Organisatioun vum Nordatlantik-Traité

militärescht Allianz vun europäeschen an nordamerikanesche Staaten
(Virugeleet vu(n) NATO)

Als NATO (North Atlantic Treaty Organisation, och: Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, op Franséisch l'Organisation du traité de l'Atlantique nord an op Spuenesch Organización del Tratado del Atlántico Norte, ofgekierzt OTAN) gëtt d'Institutioun bezeechent, déi den Nordatlantikvertrag, eng militärescht Allianz vun europäeschen an nordamerikanesche Staaten, ëmsetzt.

North Atlantic Treaty Organization (NATO)
Organisation du traité de l'Atlantique nord (OTAN)

Fändel vun der NATO
Fändel vun der NATO
NATO-Memberen
NATO-Memberen
Generalsekretär Norwegen
Jens Stoltenberg
(zanter 2014)
SACEUR (Supreme Allied Commander Europe)  USA
Christopher G. Cavoli
(zanter 2022)
SACT (Supreme Allied Commander Transformation) Frankräich
General Philippe Lavigne
(zanter 2021)
Grënnung 4. Abrëll 1949
Amtssproochen Englesch
Franséisch
Memberen
Albanien
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Vereenegt Kinnekräich
Holland
Island
Italien
Kanada
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Montenegro
Nordmazedonien
Norwegen
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tierkei
Tschechesch Republik
Ungarn
 USA

Insgesamt: 32

NATO-Haaptquartier Bréissel, Belsch
Websäit www.nato.int
Memberstaate vun der NATO an Europa

De Sëtz vum Nordatlantikrot, dem Haaptorgan vun der NATO, ass zanter 1967 zu Bréissel.

Memberstaaten änneren

Zu de Grënnungsmemberen, déi zanter 1949 an der NATO sinn, zielen d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Island, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Holland, Norwegen, Portugal, d'Vereenegt Staate vun Amerika a Groussbritannien.

Am Joer 1952 sinn d'Tierkei a Griicheland der Organisatioun bäigetrueden, an zanter 1955 ass d'Bundesrepublik Däitschland Member vun der NATO. Spuenien ass der Allianz 1982 bäigetrueden an 1990 huet d'Ausbreedung vum NATO-Vertrag ganz Däitschland mat abezunn.

Am Zuch vun der NATO-Osterweiderung sinn 1999 d'Tschechesch Republik, Polen, Ungarn an 2004 nach Estland, Lettland, Litauen, Bulgarien, Rumänien, d'Slowakei, a Slowenien NATO-Membere ginn. 2009 koumen Albanien a Kroatien dobäi, 2020 Nordmazedonien. 2023 gouf Finnland Member an 2024 Schweden.

Frankräich war, am Kontext vun der gaullistescher Onofhängegkeetspolitik, vun 1966 bis Mäerz 2009 net méi an de Militärstrukture vun der NATO integréiert. Geneesou ware Griicheland an der Zäit vun 1974 bis 1981 a Spuenien vun 1986 bis 1999 aus dëse Strukture kuerzfristeg ausgescheet. E Sonnerfall ass Island, dat keng eegen Arméi huet a sech dofir awer zu medezinescher Hëllefsleeschtung verflicht huet.

Inhalt vum Nordatlantik-Traité änneren

Den eigentlechen Nordatlantik-Traité gesäit eng Defensivallianz ouni automatesch militäresch Bäistandsflicht vun de Membere vir. Déi éischt Artikele vum Traité verflichten d'Memberen zur friddlecher Konfliktbäileeung a frëndschaftlecher Gestaltung vun internationale Relatiounen. Och d'Erhale vun der westlech-liberaler Gesellschaftsuerdnung mat politescher, ekonomescher, sozialer a kultureller Zesummenaarbecht an Unerkennung vun demokratesche Prinzipien ass Bestanddeel dovun.

Fir de Fall vun engem bewaffenten Ugrëff op ee vun den NATO-Staate verflicht den Traité déi aner Memberen zu der sougenannter kollektiver Selbstverdeedegung.

Fir d'Ëmsetze vun den duerch den Traité virgeschriwwene Mechanismen a Verflichtungen ass d'Grënnung vun der Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, aus dem Nordatlantikrot an den nogelagerte Stellen, virgesinn.

