Pedro I. vu Brasilien

(Virugeleet vu(n) Pedro IV. vu Portugal)

Den Dom Pedro I. (komplett Pedro de Alcântara Francisco António João Carlos Xavier de Paula Miguel Rafael Joaquim José Gonzaga Pascoal Cipriano Serafim de Bragança e Bourbon), gebuer den 12. Oktober 1798 zu Queluz an och do de 24. September 1834 gestuerwen, war vun 1822 bis 1831 Keeser vu Brasilien an als Pedro IV. 1826 Kinnek vu Portugal.

Pedro I. vu Brasilien
Pseudonym O Rei-Soldado, O Libertador
Gebuer 12. Oktober 1798
Gestuerwen 24. September 1834
Doudesursaach Tuberkulos
Aktivitéit Politiker, Komponist, Dichter, Monarch
Famill
Geschwëster Michel I. vu Portugal

Hie war aus dem Haus Bragança, an deen zweete Jong vum Kinnek João VI. vu Portugal an deem senger Fra Carlota Joaquina vu Spuenien.

Säi Liewen änneren

Am Alter vun 9 Joer ass de Pedro mat senger Famill vu Portugal an déi deemoleg Kolonie Brasilien geflücht, nodeems napoleonesch Truppe Portugal besat haten. Si hu sech zu Rio de Janeiro installéiert.

1815 gouf Brasilien duerch eng Decisioun vum Wiener Kongress zu engem Kinnekräich gemaach, dat mat Portugal a Personalunioun verbonne war. Dem Pedro seng Groussmamm, d'Kinnigin Maria I., gouf sou och Kinnigin vu Brasilien. Hire Jong Joāo VI. koum no hirem Doud (1816) op den Troun vun deenen zwee Länner. De Pedro gouf Trounierwen.

Well de Kinnek och nom Réckzuch vun de Fransousen net direkt a Portugal hanneschtgoe wollt, gouf de Britt William Carr Beresford e Militärdiktator. 1821 gouf dee bei der liberaler Revolutioun gestierzt, an d'Cortes, d'Assemblée vun de Stänn, hunn de Kinnek opgefuerdert, zeréckzekommen oder op säin Titel ze verzichten.

De João goung mat Fra an anere Kanner a Portugal, iwwerdeems de Pedro als Regent a Brasilien bliwwen ass. Well d'Cortes Brasilen nees als Kolonie zeréckhu wollten, huet de Pedro de 7. September 1822 beim Floss Ipiranga mam Ruff „Onofängegkeet oder Doud“ (Indepêndencia ou morte!) d'Onofhängegkeet vu Brasilien ausgeruff. Hie gouf offiziell den 1. Dezember 1822 zum Keeser Pedro I. vu Brasilien gekréint.

De portugisesche Kinnek João VI. - dem Pedro säi Papp - huet dat eréischt 1825 unerkannt (allerdéngs och näischt dergéint gemaach, well dat e wuel arrangéiert huet). De João ass 1826 gestuerwen, soudatt de Pedro als Pedro IV. säin Nofollger gouf (Säi Brudder Miguel war an der Tëscht am Exil zu Wien, well e géint säi Papp geputscht hat). De Pedro ass awer a Brasilien bliwwen an huet seng Schwëster Isabella Maria zur Regentin ernannt. D'Portugise wollte sech awer net mat engem Kinnek offannen, dee vu Brasilen aus regéiere géif, an d'Brasilianer hu geknoutert, hie géif sech ze vill ëm Portugal këmmeren. Dofir huet de Pedro zwéi Méint no senger Ernennung, am Mee 1826, als Kinnek vu Portugal ofgedankt.

Am Fong hätt seng Duechter Maria sollten d'Nofollgerin a Portugal ginn, mä säi Brudder Miguel huet d'Parlamet opgeléist a sech 1828 als Miguel I. zum Kinnek ausruffe gelooss. Et koum doropshin zum Krich tëscht den zwéi Bridder, dem Miguelistekrich (1832–1834).

Fir sech kënne ganz ëm d'Problemer a Portugal ze këmmeren, huet de Pedro I. 1831 zu Gonschte vu sengem Jong Pedro II. a Brasilien als Keeser ofgedankt. Fir sech besser fir seng Duechter an hir Trounuspréch kënnen anzesetze goung en a Frankräich, wou de Kinnek Louis Philippe him gehollef huet.

