Sociedade Independente de Comunicação

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Sociedade Independente de Comunicação, kuerz: SIC, ("Onofhängeg Kommunikatiounsgesellschaft") ass den éischten a bis elo gréisste privaten Televisiounssender a Portugal. En diffuséiert landeswäit fënnef Programmer iwwer Kabel.

Sociedade Independente de Comunicação
Typ S.A.
Grënnungsdatum 1992
Sëtz Rua Calvet de Magalhães 242,
2770-022 Paço de Arcos
Portugal
Leedung Daniel Oliveira
Branche Medien
Homepage http://sic.pt

Geschicht änneren

Den éischte Kanal SIC huet seng Emissiounen de 6. Oktober 1992 ugefaangen an domat de Monopol vum portugisesche Staatsfernsee Rádio e Televisão de Portugal op en Enn bruecht.

D'Geschicht vu SIC fänkt am Joer 1987 un, wéi d'Societéit zwar registréiert gouf, mee nach keng Emissiounen diffuséiert huet. Am Ufank hate Granada Television (ITV a Groussbritannien) zesumme mat Impala, Expresso a Projornal 20% vum Kapital vun SIC.

Landeswäit kann den Haaptkanal SIC terrestresch fir jidderee fräi empfaange ginn. Déi aner véier SIC-Kanäl (SIC Notícias, SIC Radical, SIC Mulher a SIC International) si just iwwer Kabel oder Satellit am Pay-TV z'empfänken.

Den Haaptprogramm vu SIC setzt sech aus portugiseschen a brasilianeschen Telenovelaen zesummen. Zousätzlech gëtt et dräi Noriichtesendunge pro Dag a verschidden Dokumentatiounen asw. Ausserdeem ginn eng ganz Rëtsch amerikanesch Fernseesendungen a Serië wéi z. B. CSI: Miami mat portugiseschen Ënnertitelen ausgestraalt.

TV-Quoten änneren

TV-Quote vun de leschte Joren:
2008 2009 2010 2011 2012 2013 2014 2015 2016 2017
24,9% 23,4% 23,4% 22,7% 21,8% 21,1%[1] 19,1%[2] 18,7%[2] 17,6% 17,1%[3]

Referenzen änneren

  1. TVI líder incontestável pelo nono ano consecutivo - Mediacapital. www.mediacapital.pt. Gekuckt de(n) 2020-04-27.
  2. 2,0 2,1 Audiências 2015: quem ganhou e quem perdeu - DN. www.dn.pt Archivéiert op 2020-09-28. Gekuckt de(n) 2020-04-27.
  3. IMPRESA Comunicado – Audiências SIC ano 2017 (Live + Vosdal) (.pdf) Archivéiert op 2021-02-06. Gekuckt de(n) 27. Abrëll 2020.