Opbau an Organer änneren

 
Nato-Sommet 2002.

D'NATO ass eng méistufeg a komplex Organisatioun, déi souwuel militäresch wéi och zivil Verwaltungsstrukturen huet. All Entscheedunge bannent der Organisatioun ginn nom Konsensprinzip getraff.

Den ieweschte Gremium vun der NATO ass den Nordatlantikrot mat Sëtz zu Bréissel, déi eenzeg Institutioun vun der NATO, déi explizit am Nordatlantik-Traité genannt gëtt. Dëse befaasst sech mat alle Beräicher vun der Büdnispolitik – mat Ausnam vun der Verdeedegungsplanung an der Nuklearpolitik.

Den Nordatlantikrot kënnt wéinstens eemol pro Woch um Niveau vun de permanente Vertrieder, den Ambassadeure vun alle Member-Staaten zesummen, all halleft Joer um Niveau vun den Aussen- a Verdeedegungsministeren an all dräi Joer um Niveau vun de Staats- a Regierungsministeren. Autoritéit an Entscheedungsbefugnisser sinn awer onofhängeg vum Niveau, an de Rot huet ëmmer de selwechte Stellewäert an déi selwecht Gëltegkeet.

Leedent Exekutivorgan ass de Generalsekretär, dee vun de Regierunge vun de Member-Staaten ernannt gëtt. Hien ass President vum Nordatlantikrot a vun allen aneren héichrangege Comitéen, a verantwortlech fir d'Fërderung an d'Steiere vum Konsultatiouns- an Entscheedungsfindungsprozess an der Allianz. Aktuelle Generalsekretär ass zanter dem Januar Norweger Jens Stoltenberg.

Déi wichtegst Comitéë sinn de Verdeedegungsplanungscomité an d'Nuklear Planungsgrupp, déi all halleft Joer um Niveau vun de Verdeedegungsministere beienee kommen.

De Militärausschoss ass den ieweschte militäresche Gremium vun der NATO. En ënnersteet dem Nordatlantikrot, dem Verdeedegungsplanungsausschoss souwéi der Nuklearer Planungsgrupp a beréit déi a Froe vun der Militärpolitik a -strategie. En trëfft sech eemol an der Woch um Niveau vun den nationale militäresche Vertrieder, souwéi dräimol d'Joer um Niveau vun den État-majoren.

Aufgaben änneren

D'Ziler déi am Nordatlantik-Traité formuléiert sinn, hu sech am Laf vum sengem Bestoen net geännert an den Traité u sech ass a sengem Wuertlaut zanter 1949 onverännert. Allerdéngs goufen d'Aufgabe vun der NATO u verännert sécherheetspolitesch Situatiounen ugepasst a ginn aktuell anescht interpretéiert.

Wärend der Zäit vum Kale Krich huet d'Haaptaufgab vun der NATO dora bestanen, d'Fräiheet an d'Sécherheet vun de Member-Staaten duerch Ofschreckung, Oprëschtung a stänneg Ofwierbereetschaft ze garantéieren.

D'Vereenegung vun Däitschland, den Zerfall vum Warschauer Pakt a vun der UdSSR grad ewéi d'Demokratiséierung vun den Ostblock-Länner waren d'Ausléiser vun enger grondleeënder Ännerung vum sécherheetspoliteschen Ëmfeld an Europa.

D'Aufgabe vun der NATO goufen un déi nei Lag ugepasst a sou wéi et am Nordatlantik-Traité virgesinn ass, sinn d'Ofschreckung a Verdeedegung zwar Haaptaufgabe bliwwen, an dach sinn s'éischter an den Hannergrond geréckelt. Et gouf méi op Dialog an Zesummenaarbecht mat den ‘ale Géigner’ gesat a verschidde Partnerschaftsprogrammer si schliisslech op d'NATO-Osterweiderung erauskomm.

