Lëscht vun de Staate vun der Welt

Wikimedia-Lëschtenartikel

Dës Lëscht vun de Staate vun der Welt ass en Deel vun de Referenztabellen a weist déi aktuell 205 Länner vun der Welt mam kompletten Numm, der Memberschaft an der Europäescher Unioun, der Haaptstad, der Bevëlkerung an der Fläch. Se begräift:

  • 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen (VN),
  • 2 net-Memberen: Palestina an d'Vatikanstad, déi awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) hunn,
  • 10 Staaten, Natiounen, Länner oder Gebidder, deenen hir Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Weltkaart mat alle Staate vun der Welt

Bemierkungen

änneren

Staaten

änneren

De Vereenten Natiounen no, hunn aktuell 195 Länner de Statut fir vëlkerrechtlech als „Staat“ unerkannt ze ginn: déi 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen, den Hellege Stull (Vatikanstad) a Palestina. Fir zéng aner Territoiren ass de Statut ëmstridden, woubäi zwee vun dëse Gebidder sech an enger fräier Associatioun mat engem anere Staat autonom verwalten (d'Cookinselen an Niue mat Neiséiland).

Haaptstied

änneren

A verschiddene Länner sinn d'Haaptstad an de Regierungssëtz getrennt, wéi z. B. an Holland: Amsterdam ass de jure d'Haaptstad, awer de Regierungssëtz ass de facto zu Den Haag. Eng änlech Situatioun gëtt et op der Côte d'Ivoire, wou Yamoussoukro zënter Mäerz 1983 offiziell d'Haaptstad ass, déi meescht Regierungsbüroen an Ambassaden awer nach ëmmer an der fréierer Haaptstad Abidjan sinn, wat domat de facto de Regierungssëtz an de politeschen Zentrum vum Land bleift.

Aner Staaten hunn nëmmen eng de facto Haaptstad: Monaco, Nauru, d'Schwäiz, Singapur a Vatikanstad hu keng de jure Haaptstad.

D'Situatioun am Jemen ass problematesch. Sanaa ass de jure d'Haaptstad; nodeems d'Stad 2015 vun den Houthi-Rebellen besat gouf, ass den deemolege President op Aden geflücht an huet d'Stad zur interim-Haaptstad erkläert.

Och an Israel ass d'Situatioun komplizéiert. Iwwerdeems Israel dat nees vereenegt Jerusalem zënter 1980 als Haaptstad bezeechent (Jerusalemgesetz), huelen déi meescht Staaten d'Ausdeenung vun de Stadgrenze bis op Ostjerusalem net un an dofir sinn déi meescht auslännesch Ambassaden zu Tel Aviv. D'Parlament an d'Regierung hunn hire Sëtz awer zu Jerusalem.

Palestina bezeechent Ostjerusalem als seng Haaptstad, Ramallah ass awer de Sëtz vun der Regierung.

A Japan dogéint gëtt et eng Partikularitéit: d'Stad Tokio gouf 1943 opgeléist, an d'Haaptstadfunktioun ass vun den 23 Quartiere vun Tokio - déi als onofhängeg Stied ugesi ginn - iwwerholl ginn. Do dernieft ass et net kloer, ob Tokio och déi de jure d'Haaptstad ass, well d'Haaptstad ni explizitt oder offiziell vu Kyōto op Tokio gouf.

Awunnerzuelen

änneren

D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.

Fir déi jeeweileg Fläche matenee vergläichen ze kënnen, gouf eenheetlech d'CIA World Factbook benotzt. Wann déi Donnéeën net disponibel war, ass déi spezifesch Quell uginn.

