Mauritius

Inselstaat am Indeschen Ozean


D'Republik Mauritius ass en Inselstaat am Südweste vum Indeschen Ozean. Mauritius läit ronn 900 km ëstlech vu Madagaskar. Am Norde leien d'Seychellen an am Westen dat franséischt Iwwerséidepartement La Réunion.

Republik Moris (Kreolesch)
République de Maurice (Franséisch)
Republic of Mauritius (Englesch)
Republik Mauritius

Fändel vu Mauritius

Wope vu Mauritius

Detailer

Detailer
National Devise: "Stella Clavisque Maris Indici"
(Stär a Schlëssel vum Indeschen Ozean)
Offiziell Sprooch: de jure: keng
de facto: Englesch a Franséisch am Parlament
Haaptstad: Port Louis
Staatsform: Republik
 • President: Prithvirajsing Roopun
 • Premierminister: Pravind Jugnauth
Fläch: 2.040 km² (179.)
 • Dovu Waasser: 0,07 %
Bevëlkerung: 1.261.208 (156.)
 • Bevëlkerungsdicht: 618/km²
Onofhängegkeet: 12. Mäerz 1986 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn: Motherland
Wärung: Rupie
Zäitzon: UTC +4
Internet TLD: .mu
Internationalen
Telefonsprefix
:
+230

D'Republik Mauritius besteet aus zwou groussen an a puer méi klengen Inselen.

Op Mauritius selwer, der gréisster Insel vum Land, läit d'Haaptstad Port Louis.

Ëm eng grouss Parti vun der Haaptinsel zitt sech ee Riff, aus deem e puer kleng Inselen erausluussen, wéi Amber Island, Gunners Coin a Round Island.

Déi zweetgréisst Insel ass Rodrigues mat ronn 40.000 Awunner.

Mauritius, Rodrigues, a La Réunion gehéieren zu de Maskarenen.

Um Spaweck änneren

Commons: Mauritius – Biller, Videoen oder Audiodateien