Mandelbam
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstbam. Fir lymphateschen Organen, kuckt wgl. Mandelen (Anatomie). |
De Mandelbam (Prunus dulcis) ass en Uebstbam aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.[1] D'Aart gouf 1768 vum brittesche Biolog Philip Miller fir d'éischt beschriwwen.[2]
E Mandelbam an der Bléi | |
An anere Sproochen |
fr: amandier de: Mandelbaum |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Rosopsida |
Uerdnung | Rosales |
Famill | Rosaceae |
Ënnerfamill | Rosoideae |
Gattung | Prunus |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Prunus dulcis | |
(Mill.) D.A. Webb, 1967 | |
D'Mandelbeem kommen ursprénglech aus Zentral- a Südwestasien an Nordafrika.[3] 2007 hunn d'USA zirka 1.043.000 t Mandele produzéiert (déi 1. Plaz).[4]
Et ass e Lafholzbamm de seng Blieder am Wanter verléiert. D'Blieder sinn donkelgréng, 8 bis 12 cm laang, lanzettefërmeg gespëtzt, mat ganz klengen Zänn um Bord a se si liicht blénkeg. D'Bléie sti schosselfëmerg um blanken Aascht, a bilden eng Coupe vu bis zu 5 cm Duerchmiesser. Se kënnen eenzel sinn oder duebel a si rosa oder wäiss. D'Varitéit Roseplena huet nemmen duebel a rosa Bléien. D'Fruucht ass 4 – 6 cm laang, eefërmeg, mat enger samettgrénger Haut, mat bannendran enger iessbarer Mandel.
D'Mandel enthält vill Vitaminn E, Proteinnen, Lipiden, Mineraler (Kalzium, Eisen, Zénk, Magnesium, Phosphor a Kalium). Den Nierwäert vun 100 g läit bei 579 kcal.[5]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Mandel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 13.07.2015. Gekuckt de(n) 21.06.2017.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 02.01.2020. Gekuckt de(n) 21.06.2017.
- ↑ http://www.nts-lib.ru/Online/bio/almond.html
- ↑ https://top5ofanything.com/list/c55f4b2b/Almond-Producing-Countries
- ↑ https://ndb.nal.usda.gov/ndb/foods/show/3635?fg=&manu=&lfacet=&format=&count=&max=50&offset=&sort=default&order=asc&qlookup=almond&ds=Standard+Reference&qt=&qp=&qa=&qn=&q=&ing=