten Auteure vum 20. Joerhonnert.

Wierk änneren

Zu Liefzäiten huet de Pessoa wéineg Unerkennung fonnt. Wéi e gestuerwen ass, huet en eng Tru mat 24.000 onpublizéierte Textfragmenter hannerlooss: Prosa, Dichtungen, Skizze vun Theaterstécker, an och politesch a soziologesch Texter.

Säi Livro Do Desassossego ("Buch vun der Onrou") gëtt als seng wichtegst Prosaaarbecht ugesinn.

Literatur änneren

  • Ángel Crespo: La vida plural de Fernando Pessoa. Barcelona: Seix Barral 1988. (dt.: Fernando Pessoa. Das vervielfältigte Leben. Zürich Ammann 1996.)
  • Robert Bréchon: Etrange étranger. Paris 1996.
  • João Gaspar Simões: Vida e obra de Fernando Pessoa. Lisboa 1991.
  • Burghard Baltrusch: Bewusstsein und Erzählungen der Moderne im Werk Fernando Pessoas. Lang, Frankfurt 1997, ISBN 3-631-31406-X.
  • Antonio Tabucchi: Wer war Fernando Pessoa? Carl Hanser, München 1992, ISBN 3-446-16462-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Fernando Pessoa – Biller, Videoen oder Audiodateien