Eswatini

Staat an Afrika
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Kinnekräich Eswatini, fréier Swasiland; op Siswati Umbuso weSwatini an op Englesch Kingdom of Eswatini, ass e Staat a Südostafrika. E grenzt u Südafrika an un de Mosambik. Déi zwou gréisst Stied si Manzini a Mbabane.

Umbuso weSwatini (siSwati)
Kingdom of Eswatini (Englesch)
Kinnekräich Eswatini

Fändel vu Eswatini

Wope vu Eswatini

Detailer

Detailer
National Devise: "Siyinqaba" (lëtz.: Mir sinn d'Festung)
Offiziell Sprooch: Siswati, Englesch
Haaptstad: Lobamba (kinneklech a legislativ)
Mbabane (administrativ)
Staatsform: Absolut Monarchie
 • Kinnek: Mswati III.
 • Ministerpresident: Russell Dlamini
Fläch: 17.364 km² (157.)
 • Dovu Waasser: 0,9 %
Bevëlkerung: 1.160.000 (2020) (155.)
 • Bevëlkerungsdicht: 68,2/km²
Onofhängegkeet: 6. September 1968 (vu Groussbritannien)
Nationalfeierdag: 6. September (Onofhängegkeetsdag)
Nationalhymn: Nkulunkulu Mnikati wetibusiso temaSwati
Wärung: Lilangeni (SZL), Rand (ZAR)
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .sz
Internationalen
Telefonsprefix
:
+268

Geographie änneren

Et ass eent vun de klengste Länner an Afrika. Säi Klima an d'Topographie variéiere staark, vu kale Spëtzen op de Bierger bis an d'dréchent Flaachland.

Politik änneren

Eswatini ass e Land mat enger absolutter, traditionalistescher Monarchie. Et ass eent vun den zwee Kinnekräicher am modernen Afrika, déi et nach bis haut gëtt.

Gesondheet änneren

D'Land huet eng miserabel Gesondheetssituatioun, mat signifikanten Zuele vun Aids- an Tuberkuloskranker. D'Liewensdauer läit an der Moyenne bei 59,4 Joer.

Um Spaweck änneren

Commons: Eswatini – Biller, Videoen oder Audiodateien