Um Washingtoner Sommet de 24. Abrëll 1999 gouf dat däerzäitegt strateegescht Konzept ugeholl. Et beschreift Ziler an Aufgaben, analyséiert d'sécherheetspolitesch Lag a leet dovu strateegesch Perspektiven an Aufgaben of. Duerch d'Bestoen an Stäerkung vun der transatlantescher Bindung soll eng méiglechst enk transatlantesch Bindung d'Sécherheet vun Europa an Nordamerika verknäppen. Mam Oprechterhalen a Weiderentwécklung vun effektive militäresche Fäegkeete gëtt d'Verdeedegungsbereetschaft vun de Member-Staate séchergestallt. Wichtegst Ännerung ass awer d'Feststellung, datt fir Konfliktverhënnerung an d'Krisebewältegung och militäresch Operatioune “baussent dem NATO-Gebitt” zur prophylaktescher Geforenofwier méiglech si sollen (soug. „Out-of-Area-Asäz“). Des Weidere behält sech d'NATO vir, och ouni Mandat vun der UNO a Krisegebidder ze intervenéieren (soug. Out-of-United-Nations-Asäz“, kuckt Kosovo 1998). NATO-Agrëffer an international Konflikter, bei deene kee Member-Staat onmëttelbar als Konfliktpartei bedeelegt ass, ginn iwwer den urspréngleche Verdeedegungsoptrag eraus a ginn dohier och dacks als „Out-of-defense-Asäz” bezeechent.

Geschicht an Entwécklung änneren

Virgeschicht änneren

Nom Enn vum 2. Weltkrich goufe séier d'Géigesätz tëscht de fréieren Alliéierten, der UdSSR op der enger an de westleche Gewënnermuechte Groussbritannien an den USA, geneesou wéi Frankräich op där anerer Säit, offekënneg. Zanter dem Bréisseler Vertrag vum 17. Mäerz 1948 hu sech déi westeuropäesch Länner wéi Frankräich, Groussbritannien, Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg zu enger Allianz fir wirtschaftlech, sozial a kulturell Zesummenaarbecht souwéi fir d'kollektiv Eegeverdeedegung zesumme gedoen. Nach wärend dëser Allianz, gouf mat der Berliner Blockad an dem Prager Fréijoer d'Siicht op d'sowjetesch Expansioun geleet.

An der weiderer Entwécklung koum et amplaz zu enger eesäiteger Garantie vun den USA fir déi europäesch Alliéiert aus dem Zweete Weltkrich zu engem wiesselsäitegen Ofkommes, dem Nordatlantik-Traité, deen de 4. Abrëll 1949 vun de Grënnungsmemberen ënnerschriwwe gouf, an de 24. August dat selwecht Joer a Kraaft getrueden ass.

Entwécklung vun 1949 bis 1989 änneren

An den éischte Jore steet d'Gemeinschaft ënner dem Androck vun der Berliner Blockad an dem Koreakrich; als Grondsaz gëllt an dëser Zäit d'Ofwier vun engem Ugrëff duerch d'Rout Arméi méiglechst wäit am Osten.

Duerch d'Ënnerzeechnung vun de Paräisser Traitéen am Joer 1954 gouf d'Bundesrepublik Däitschland zum Bäitrëtt agelueden an de 6. Mee 1955 Member an der NATO.

Den 19. Mee 1955 gëtt wéinst dem Bäitrëtt vun der BRD an d'NATO de Warschauer Traité gegrënnt.

Bei de Walen am Dezember 1965 gëtt a Frankräich de President Charles de Gaulle a sengem Amt bestätegt an huet mat enger Ännerung vu senger Verdeedegungspolitik ugefaangen. Mat der éischter franséischer Atomdetonatioun den 13. Februar 1960 ass d'Land an de Krees vun den Nuklearmuechte getrueden. Zanterhier war d'Selbstbewosstsinn vun der "Grande Nation" stänneg gewuess, déi zum Deel demütegend Behandlung duerch d'Alliéiert wärend dem Zweete Weltkrich erëm an d'Erënnerung zeréckgeruff ginn. Sou huet den de Gaulle, deen déi undauernd Dominanz vun den USA an der NATO net akzeptéiere wollt, verlaangt datt déi alliéiert Truppen (US-Amerikaner a Kanadier), déi a Frankräich stationéiert waren, ënner franséische Kommando komme sollten. Dat huet d'US Regierung awer aus dem bekannte Prinzip refuséiert. Dowéinst huet de franséische President am Februar 1966 den Ofzuch vun den alliéierten Truppen a vun den NATO-Haaptquartéiere gefuerdert, mat der Begrënnung, „Frankräich géif elo déi voll Ausübung vu senger Souveränitéit ustriewen, déi duerch d'Stationéiere vu frieme Sträitkräften op sengem Buedem net garantéiert wier“, an huet gläichzäiteg de Réckzuch vu sengen Truppen aus der militärescher Integratioun vun der NATO erkläert. 30.000 friem Zaldoten hu Frankräich verloosse missen, de SHAPE gouf op Casteau an d'Belsch, d'EUCOM op Stuttgart an d'AFCENT op Brunssum an Holland verluecht. De 16. Oktober 1966 hunn d'Membere vum NATO-Rot op Drock vun den USA och eestëmmeg d'Deplacement vun hirem ieweschte politeschen Organ op Bréissel decidéiert. Dat hat den de Gaulle net gefuerdert.