Lëscht vun de Staaten

änneren
Lëscht vun de Staate vun der Welt (Stand: Juli 2025)
Nr Staat oder Territoire EU Offizielle Staatsnumm Haaptstad Fläch [km²][1] Awunner Bemierkung
  Abchasien Republik Abchasien Sochumi 4.163[2] 240.000 kee Member vun de VN
1   Afghanistan Islamescht Emirat Afghanistan Kabul 652.230 42.647.492
2   Albanien Republik Albanien Tirana 28.748 2.791.765
3   Algerien Demokratesch Volleksrepublik Algerien Algier 2.381.740 46.814.308
4   Andorra Fürstentum Andorra Andorra la Vella 468 81.938
5   Angola Republik Angola Luanda 1.247.000 37.885.849
6   Antigua a Barbuda Antigua a Barbuda Saint John's 441[3] 93.772
7   Argentinien Argentinesch Republik Buenos Aires 2.780.400 45.696.159
8   Armenien Republik Armenien Jerewan 29.743 2.973.840 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Pakistan)
9   Aserbaidjan Republik Aserbaidschan Baku 10.336.577 86.600
10   Australien Australien Canberra 7.692.000 26.713.205
11   Bahamas Bahamas Nassau 13.880 401.283
12   Bahrain Kinnekräich Bahrain Manama 760 1.607.049
13   Bangladesch Volleksrepublik Bangladesch Dhaka 148.460 173.562.364
14   Barbados Barbados Bridgetown 430 282.467
15   Belize Belize Belmopan 22.996 417.072
16   Belsch   Kinnekräich Belsch Bréissel 30.528 11.738.763
17   Benin Republik Benin Porto Novo 112.622 14.462.724
18   Bhutan Kinnekräich Bhutan Thimphu 38.394 791.524
19   Bolivien Plurinationale Staat Bolivien Sucre (de jure)
La Paz (de facto)
1.098.581 12.413.315
20   Bosnien an Herzegowina Bosnien an Herzegowina Sarajevo 51.197 3.164.253
21   Botswana Republik Botsuana Gaborone 581.730 2.521.139
22   Brasilien Federativ Republik Brasilien Brasília 8.515.770 211.998.573
23   Brunei Brunei Darussalam Bandar Seri Begawan 5.765 462.721
24   Bulgarien   Republik Bulgarien Sofia 110.879 6.757.689
25   Burkina Faso Burkina Faso Ouagadougou 274.200 23.548.781
26   Burundi Republik Burundi Gitega 27.830 14.047.786
27   Cap Vert Republik Cap Vert Praia 4.033 524.877
28   Chile Republik Chile Santiago de Chile 756.102 19.764.771
29   China Volleksrepublik China Peking 9.596.960 1.419.321.278 VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 11 Staaten net unerkannt: Belize, Eswatini, Guatemala, Haiti, Marshallinseln, Palau, Paraguay, St. Kitts an Nevis, St. Lucia, St. Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu)
  Cookinselen Cookinselen Avarua 236 13.729 kee Member vun de VN
30   Costa Rica Republik Costa Rica San José 51.100 5.129.910
31   Côte d'Ivoire Republik Côte d'Ivoire Yamoussoukro (de jure)
Abidjan (de facto)
322.463 31.934.230
32   Däitschland   Bundesrepublik Däitschland Berlin 357.022 84.552.242
33   Dänemark   Kinnekräich Dänemark Kopenhagen 43.094 5.977.412 inklusiv Grönland an de Färöer
34   Dominica Commonwealth Dominica Roseau 751 66.205
35   Dominikanesch Republik Dominikanesch Republik Santo Domingo 48.670 11.427.557
36   Dschibuti Republik Dschibuti Dschibuti 23.200 1.168.722
37   Ecuador Republik Ecuador Quito 18.135.478
38   Egypten Arabesch Republik Egypten Kairo 1.001.450 116.538.258