De Pedro huet op den Azoren, wou en den 3. Mäerz 1832 gelant war, eng Arméi opgesat, an ass mat där a Portugal gefuer, wou en 1834 d'Truppe vum Miguel vernichtend schloe konnt. De Miguel huet alt nees missen an den Exil an Éisträich, an d'Kinnigin Maria II. konnt nees op den Troun, fir deen hire Papp, well si nach mannerjäreg war, d'Regence iwwerholl huet.

Wéi de Pedro bis doudkrank war, gouf seng Duechter fir volljäreg erkläert, hien huet d'Regentschaft verluer an ass kuerz drop zu Queluz bei Lissabon gestuerwen.

Hie war zweemol bestuet:

Éischte Stot änneren

De 6. November 1817 huet hien zu Rio de Janeiro d'Äerzherzogin Maria Leopoldine vun Éisträich (* 22. Januar 1797; † 11. Dezember 1826) bestuet, enger Duechter vum Franz I. vun Éisträich an der Maria Theresia vun Neapel-Sizilien.

Si kruten dës Kanner:

  • Maria da Gloria (* 4. Abrëll 1819; † 15. November 1853), Kinnigin vu Portugal;
  • João Carlos (* 6. Mäerz 1821; † 4. Februar 1822)
  • Januária (* 11. Mäerz 1822; † 13. Mäerz 1901) ∞ Ludwig vu Bourbon, Prënz vun deenen zwee Sizilien (1824–1897)
  • Paula Mariana (* 17. Februar 1823; † 16. Januar 1833)
  • Francisca (* 2. August 1824; † 27. Mäerz 1898), ∞ 1843 François d'Orléans Prënz vu Joinville, e Jong vum Kinnek Louis Philippe vu Frankräich
  • Pedro II. (* 2. Dezember 1825; † 5. Dezember 1891), Keeser vu Brasilien
 
Hochzäit vum Pedro I. an der Amélie de Beauharnais 1829 (Aquarell von Jean Baptiste Debret)

Zweet Bestietnes änneren

De 17. Oktober 1829 huet hien d'Amélie de Beauharnais (* 31. Juli 1812; † 26. Januar 1873) bestuet, d'Duechter vum Eugène de Beauharnais an der Auguste vu Bayern.

Si kruten eng Duechter:

De Pedro hat ausserdeem 4 Kanner mat senger Maîtresse Domitília de Castro Canto e Melo.

Literatur änneren

  • Walther L. Bernecker, Horst Pietschmann, Rüdiger Zoller: Eine kleine Geschichte Brasiliens (= Edition Suhrkamp 2150). Suhrkamp, Frankfurt am Main 2000, ISBN 3-518-12150-2.
  • Pedro Calmon: Historia do Brasil. Olympio, Rio de Janeiro 1959;
    • Band 4: Século XVIII: riquezas e vicissitudes (conclusao). Século XIX: o império e a ordem liberal.
    • Band 5: Século XIX: o império e a ordem liberal (conclusao).
  • Delgado de Carvalho: Historia diplomatica do Brasil (= Biblioteca do espírito moderno. Série 3: História e biografia 65). Companhia Editora Nacional, Sao Paulo 1959.
  • George Edmundson: Brazil and Portugal. In: The Cambridge Modern History. Volume 10: The Restoration. Cambridge University Press, Cambridge 1907.
  • Heinrich Handelmann: Geschichte von Brasilien. Julius Springer, Berlin 1860. (Digital Editioun)
  • Florian Kienzl: Kaiser von Brasilien. Herrschaft und Sturz Pedros I. und Pedros II. Propyläen-Verlag, Berlin 1942.
  • Manuel de Oliveira Lima: Dom Pedro e Dom Miguel. A querela da successão (1826–1828). Cayeiras, São Paulo 1927.
  • João Ribeiro: Historia do Brasil. 18. edição revista e completada. F. Alves, Rio 1964.
  • Manfred Wöhlcke: 500 Jahre Brasilien. Die Entstehung einer Nation. Vier-Viertel-Verlag, Strasshof 2000, ISBN 3-9500908-6-X.

Um Spaweck änneren

Commons: Pedro I. vu Brasilien – Biller, Videoen oder Audiodateien