Bis 1966 gëtt d'Strategie vun der massiver Vergeltung verfollegt; als Reaktioun op den Ofbau vum sowjeteschen Atomwaffepotential gëllt d'Premisse: Fir all ofgeschoss Sowjetesch-Rakéit äntwert d'NATO mat villfachen eegenen Atomrakéiten, déi op d'Sowjetunioun ofgeschoss ginn.

Wéinst dem 1967 verëffentlechten Harmel-Bericht kënnt d'Strategie vun der ofgestuufter Reaktioun (Flexible Response) zur Uwennung. Och fir d'Verréngerung vun nukleare Risike gëllt net méi de Motto vun der massiver Vergeltung, mä d'NATO besënnt sech op hir konventionell Sträitkräften an déi nei entwéckelt taktesch Nuklearwaffen. An de Joren duerno baut d'NATO en neit Selbstverständnes op: D'Triade vu konventionellen, taktesch-nuklearen a strateegesch-nukleare Potentialer an d'Motto Sécherheet = Verdeedegung an Entspanung, féieren zu neien Usätz tëscht der NATO an dem Warschauer Pakt.

Den 1. August 1975 gouf de KSZE-Schlussakt ënnerschriwwen, deen en éischte Schrëtt zu partnerschaftlecher a friddlecher Zesummenaarbecht an Europa duerstellt.

Den NATO-Duebelbeschloss aus dem Joer 1979 ass bis haut ëmstridden, well Norëschtung vu Mëttelstreckerakéiten an Europa an déi gläichzäiteg Verhandlungsoffer un d'UdSSR féieren net direkt zur erhoffter Entspanung. Den Duebelbeschloss gouf vu Friddensaktivisten a ganz Europa wärend den Ouschtermärsch schaarf kritiséiert. Op dës erneit Wettrëschten den Zesummebroch vum Ostblock matverursaacht huet oder op dës Länner och sou virum wirtschaftlechen Kollaps stoungen, ass bis haut ëmstridden.

Entwécklung vun 1990 bis 1999 änneren

Mat de friddleche „Volleksrevolutiounen” um Gebitt vum Warschauer Pakt ass d'Haaptbedreeung fir d'NATO-Staaten ewechgefall. An der Iwwergangszäit duerno sinn nei Iddien a Strukturen entstanen, wéi zum Beispill d'Partnerschaft fir de Fridden. Mat dësem Programm deen 1994 zu Bréissel ausgehandelt gouf, huet d'NATO interesséierte mëttel- an osteuropäesche Staaten Zesummenaarbecht a militäreschen a sécherheetspolitesche Froen an am Hibléck op eng Bäitrëttsperspektiv opgemaach. Doraus ass bei engem Sommet 1997 zu Madrid d'Invitatioun fir den NATO-Bäitrëtt vu Polen, Ungarn an der Tschechescher Republik erfollegt.

1997 ass och zu Paräis d'Grondakt mat Russland vereenbart ginn, déi en Enn vun der Géignerschaft vun NATO a Russland virgesinn huet. Intern gouf beschloss, d'NATO vun enger militärescher an eng méi politesch Organisatioun ëmzewandelen.

