Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Sklaverei gëtt de Sklav als engem anere Mënsch säin Eegentum ugesinn, wéi eng Saach. De Sklav muss all den Uerdere vu sengem Meeschter follegen, an dat vu senger Gebuert oder vun deem Dag un, wou e gefaangen oder kaaft gouf, bis zu sengem Doud oder bis e verkaaft gëtt oder fräigelooss gëtt. De Sklav kann als Besëtz vun engem anere (fräie) Mënsch kaaft, verkaaft, verschenkt, verierft oder verlount ginn.

D'Bild Le marché aux esclaves (1886) vum Gustave Boulanger

Sklaverei konnt ierflech sinn, dat heescht: d'Nokomme vun de Sklave waren automatesch och onfräi.

Ënner Sklaverei versteet een ee "Statut" ënner deem een onfräi ass a stänneg dat maache muss, wat de Besëtzer verlaangt.

Sklaverei war fréier, z. B. an der anticker Welt (am alen Egypten, an de griichesche Stadstaaten, an der réimescher Welt...), an der arabescher Welt oder an den europäesche Kolonien tëscht ~1500 an ~1850, ee wichtege Wirtschaftsfaktor. Haut ass d'Sklaverei zwar iwwerall op der Welt offiziell verbueden, mä an der Praxis gëtt et se nach an enger Rei vun afrikaneschen oder asiatesche Länner.

Literatur (Auswiel) änneren

  • Pierre Branda & Thierry Lentz, Napoléon, l'esclavage et les colonies; Paräis (Fayard), 2006.
  • Seymour Drescher, Abolition: A History of Slavery and Antislavery, Cambridge (Cambridge University Press), 2009 ISBN 978-0521600859.
  • Michel Erpelding, Le droit international antiesclavagiste des "nations civilisées" (1815-1945), Bayonne/Paräis (Institut Universitaire Varenne/LGDJ), 2017 ISBN 978-2-37032-140-4.
  • Murray Gordon, L'esclavage dans le monde arabe, VIIe-XXe siècle; Paräis (Robert Laffont), 1987; 276 S. (Kaarten).
  • Nelly Schmidt, Victor Schoelcher et l'abolition de l'esclavage; Paräis (Fayard), 1994.
  • Klaus Weber, Deutschland, der atlantische Sklavenhandel und die Plantagenwirtschaft der Neuen Welt; in Journal of Modern European History, 7 (2009), Heft 1, Ss. 37-67.
  • Bartholomäus Grill, Wir Herrenmenschen. Unser rassistisches Erbe: Eine Reise in die deutsche Kolonialgeschichte; Siedler Verlag, 2019.

Um Spaweck änneren

Commons: Sklaverei – Biller, Videoen oder Audiodateien