39   Éisträich   Republik Éisträich Wien 83.871 9.120.813
40   El Salvador Republik El Salvador San Salvador 21.041 6.338.193
41   Equatorialguinea Republik Equatorialguinea Malabo (de jure)
Ciudad de la Paz (de facto)
28.051 1.892.516
42   Eritrea Staat Eritrea Asmara 117.600 3.535.603
43   Estland   Republik Estland Tallinn 45.228 1.360.546
44   Eswatini Kinnekräich Eswatini Mbabane (de jure)
Lobamba (de facto)
17.364 1.242.822
45   Ethiopien Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien Addis Abeba 1.104.300 132.059.767
46   Fidschi Republik Fidschi-Inseln Suva 18.274 928.784
47   Finnland   Republik Finnland Helsinki 338.145 5.617.310
48   Frankräich   Franséisch Republik Paräis 551.500 66.548.530 just France métropolitaine, ouni d'Iwwerséigebidder an -Iwwerséidepartementer
49   Gabun Gabunesch Republik Libreville 267.667 2.538.952
50   Gambia Republik Gambia Banjul 11.300 2.759.988
51   Georgien Georgien Tiflis 69.700 3.807.670 inklusiv Abchasien a Südossetien
52   Ghana Republik Ghana Accra 238.533 34.427.414
53   Grenada Grenada St. George's 344 117.207
54   Griicheland   Hellenesch Republik Athen 131.957 10.047.817
55   Guatemala Republik Guatemala Guatemala-Stad 108.889 18.406.359
56   Guinea Republik Guinea Conakry 245.857 14.754.785
57   Guinea-Bissau Republik Guinea-Bissau Bissau 36.125 2.201.352
58   Guyana Kooperativ Republik Guyana Georgetown 214.969 831.087
59   Haiti Republik Haiti Port-au-Prince 27.750 11.772.557
60   Holland   Kinnekräich Holland Amsterdam (de jure) 41.543 18.228.742 ouni d'Iwwerséigebidder
61   Honduras Republik Honduras Tegucigalpa 112.090 10.825.703
62   Indien Republik Indien Nei-Delhi 3.287.263 1.450.935.791 inklusiv Kaschmir
63   Indonesien Republik Indonesien Nusantara 1.904.569 283.487.931
64   Irak Republik Irak Bagdad 438.317 46.042.015
65   Iran Islamesch Republik Iran Teheran 1.648.195 91.567.738
66   Irland   Irland Dublin 70.273 5.262.009
67   Island Republik Island Reykjavík 103.000 393.396
68   Israel Staat Israel Jerusalem (de facto) 21.937 9.387.021 inklusiv de Golanhéichten, Ostjerusalem – ouni d'Gazasträif, Westjordanland
VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 30 Staaten net unerkannt: Afghanistan, Algerien, Bangladesch, Bolivien, Brunei, Dschibuti, Indonesien, Irak, Iran, Jemen, Katar, Komoren, Kuba, Kuwait, Libanon, Libyen, Malaysia, Maldiven, Mali, Mauretanien, Niger, Nordkorea, Oman, Pakistan, Saudi-Arabien, Somalia, Syrien, Tunesien, Venezuela)
69   Italien   Italieenesch Republik Roum 301.340 59.342.867
70   Jamaika Jamaika Kingston 10.991 2.839.175
71   Japan Japan Tokio 377.915 123.753.041
72   Jemen Republik Jemen Sanaa (de jure)
Aden (de facto)
527.968 40.583.164
73   Jordanien Haschimitescht Kinnekräich Jordanien Amman 89.342 11.552.876
74   Kambodja Kinnekräich Kambodja Phnom Penh 181.035 17.638.801
75   Kamerun Republik Kamerun Yaoundé 475.440 29.123.744
76   Kanada Kanada Ottawa 9.984.670 39.742.430
77   Kasachstan Republik Kasachstan Astana 2.724.900 20.592.571
78   Katar Staat Katar Doha 11.586 3.048.423
79   Kenia Republik Kenia Nairobi 580.367 56.432.944