Zu den „neien Iddien“ zielt och déi 1992 vun der NATO vereenbaart Bereetschaft dir d'„Out-of-Area-Asätz“. No der Ermächtegung vum UN-Sécherheetsrot ware vun do un och Asätz baussent dem NATO-Territoire méiglech, zum Beispill a Jugoslawien oder an Afghanistan.

Fir séier kënnen a Krisegebidder z'intervenéieren, well d'Iddi vun de bipolare Bedreeungsgedanken net méi gi war, a well méi eng grouss Flexibilitéit néideg war, koum et zum Ëmbau an de Féierungsniveauen an den institutionellen Opbaute vun der NATO an zu der Grënnung vun enger Reaktiounstrupp (d'NATO Response Force, NRF) mat Land-, Loft- an Séi-Sträitkräfte fir séier Asätz.

D'Folleg vun dësem Beschloss waren déi aktiv Krichsasätz vun der NATO mat de Loftugrëffer géint Jugoslawien wärend dem Kosovo-Krich.

Entwécklung zanter 1999 änneren

 
Konferenz vun de Verdeedegungsministeren zu Nice, 2005

Der Gefor duerch den internationalen Terrorismus zanter dem 11. September 2001 huet d'NATO nach wéineg entgéintzesetzen gehat. Traditionell huet sech d'Organisatioun als eng Allianz vu Staate géint d'Ugrëffer vun anere Staate verstanen. Domat gouf et schwéier dësen Terrorugrëff – dee vu wéinegen extremistesche Persounen ouni Krichserklärung vun engem ugräifende Land gemaach gouf – anzeuerdnen.

Obwuel d'Memberen am Ugrëff op den World Trade Center e bewaffenten Ugrëff gesinn hunn, deen den Allianzfall ausgeléist huet, sou koum et zu deelweis ënnerschiddlechen Aschätzungen, wat fir Konsequenzen ze zéie wieren.

D'USA a Groussbritannien hu vun de Vereenten Natiounen d'Ermächtegung fir en Ugrëff op den Irak gefuerdert, mä dëst gouf vun den aneren NATO-Memberstaaten (ë. a. Frankräich an Däitschland), déi am UN-Sécherheetsrot vertruede waren, refuséiert.

Am Kader vun de Virbereedunge vun den Irak-Invasiounspläng vun den USA koum et dann an der NATO zu enger schwéierer Kris: Bei der Fro, ob der Tierkei preventiv Ofwiersystemer (däitsch Patriot-Loftofwierrakéiten) bereet gestallt solle ginn, datt se sech, am Fall vun engem Ugrëff op den Irak, géint eventuell Géigen-Ugrëffer verdeedege kéint, hu Frankräich an d'Belsch e Veto ageluecht. Däitschland huet sech dem Veto spéider ugeschloss (dëst allerdéngs eréischt no Fristoflaf, reng formell gesinn ass dëse Veto dofir ongëlteg, politesch war et allerdéngs dofir net manner brisant). Dëst huet zu enger Verstäerkung vun den transatlantesche Verstëmmunge gefouert, déi et scho virdrun, tëscht dëse Länner a Russland op der enger Säit an den USA a Groussbritannien op der anerer Säit gouf. Onkloer ass, wéi sech dëse Rëss duerch d'Allianz op seng laangfristeg Perspektiv, als aus Siicht vun den USA relevant Militärallianz, auswierkt.

Den 2. Abrëll 2004 sinn Estland, Lettland, Litauen, der Slowakei, Slowenien, Bulgarien a Rumänien der NATO bäigetrueden.

Den 1. Abrëll 2009 goufen Albanien a Kroatien Member.

De 27. Mäerz 2020 gouf Nordmazedonien Member.

De 4. Abrëll 2023 gouf Finnland Member.

De 7. Mäerz 2024 gouf Schwede Member.

