Praia

Haaptstad vum Cap Vert

Praia (Portugisesch: "Plage") ass déi gréisste Stad op der Insel Santiago, am Atlanteschen Ozean, a gläichzäiteg d'Haaptstad vum Cap Vert.

Presidente-Palais
Diogo Gomes-Monument, Vye op d'Ilhéu de Santa Maria.
D'Stadhaus vu Praia
Kathedral Nossa Senhora da Graça

Praia huet 127.832 (Stand:2010) Awunner.

Et ass den administrativen an ekonomeschen Zentrum vum Land.

Den Hafen ass souwuel en Handelshafen wéi och ee fir Färe fir op verschidden aner Insele vum Cap Vert ze fueren. Den internationale Fluchhafen Nelson Mandela - ee vun de véier internationale Flughäfe vum Land - verbënnt Praia mat de meeschten aneren Inselen an anere Stied an Afrika, Europa an Amerika.


Um Spaweck änneren

Commons: Praia – Biller, Videoen oder Audiodateien