80   Kirgisistan Kirgisesch Republik Bischkek 199.951 7.186.009
81   Kiribati Republik Kiribati South Tarawa 811 134.518
82   Kolumbien Republik Kolumbien Bogotá 1.138.910 52.886.363
83   Komoren Unioun vun de Komoren Moroni 2.235 866.628
84   Demokratesch Republik Kongo Demokratesch Republik Kongo Kinshasa 2.344.858 109.276.265
85   Republik Kongo Republik Kongo Brazzaville 342.000 6.332.961
  Kosovo Republik Kosovo Pristina 10.887 1.684.790 kee Member vun de VN
86   Kroatien   Republik Kroatien Zagreb 56.594 3.875.325
87   Kuba Republik Kuba Havanna 110.860 10.979.783
88   Kuwait Staat Kuwait Kuwait 17.818 4.934.507
89   Laos Demokratesch Volleksrepublik Laos Vientiane 236.800 7.769.819
90   Lesotho Kinnekräich Lesotho Maseru 30.355 2.337.423
91   Lettland   Republik Lettland Riga 64.589 1.871.871
92   Lëtzebuerg   Groussherzogtum Lëtzebuerg Lëtzebuerg 2.586 673.036
93   Libanon Libaneesesch Republik Beirut 10.400 5.805.962
94   Liberia Republik Liberia Monrovia 111.369 5.612.817
95   Libyen Libyen Tripolis 1.759.540 7.381.023
96   Liechtenstein Fürstentum Liechtenstein Vaduz 160 39.870
97   Litauen   Republik Litauen Vilnius 65.300 2.859.110
98   Madagaskar Republik Madagaskar Antananarivo 587.041 31.964.956
99   Malawi Republik Malawi Lilongwe 118.484 21.655.286
100   Malaysia Malaysia Kuala Lumpur (de jure)
Putrajaya (de facto)
329.847 35.557.673
101   Maldiven Republik Maldiven Malé 298 527.799
102   Mali Republik Mali Bamako 1.240.192 24.478.595
103   Malta   Republik Malta Valletta 316 539.607
104   Marokko Kinnekräich Marokko Rabat 716.550 38.081.173 ouni Westsahara
105   Marshallinselen Republik Marshallinselen Majuro 181 37.548
106   Mauretanien Islamesch Republik Mauretanien Nouakchott 1.030.700 5.169.395
107   Mauritius Republik Mauritius Port Louis 2.040 1.271.169
108   Mexiko Vereenegt Mexikanesch Staaten Mexiko-Stad 1.964.375 130.861.007
109   Mikronesien Federéiert Staate vu Mikronesien Palikir 702 113.160
110   Moldawien Republik Moldau Chișinău 33.851 3.034.961 inklusiv Transnistrien
111   Monaco Fürstentum Monaco Monaco 2 38.631
112   Mongolei Mongolei Ulaanbaatar 1.564.116 3.475.540
113   Montenegro Montenegro Podgorica 13.812 638.479
114   Mosambik Republik Mosambik Maputo 799.380 34.631.766
115   Myanmar Unioun Myanmar Naypyidaw 676.578 54.500.091
116   Namibien Republik Namibia Windhoek 824.292 3.030.131
117   Nauru Republik Nauru Yaren (de facto) 21 11.947
118   Neiséiland Neiséiland Wellington 268.838 5.213.944 ouni Cookinselen an Niue
119   Nepal Demokratesch Bundesrepublik Nepal Kathmandu 147.181 29.651.054
120   Nicaragua Republik Nicaragua Managua 130.370 6.916.140
121   Niger Republik Niger Niamey 1.267.000 27.032.412
122   Nigeria Bundesrepublik Nigeria Abuja 923.768 212.915.636
  Niue Niue Alofi 260 1.819 kee Member vun de VN
123   Nordkorea Demokratesch Volleksrepublik Korea Pjöngjang 120.538 26.498.823 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Südkorea)
124   Nordmazedonien Republik Nordmazedonien Skopje 25.713 1.823.009
  Nordzypern Tierkesch Republik Nordzypern Nord-Nikosia 3.355 255.000[2] kee Member vun de VN
