Haaptmenü opmaachen
Monarchie constitutionnelle en 2007
Legend:
  • Rout: Konstitutionell Monarchie mat engem Parlament
  • Mof: Konstitutionell Monarchie mat enger méi oder manner grousser politescher Roll
  • Beige: Strikt konstitutionell Monarchie (nëmmen Thailand)

Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkannt huet, mä wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Konstitutioun limitéiert ass.

Déi modern konstitutionell Monarchië si meeschtens parlamentaresch Monarchie mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëlt e Premier Minister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt, déi Roll.

De Monarch, deen onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Konstitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mä och als Symbol vun der historescher Kontinuitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Intressen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz [1]. De parlamentaresche Monarch regéiert, mä gouvernéiert net, oder fir et mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:

Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.

De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi et an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mä och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.

D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolutte Monarchië vum Enn vum Mëttelalter, wéi de Monarch a säi Gouvernement d'Autoritéit haten. Duerch d'Entwécklung vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht op Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.

An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.

Verschidde Konstitutioune schléissen allerdéngs eng Participatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.

Konstitutionell Monarchien an der WeltÄnneren

Staat Zanter der
Konstitutioun vun
Typ Wal vum Monarch
  Andorra 1993 Coprincipautéit Bëschof vu La Seu d'Urgell a President vun der franséischer Republik
  Antigua a Barbuda 1981 Kinnekräich Ierflech
  Australien 1901 Kinnekräich Ierflech
  Bahamas 1973 Kinnekräich Ierflech
  Bahrain 2002 Kinnekräich Ierflech
  Barbados 1966 Kinnekräich Ierflech
  Belsch 1831 Kinnekräich Ierflech
  Belize 1981 Kinnekräich Ierflech
  Kambodscha 1993 Walmonarchie Gewielt vun den néng Membere vum Trounrot
  Kanada 1867 Kinnekräich Ierflech
  Dänemark 1849 Kinnekräich Ierflech
  Vereenegt Arabesch Emiraten 1971 Walmonarchie Gewielt vun de siwen Emiren
  Spuenien 1978 Kinnekräich Ierflech
  Grenada 1974 Kinnekräich Ierflech
  Salomonen 1978 Kinnekräich Ierflech
  Jamaika 1962 Kinnekräich Ierflech
  Japan 1946 Keeserräich Ierflech
  Jordanien 1952 Kinnekräich Ierflech
  Kuwait 1962 Emirat Ierflech, mat der Zoustëmmung vun der Famill Al-Sabah an der Majoritéit vun der Nationalversammlung
  Lesotho 1993 Kinnekräich Ierflech mat der Zoustëmmung vum Cheffekollegium
  Liechtenstein 1862 Principautéit Ierflech
  Lëtzebuerg 1868 Groussherzogtum Ierflech
  Malaysia 1957 Walmonarchie Gewielt vun den néng Sultane vun de malaiesche Staaten
  Monaco 1911 Principautéit Ierflech
  Marokko 1962 Kinnekräich Ierflech
   Nepal 1991 Kinnekräich Ierflech
  Neiséiland 1840 Kinnekräich Ierflech
  Norwegen 1814 Kinnekräich Ierflech
  Papua-Neiguinea 1975 Kinnekräich Ierflech
  Holland 1815 Kinnekräich Ierflech
  Vereenegt Kinnekräich 1688 Kinnekräich Ierflech
  Saint Kitts an Nevis 1983 Kinnekräich Ierflech
  Saint Lucia 1979 Kinnekräich Ierflech
  Saint Vincent an d'Grenadinnen 1979 Kinnekräich Ierflech
  Schweden 1719 Kinnekräich Ierflech
  Thailand 1997 Kinnekräich Ierflech
  Tonga 1970 Kinnekräich Ierflech
  Tuvalu 1978 Kinnekräich Ierflech

Eeler konstitutionell MonarchienÄnneren

Verschidde Länner haten och de Versuch vun enger konstitutioneller Monarchie gewot, allerdéngs si si spéider nees zum republikanesche System zréckkomm:

Referenzen an NottenÄnneren