Partido Social Democrata

politesch Partei a Portugal

De Partido Social Democrata (PSD) ass eng konservativ-liberal portugisesch Partei. Se gouf de 6. Mee 1974 ënner dem Numm Partido Popular Democrático (PPD) gegrënnt. Zesumme mat de Sozialisten (Partido Socialista) ass et eng vun den zwou Volleksparteien a Portugal.

Partido Social Democrata
Ofkierzung PPD/PSD
President Luís Montenegro
Gegrënnt Mee 1974
Parteizentral R. São Caetano, 9
1249-087 Lisboa
Jugendorganisatioun Juventude Social Democrata (JSD)
Ideologie Chrëschtlech Demokratie
Konservatismus
Politesch Positioun Mëtt-riets
National Affiliatioun AD (1979–1983)
PàF (2015)
AD (2024)
Europäesch Affiliatioun EVP
Europäesch Parlamentsgrupp EVP
Faarf Orange
Parlament
77/230 Sëtz
Europaparlament
6/21 Sëtz
Websäit
psd.pt/

Déi dräi Fäiler am Parteilogo representéieren déi dräi sozialdemokratesch Grondwäerter: Fräiheet, Gläichheet, Solidaritéit.[1]

De PSD ass den Editeur vun der Zeitung Povo Livre [2] (op lëtzebuergesch "Fräit Vollek"). Hir Jugendorganisatioun ass d'Juventude Social Democrata ("Sozialdemokratesch Jugend"; JSD), déi och 1974 gegrënnt gouf.[3],[4]

Grënnung a fréi Joer

änneren

D'Partei gouf de 6. Mee 1974 vum Francisco Pinto Balsemão, Francisco Sá Carneiro, Emídio Guerreiro a Joaquím Magalhães Mota gegrënnt ënner dem Numm Partido Popular Democrático (PPD) an e puer Méint méi spéit, de 25. Januar 1975, vum Verfassungsgericht (Tribunal Constitucional) als politesch Partei unerkannt. D'Grënner gehéieren zu enger Grupp vu ronn 30 Deputéierten, der liberaler Allianz Ala Liberal, deemools am portugisesche Parlament, dee scho virun der Oeillets-Revolutioun eng virsiichteg Ouverture a Reformen am Caetano-Regime agesat hat. Wéi se gegrënnt gouf, war eng staark Majoritéit vun der neier Partei op d'Iddie vun der internationaler Sozialdemokratie baséiert. Zu dësem Zäitpunkt gouf d'Partei zum Zentrum lénks am politesche Spektrum zougewisen. Den éischte Kongress vun der PPD war de 24. a 25. November 1974. Op der Parteikonferenz goufen de Programm a Statuten ugeholl an de Sá Carneiro gouf zum Generalsekretär gewielt. E Versuch vun der PPD, 1975 bei der SI (Sozialistische Internationale) ze bäitrieden, gouf no enger Interventioun vun de portugisesche Sozialisten vun dëser verworf. Trotzdem huet d'Parteileedung op enger Versammlung den 3. Oktober 1976 proposéiert den Numm Partido Social Democrata (Sozialdemokratesch Partei) unzehuelen. Dës Nummännerung gouf dunn am Oktober 1977 um Véierte Parteikongress bestätegt. Zënterhier huet d'Partei ënner der Ofkierzung PPD/PSD operéiert. An de Joren duerno huet sech d'PPD/PSD zu enger "Mëtt-Riets" Partei entwéckelt.[5]

De Sá Carneiro huet d'Gemengewahle vun 1979 als Deel vun der Demokratescher Allianz gewonnen, eng Koalitioun mam Diogo Freitas do Amaral senger CDS-PP an dem Gonçalo Ribeiro Telles seng Monarchistesch Vollekspartei (PPM). Dës éischt Zentrum-riets Regierung no der Carnation Revolutioun war kuerz-gelieft. De Sá Carneiro ass an der Nuecht vum 4. Dezember 1980 bei engem Fligeraccident ënner trageschen Ëmstänn gestuerwen, déi nach ëmmer net ganz verstanen ass. De Francisco Pinto Balsemão huet dunn d'Leedung vun der Regierung (1981–1983) an der Partei iwwerholl, huet awer am Dezember 1982 no engem schlechte Resultat bei de Gemengewahlen 1982 a géint den Hannergrond vun enger schwéierer Wirtschaftskris demissionéiert.

No enger Néierlag bei de Chamberwahlen 1983 huet d'PPD/PSD et fäerdeg bruecht eng grouss Koalitioun, de sougenannte "Zentralblock", mam Wahlgewënner, der Sozialistescher Partei vu Mário Soares, ze bilden. D'Zil vun dëser sozialistesch gefouerter Regierung war et d'politesch Stabilitéit ze garantéieren an déi néideg Moossnamen ëmzesetzen fir d'Wirtschaftskris ze bekämpfen. Op der PPD/PSD Säit gouf de Carlos Alberto Mota Pinto zum Vizepremier Minister ernannt. Am Februar 1985 huet de Mota Pinto aus der PPD/PSD Leedung an dem Poste vum Vizepremier Minister demissionéiert wéinst wuessender interner Oppositioun.

Lëscht vun de Parteicheffen

änneren
  • Francisco Sá Carneiro (1974–1978 an 1978–1980)
  • António Sousa Franco (1978)
  • José Meneres Pimentel (1978)
  • Francisco Pinto Balsemão (1981–1983)
  • Nuno Rodrigues dos Santos (1983–1984)
  • Carlos Mota Pinto (1984–1985)
  • Aníbal Cavaco Silva (1985–1995)
  • Fernando Nogueira (1995-1996)
  • Marcelo Rebelo de Sousa (1996–1999)
  • José Manuel Barroso (1999–2004)
  • Pedro Santana Lopes (2004–2005)
  • Luis Marques Mendes (2005–2007)
  • Luis Filipe Menezes (2007–2008)
  • Manuela Ferreira Leite (2008–2010)
  • Pedro Passos Coelho (2010–2018)
  • Rui Rio (2018–2022)
  • Luís Montenegro (zënter 2022)

Literatur

änneren
  • Walther L. Bernecker, Klaus Herbers: Geschichte Portugals. W. Kohlhammer, Stuttgart 2013, 354 S., ISBN 978-3-17-020662-5
  • Winfried Kreutzer: Geschichte Portugals. Reclam, Stuttgart 2013, 250 S., ISBN 978-3-15-019143-9
  • António Henrique de Oliveira Marques: Geschichte Portugals und des portugiesischen Weltreichs. Aus dem Portugiesischen vum Michael von Killisch-Horn. Kröner, Stuttgart 2001, 713 S., ISBN 3-520-38501-5.

Um Spaweck

änneren
  1. Partido PSD op psd.pt, nogekuckt: 2024-01-25|werk=www.psd.pt
  2. Povo Livre PSD, op psd.pt, nogekuckt: 2024-01-25
  3. JSD - Juventude Social Democrata; nogekuckt: 2024-01-25
  4. "O que é a JSD" nogekuckt: 2024-01-25
  5. W. Kreutzer, Geschichte Portugals, S. 207