125   Norwegen Kinnekräich Norwegen Oslo 323.802 5.576.660 ouni Svalbard
126   Oman Sultanat Oman Maskat 309.500 5.281.538
127   Pakistan Islamesch Republik Pakistan Islamabad 796.095 251.269.164 ouni Asad Kaschmir a Gilgit-Baltistan
128   Palau Republik Palau Ngerulmud 459 17.695
  Palestina Palestinensesch Autonomiegebidder Ostjerusalem (de jure)
Ramallah (de facto)
5.860 5.495.443 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
begräift Gazasträif, Westjordanland
129   Panama Republik Panama Panama-Stad 75.420 4.515.577
130   Papua-Neiguinea Onofhängege Staat Papua-Neiguinea Port Moresby 462.840 10.576.502
131   Paraguay Republik Paraguay Asunción 406.752 6.929.153
132   Peru Republik Peru Lima 1.285.216 34.217.848
133   Philippinnen Republik vun de Philippinnen Manila 300.000 115.843.670
134   Polen   Republik Polen Warschau 312.685 38.539.201
135   Portugal   Portugisesch Republik Lissabon 92.090 10.425.292
136   Ruanda Republik Ruanda Kigali 26.338 14.256.567
137   Rumänien   Rumänien Bukarest 238.391 19.015.088
138   Russland Russesch Federatioun Moskau 17.098.242 144.820.423 ouni d'Gebidder vun der Süd- an Ostukrain, déi 2022 vu Russland annektéiert goufen
139   Saint Kitts an Nevis Federatioun Saint Kitts an Nevis Basseterre 261[4] 46.843
140   Saint Lucia Saint Lucia Castries 616 200.000[2]
141   Saint Vincent an d'Grenadinnen Saint Vincent an d'Grenadinnen Kingstown 389[5] 100.616
142   Salomonen Salomonen Honiara 28.896 819.198
143   Sambia Republik Sambia Lusaka 752.618 21.314.956
144   Samoa Onofhängege Staat Samoa Apia 2.831 218.019
145   San Marino Republik San Marino San Marino 61 33.581
146   São Tomé a Príncipe Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe São Tomé 964 235.536
147   Saudi-Arabien Kinnekräich Saudi-Arabien Riad 2.149.690 33.962.757
148 CHE  Schwäiz Schwäizeresch Eedgenossenschaft Bern (de facto) 41.277 8.921.981
149   Schweden   Kinnekräich Schweden Stockholm 450.295 10.606.999
150   Senegal Republik Senegal Dakar 196.722 18.501.984
151   Serbien Republik Serbien Belgrad 77.474 6.736.216
152   Seychellen Republik Seychellen Victoria 455 130.418
153   Sierra Leone Republik Sierra Leone Freetown 71.740 8.642.022
154   Simbabwe Republik Simbabwe Harare 390.757 16.634.373
155   Singapur Republik Singapur Singapur 719 5.832.387
156   Slowakei   Slowakesch Republik Bratislava 49.035 5.506.760
157   Slowenien   Republik Slowenien Ljubljana 20.273 2.118.697
158   Somalia Republik Somalia Mogadischu 637.657 19.009.151 inklusiv Somaliland
  Somaliland Republik Somaliland Hargeysa 137.600 3.500.000 kee Member vun de VN
159   Spuenien   Kinnekräich Spuenien Madrid 505.370 47.910.526
160   Sri Lanka Demokratesch Sozialistesch Republik Sri Lanka Sri Jayewardenepura Kotte (de jure)
Colombo (de facto)
65.610 23.103.565
161   Südafrika Republik Südafrika Bloemfontein (Judikativ)
Kapstad (Legislativ)
Pretoria (Exekutiv)
1.219.090 64.007.187
162   Sudan Republik Sudan Khartum 1.861.484 50.448.963
