Luís Vaz de Camões

(Virugeleet vu(n) Luís de Camões)

De Luís Vaz de Camões, gebuer 1524 oder 1525 zu Coimbra oder zu Lissabon a gestuerwen den 10. Juni 1580 zu Lissabon, war e bedeitende portugiseschen Auteur.

Luís Vaz de Camões
Gebuer Dezember 1524 jul.
Lissabon
Gestuerwen 10. Juni 1580 jul.
Lissabon
Aktivitéit Dichter, Dramatiker, Schrëftsteller, Militär
Famill
Papp Simão Vaz de Camões
Mamm Ana de Sá de Macedo
Büst vum Luís Vaz de Camões op der Place Joseph Thorn zu Märel

Säin Eepos „Os Lusíadas“ ass e representatiivt Wierk vun der Renaissance. Et erzielt am Stil vun engem klasseschen Eepos, wéi de Vasco da Gama de Séiwee fir an Indien entdeckt huet, seng Reess laanscht déi afrikanesch Ostküst, ronderëm de Kap vun der Gudder Hoffnung a bis op Calicut an Indien.

De Camões zielt iwwerdeems zu de brillanten europäesche Lyriker. Als Dramaturg am Portugal vun der Renaissance a vum 16. Joerhonnert gëtt hien zesumme mam Gil Vicente, António Ribeiro an António Ferreira genannt. Hie gëllt als portugiseschen Nationaldichter a säin Doudesdag, den 10. Juni, ass de portugiseschen Nationalfeierdag.

De Camões zu Lëtzebuerg änneren

Am Joer 2006 huet d'Associatioun Santa Casa da Misericórdia do Luxemburgo zesumme mat der Portugisesch-Lëtzebuerger Industrie- an Handelskummer der Stad Lëtzebuerg eng Statu vum Dichter geschenkt. Ursprénglech stoung se zu Bouneweg, um Eck vun der Bouneweger-Strooss mat der Rue du Puits a gouf am Juni 2016 op Märel, op d'Place Joseph Thorn geréckelt. Fir de portugiseschen Nationalfeierdag gëtt do all Joer eng Gerbe néiergeluecht.

Wierker änneren

  • El-Rei Seleuco (1545)
  • Os Lusíadas (1572)
  • Anfitriões (1587)
  • Filodemo

Um Spaweck änneren

Commons: Luís de Camões – Biller, Videoen oder Audiodateien