Neutralitéit (International Politik)

Ënner Neutralitéit versteet een d'Situatioun vun engem Staat, dee sech aus engem Krich tëscht zwéin oder méi anere Staaten eraushält, entweder well e sech net wëll militäresch bedeelegen (wann en dat iwwerhaapt dierft) oder well e kee vun den anere Staate wëll ënnerstëtzen.

D'Neutralitéit ka fräi gewielt sinn, kann awer och opgedroe gi sinn, fir net "opgezwongen" ze soen. Se kann iwwregens arméiert oder awer onbewaffnet sinn.

Neutral Staaten an Europa sinn haut z. B. d'Schwäiz, Schweden, Finnland..., mat ënnerschiddlechen Originnen an Traditiounen. D'Neutralitéit verhënnert iwwregens net, datt d'Bevëlkerung oder souguer d'Regierung vun engem neutrale Staat am Fall vun engem Konflikt enger Säit géintiwwer méi Sympathie weist, wéi där anerer (op Däitsch schwätzt ee vu "wohlwollender Neutralität"; "neutralité bienveillante" op Franséisch).

Lëtzebuerg war selwer, duerch den internationalen Traité vun 1867 neutraliséiert a - wéinstens um Pabeier - ënnert d'Garantie vun de Signatärmuechten (ouni d'Belsch awer, well dee Staat selwer neutral ze sinn hat) gesat ginn. Dat huet den däitschen Noper awer weder 1914 nach 1940 dovun ofgehalen, Lëtzebuerg z'iwwerfalen a jorelaang ze besetzen. Dofir huet d'Lëtzebuerger Regierung am Exil decidéiert, d'Neutralitéit opzeginn an der alliéierter Koalitioun bäizetrieden. Nom Krich huet Lëtzebuerg sech mat enger Arméi dotéiert an ass Grënnungsmember vum Bréisseler Pakt, vun der Atlantescher Allianz) a vun der Western European Union (WEO) ginn.

LiteraturÄnneren

  • Gérard Cornu, Vocabulaire juridique; Paräis (Presses universitaires de France), 2011 (9. Oplo); 1095 S.; ISBN 978-2-13-058911-2
  • Pierre Luciri, Le prix de la neutralité; Genf (Institut universitaire de hautes études internationles), 1976.
  • Edgar Bonjour, Geschichte der schweizerischen Neutralität; Basel, 1970.
  • Hans-Ulrich Jost, Le salaire des neutres - Suisse 1938-1948; Paräis (Denoêl), 1999.
  • Edouard Falletti, L'encerclement de la Suisse - La tentative d'Hitler en juin 1940; CH-1145 Bière (Cabédita), 2007 (2010 rééditéiert); 157 S. (ill.); ISBN 978-2-88295-486-2
  • Christian Calmes, 1867. L'affaire du Luxembourg; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 1967.
  • Joseph Bech, De la naissance et de l'abandon de la neutralité du Grand-Duché de Luxembourg; in: Revue de l'Académie des Sciences morales et politiques; Paräis, 1951; Ss. 96-108.
  • Steve Kayser, La neutralité luxembourgeoise dans l'entre-deux-guerres (1918-1940): l'évolution de la politique étrangère luxembourgeoise du lendemain de la Grande Guerre à la veille du 10 mai 1940; Paräis, 1996 (=> Mémoire de maîtrise, Sorbonne, akadeemescht Joer 1994-1995); 187 Säiten. Publizéiert in: Galerie, Revue culturelle et pédagogique; Déifferdéng, Joergank 14 (1996), vgl. Nr. 4, a Joergank 15 (1997), vgl. Nr. 1 & Nr. 2.
  • Steve Kayser, 1940-1944 - l'occupation nazie: vers la redéfinition du statut international du Grand-Duché de Luxembourg; in: Collaboration: nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise; Akte vum internationale Colloque an der Stad, Mä 2006; publizéiert vum Nationalarchiv Lëtzebuerg; Ss. 20-62.
  • Steve Kayser, Le Luxembourg d'une guerre à l'autre - L'indépendance du Grand-Duché dans la tourmente (1914-1945); Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale), 2016; ISBN 978-2 87978-191-4
  • Georges Heisbourg, Le gouvernement luxembourgeois en Exil; 4 Bänn; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 1986-1991.