163   Südkorea Republik Korea Seoul 99.720 51.717.590 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Nordkorea)
  Südossetien Südossetien Zchinwali 3.885 51.000[2] kee Member vun de VN
164   Südsudan Republik Südsudan Juba 644.329 11.943.408
165   Surinam Republik Surinam Paramaribo 163.820 634.431
166   Syrien Arabesch Republik Syrien Damaskus 187.437 24.174.628 inklusiv de Golanhéichten
167   Tadjikistan Republik Tadjikistan Duschanbe 141.100 10.590.927
  Taiwan Republik China Taipeh 35.980 23.213.962 kee Member vun de VN
begräift Taiwan, Penghu, Lan Yu, Lü Dao, Kinmen, Matsu, Taiping Dao an Dongsha
168   Tansania Vereenegt Republik Tansania Dodoma (de jure)
Daressalam (de facto)
947.300 68.560.157
169   Thailand Kinnekräich Thailand Bangkok 513.120 71.668.011
170   Tierkei Republik Tierkei Ankara 783.562 87.473.805
171   Timor-Leste Demokratesch Republik Timor-Leste Dili 14.874 1.400.638
172   Togo Republik Togo Lomé 56.785 9.515.236
173   Tonga Kinnekräich Tonga Nuku'alofa 747 104.175
  Transnistrien Transnistresch Moldauesch Republik Tiraspol 3.567 555.000[2] kee Member vun de VN; keng Unerkennung vun engem Member vun de VN
174   Trinidad an Tobago Republik Trinidad an Tobago Port of Spain 5.128 1.507.782
175   Tschad Republik Tschad N'Djamena 1.284.000 20.299.123
176   Tschechesch Republik   Tschechesch Republik Prag 78.867 10.735.859
177   Tunesien Tuneesesch Republik Tunis 163.610 12.277.109
178   Turkmenistan Turkmenistan Aşgabat 488.100 7.494.498
179   Tuvalu Tuvalu Funafuti (de jure)
Vaiaku (de facto)
26 9.646
180   Uganda Republik Uganda Kampala 241.038 50.015.092
181   Ukrain Ukrain Kiew 603.550 37.860.221 inklusiv der Krim an de Gebidder vun der Süd- an Ostukrain, déi 2022 vu Russland annektéiert goufen
182   Ungarn   Republik Ungarn Budapest 93.028 9.676.135
183   Uruguay Republik ëstlech vum Uruguay Montevideo 176.215 3.386.588
184   USA Vereenegt Staate vun Amerika Washington, D.C. 9.833.517 345.426.571
185   Usbekistan Republik Usbekistan Taschkent 447.400 36.361.859
186   Vanuatu Republik Vanuatu Port Vila 12.189 327.777
  Vatikanstad Staat Vatikanstad Vatikanstad 0 496 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
187   Venezuela Bolivaresch Republik Venezuela Caracas 912.050 28.405.543
188   Vereenegt Arabesch Emirater Vereenegt Arabesch Emirater Abu Dhabi 83.600 11.027.129
189   Vereenegt Kinnekräich Vereenegt Kinnekräich Groussbritannien an Nordirland London 243.610 69.138.192
190   Vietnam Sozialistesch Republik Vietnam Hanoi 331.070 100.987.686
191   Wäissrussland Republik Wäissrussland Minsk 207.600 9.056.696
  Westsahara Demokratesch Arabesch Republik Sahara El Aaiún (de jure) 266.000 600.000[2] kee Member vun de VN
192   Zentralafrikanesch Republik Zentralafrikanesch Republik Bangui 622.984 5.330.690
193   Zypern   Republik Zypern Nikosia 5.896 1.358.282

VN-Member, limitéiert Unerkennung (Tierkei)
inklusiv Nordzypern

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  3. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  4. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  5. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²