Generalsekretären
Numm Land Zäitraum
1 Hastings Lionel Ismay   Vereenegt Kinnekräich 4. Abrëll 195216. Mee 1957
2 Paul-Henri Spaak   Belsch 16. Mee 195721. Abrëll 1961
3 Dirk Stikker   Holland 21. Abrëll 19611. August 1964
4 Manlio Giovanni Brosio   Italien 1. August 19641. Oktober 1971
5 Joseph Luns   Holland 1. Oktober 197125. Juni 1984
6 Peter Carington   Vereenegt Kinnekräich 25. Juni 19841. Juli 1988
7 Manfred Wörner   Däitschland 1. Juli 198813. August 1994
- Sergio Balanzino   Italien 13. August 199417. Oktober 1994

(nëmme kommissaresch)

8 Willy Claes   Belsch 17. Oktober 199420. Oktober 1995
- Sergio Balanzino   Italien 20. Oktober 19955. Dezember 1995

(nëmme kommissaresch)

9 Javier Solana   Spuenien 5. Dezember 19956. Oktober 1999
10 George Robertson   Vereenegt Kinnekräich 14. Oktober 19991. Januar 2004
- Alessandro Minuto-Rizzo   Italien 17. Dezember 2003 - 31. Dezember 2003

(nëmme kommissaresch)

11 Jaap de Hoop Scheffer   Holland 1. Januar 200431. Juli 2009
12 Anders Fogh Rasmussen   Dänemark 1. August 2009 - 30. September 2014
13 Jens Stoltenberg   Norwegen zanter dem 1. Oktober 2014

Lëtzebuerg an der NATO änneren

Geschicht änneren

No der Ofschafung vum obligatoresche Militärdéngscht am Joer 1967, nodeem de “GTR” (Groupement tactique régimentaire, 1954-1959) an d'“Bataillon d'Artillerie” (1959-1967) an déi ”8. US-Infanterie Divisioun” déi zu Baumholder stationéiert war, integréiert ginn ass, ass doraus dat ”1. NATO Infanterie-Batailloun” entstanen. Dëst Batailloun, dat vum CIM (Centre d'Instruction Militaire) opbruecht ginn ass, huet sech zesummegesat aus enger Kommando- a Service-Unitéit, zwou Infanterieskompanien an enger Opklärkompanie, d. h. am Ganzen 366 Fräiwëlleger a Kader. Zanter 1968 ass dëst Batailloun en Deel vun der “ACE Mobile Force (LAND)” kuerz AMF(L) vun der NATO an huet am September 1969 fir d'éischt un engem Manöver an Dänemark deelgeholl. An de Joren duerno goufen ëmmer nees AMF-Manöveren an Dänemark, an Nordnorwegen an der Géigend vum Loftstëtzpunkt Bardufoss, an Nordostgriicheland an an der Westtierkei gemaach.

D'AMF (L) war eng multinational, konventionell a mobil Sträitkraaft, déi direkt beim Optriede vu bewaffente Konfliktsymptomer an der bedreeter Regioun agesat konnt ginn. Dës Sträitkraaft huet dofir éischter eng, mat geziilt ofschreckender Wierkung, politesch Roll gespillt. Dës Roll kéint een als e “Show the Flag” bezeechnen. Am Joer 2002 huet d'AMF(L) sech opgeléist.

Aktuell änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 
Militär-Transportfliger A400M

Zanter 1996 hëlt d'Lëtzebuerger Arméi un ënnerschiddlechen Operatioune vun der NATO deel, wéi SFOR, KFOR oder ISAF. Lëtzebuerg bedeelegt sech och bei multinationale Programmer wéi den A400M (Airbus Militär-Transportfliger).

D'Lëtzebuerger Arméi ass reegelméisseg mat Sträitkräften un der Schnell-Reaktiouns Initiativ, dem Readiness Action Plan RAP vun der NATO, der NATO Response Force NRF an der neier Very High Readiness Joint Task Force VJTF bedeelegt.[1]

D'NSPA, e logistesche Stëtzpunkt vun der NATO, besteet zanter 1958 zu Lëtzebuerg mat Sëtz zu Capellen.

Literatur änneren

  • Johannes Varwick / Wichard Woyke (Hg.), Die Zukunft der NATO. Transatlantische Sicherheit im Wandel. Opladen: Leske und Budrich 2000.
  • Johannes Varwick (Hg.), Die Beziehungen zwischen NATO und EU. Leverkusen: Budrich 2005.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Organisatioun vum Nordatlantik-Traité – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. La contribution OTAN. armee.lu Gearchiveerd op 16 December 2021. Gekuckt de(n) 30 November 2021.