D'Algarve, oder eigentlech den Algarve, war fréier en eegent Kinnekräich. Zanter der Mëtt vun den 1960er Joren ass et eng Regioun am Süde vu Portugal, déi wéinst hirer Landschaft vun alle portugisesche Regiounen am stäerksten touristesch entwéckelt gouf.

Kaart mat der Lag vun der Algarve

Geographie änneren

D'Algarve grenzt am Norden un d'Regioun Alentejo, am Westen a Süden un den Atlantik. Am Osten ass et de Rio Guadiana dee Portugal vu Spuenien trennt. D'Küst vun der Algarve verleeft iwwer 155 km vun Osten no Westen, an dann nach zousätzlech 52 km no Norden.

Vun der spuenescher Grenz bis op Faro ass d'Küst flaach, vu Faro bis op de Cabo de São Vicente bei Sagres, dem südwestlechste Punkt vun Europa, schléisse géi Fielse mat Sandbuchten a ville Grotten d'Land zum Atlantik hin of. An der Serra de Monchique ass den héchste Punkt vun der Algarve.

Den administrativen Zentrum an Distrikthaaptstad vun der Regioun ass Faro, mat dem internationale Fluchhafen Aeroporto Internacional de Faro. Aner Stied an der Algarve si Sagres, Lagos a Portimão, eng Hafestad, wou vill Croisièreschëffer uleeën oder ankeren. Sagres soll, wéinst senger exponéierter geographescher Positioun um südwestleche Wutz vu Portugal den Ausgangspunkt vun de Reese gewiescht sinn, déi den Heinrich de Seefuerer organiséiert huet.

Gréisst Gemengen (Vollekszielung 2001) änneren

 
Fielsküst bei Carvoeiro
Gemeng Awunner
Faro 40.355
Portimão 35.857
Olhão 28.019
Loulé 21.009
Lagos 17.355
Quarteira 16.131
Albufeira 15.721
Tavira 13.112
Silves 10.851
Vila Real de Santo António 10.523
São Brás de Alportel 10.022

Plazen, déi vun Touriste besonnesch besicht sinn: änneren

Geschicht änneren

Tourismus a Kuckeswäertes änneren

Op de 4.960 km² wunnen nëmmen 395.208 (2001) Awunner stänneg, d'Bevëlkerung kann awer an de Summerméint dräimol sou héich sinn, wann d'Gäscht vu bausse sech do néierloossen.

D'Algarve ass bekannt fir hir vill schéi Plagë mat rengem Sand an deelweis komesch a monumental Fielsformatiounen an der westlecher Küstegéigend. Well et sou vill Golfterraine gëtt, déi dacks bis und déi géi Fielse reechen, ass d'Algarve bei de Golf-Sportler ganz beléift.

Déi heite Reschter vu réimesche Villaen a soss archeologesch Plazen am Hannerland si kuckeswäert:

  • Abicada, réimesch Villa
  • Alcalar, d'Megalith-Nekropol mat restauréierten Anlagen (Alcalar VII)
  • Milreu-Estói, réimesch Villa
  • Silves, d'Buerg, d'réimesch Bréck an de Musée
  • Vilamoura, réimesch Villa

De südwestlechste Wutz vun Europa um Cabo de São Vicente, net wäit vun der Stad Sagres, gouf fréier als d'"Enn vun der Welt" betruecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Algarve – Biller, Videoen oder Audiodateien