Biergkarabach (Armeenesch Լեռնային Ղարաբաղ/Lernajin Gharabagh; Aserbaidjanesch Dağlıq Qarabağ oder Yuxarı Qarabağ, "ieweschte schwaarze Gaart"), och nach dacks no der armeenescher Alternativbezeechnung Arzach oder no der russescher Bezeechnung Nagorny Karabach genannt, ass eng Regioun déi am Südoste vum Klenge Kaukasus läit, an haaptsächlech vun Armeenier bewunnt, mä zanter knapps 100 Joer tëscht Armenien an Aserbaidjan ëmstridden ass. Vum 1. Januar 2024 un, soll de Biergkarabach vëlkerrechtlech erëm zu Aserbaidjan gehéieren.

Detailkaart
Landschaft vu Biergkarabach

Déi territorial Definitioun vun der Regioun huet iwwer d'Zäit geännert. Den historeschen Territoire huet ganzer 8223 km² ëmfaasst[1],[2]. Dacks gëtt Biergkarabach awer als politesche Begrëff mat dem fréieren Autonome Gebitt Biergkarabach bannent der fréierer Aserbaidjanescher SSR gläichgesat, engem Territoire vun enge 4400 km². Obschonn et ëmmer nach offiziell op aserbaidjaneschem Staatsgebitt läit, ass dee gréissten Deel vu Biergkarabach zanter 1992 awer de facto ënner Kontroll vun der international net unerkannter Republik Arzach.

D'Regioun ass vu Bierger a Bëscher markéiert, se huet awer och eng Rei relativ flaach Däller. Si läit an der Moyenne op 1100 m iwwer dem Mier.

Geschicht

änneren

D'Gebitt vu Biergkarabach war an der Antiquitéit dacks en Deel vun Armenien, an am 4. Joerhonnert gouf d'Chrëschtentum Staatsrelioun.

Duerch d'arabesch Besetzung am 8. Joerhonnert koum d'Regioun ënner d'Kontroll vu verschiddene mosleemesche Vëlker. Am 9. Joerhonnert konnte sech awer zwéin armeenesch Fierschte mat Erfolleg géint d'Araber revoltéieren an nees onofhängeg ginn. Hir Herrschaft huet vun do bis ugangs vum 19. Joerhonnert gedauert, och wa se spéider Vasalle vu verschiddene gréissere Räicher waren, zum Schluss vum Perserräich.

1805 hu se sech dem Russesche Räich ënnerstallt, an 1813 huet Persien dat am Traité vu Golestan och acceptéiert. No der Oktoberrevolutioun 1917 hu souwuel Armeenier wéi och Aserbaidjaner Usproch op Biergkarabach erhuewen an et koum zu éischte militäreschen Ausenanersetzungen. 1920 hunn d'Bolschewiken alles ageholl, 1923 huet de kaukasesche Büro vum Zentralkommittee vun de Bolschewiken, deen ugangs gewëllt war am Sënn vun den Armeenier ze decidéieren, a Presenz vum Stalin deen nom Prinzip divide et impera verfuer huet, decidéiert fir dat zu 94 % vun Armeenier bewunnt Biergkarabach an d'Aserbaidjanesch SSR anzeglidderen, mat dem Kärdeel als Autonom Oblast Biergkarabach an dem Rescht als aseresche Korridor ouni iergende spezielle Status obwuel och dee vun Armeenier bewunnt war.

Wärend den nächste 65 Joer geschitt net vill well d'Kommunisten den Domm drop haten, mä 1988 am Kader vun der Perestroika autoproklaméiert sech d'Autonom Oblast als eegestänneg Sowjetrepublik, um selwechten Niveau wéi Armenien an Aserbaidjan. Aserbaidjan verlaangt Biergkarabach vum Gorbatschow zeréck an et kënnt zu anti-armeenesche Progromer mat e puer honnert Affer zu Sumgait bei Baku an 1990 zu Baku selwer. An der Folleg kënnt et zu béidsäitegen Ausweisungswelle vun de jeeweilege Minoritéiten.

Den Zerfall vun der Sowjetunioun 1991 huet zur Onofhängegkeet vun Armenien an dem Aserbaidjan gefouert. Biergkarabach profitéiert an erkläert sech och onofhängeg, mä Aserbaidjan wëll et déi Kéier net nëmmen net acceptéiere mä hëlt der Regioun souguer hiren Autonomiestatus ewech. Biergkarabach reagéiert mat engem offizielle Referendum bei deem eng grouss Majoritéit fir d'Onofhängegkeet stëmmt. Aserbaidjan schéckt dunn Truppen a blockéiert all Accès vun der Enklav, wat zu enger humanitärer Katastroph féiert. D'Awunner vu Biergkarabach organiséiere sech awer mat Hëllef vun Armenie fir sech z'ernieren an ze wieren, wat hinnen och geléngt sou datt beim Waffestëllstand 1994 d'Armeenier e Groussdeel vu Biergkarabach an de sougenannten aseresche Korridor als Pufferzon besat hunn. D'Onofhängegkeet vu Biergkarabach gouf international awer net unerkannt.

Laang war et du roueg, vun e puer Schéissereien ofgesinn. 2016 awer attackéieren d'Aserbaidjaner nees, et kënnt zum "Krich vu Véier Deeg", deen zu 77 Doudeger op armeenescher Säit an iwwer 149 Doudeger op aserbaidjanescher Säit féiert, an eng 800-2000 Hektar Pufferzon geroden ënner Kontroll vun Aserbaidjan.

 
Kaart vum Konflikt 2020

De 27. September 2020 bombardéiert Aserbaidjan d'Haaptstad Stepanakert an den aseresche President Ilham Alijew erkläert de Krich. Ënnerstëtzt gëtt e vun der Tierkei, déi masseweis syresch Sëldner schéckt. International bleift Armenien eleng gelooss, Israel verkeeft Aserbaidjan wärend dem Konflikt Waffen, Russland seet et géif nëmmen agräife wann Armenie selwer besat géif ginn, Frankräich verlaangt just "Erklärunge" vun der Tierkei a Lëtzebuerg léisst guer näischt verlauden. Nodeems Schuschi, dat op enger Héicht iwwer Stepanakert läit, vun den Aserbaidjaner zum Deel ageholl gouf, koum et den 10. November zu engem Waffestëllstand, deen den Dag virdrun vum armeenesche Premier, dem aserbaidjanesche President an dem russesche President als Vermëttler ënnerschriwwe gouf. Aserbaidjan däerf déi Deeler vu Biergkarabach halen déi se 1994 besat hat an déi se 2020 derbäi geholl huet (d.h. Schuschi an Hadrut), Armenie muss sech aus der ganzer Pufferzon zeréckzéien, Russland schéckt eng Friddenstrupp vun 2000 Zaldote déi wärend 5 Joer e 5 km breede Landkorridor tëscht Armenien an dem Reschtdeel vu Biergkarabach an d'Strooss tëscht Aserbaidjan an hirer Exklav Nachitschewan bewaacht.

Populatioun a Kultur

änneren
Populatioun vum Autonomen Oblast Biergkarabach (1926-1989) an der Republik Nagorny Karabach (2005) no den ethnesche Gruppen
Ethnie
group
1926 1939 1959 1970 1979 1989 20051
Awunner % Awunner % Awunner % Awunner % Awunner % Awunner % Awunner %
Armeenier 111.,694 89,1 132.800 88,0 110.053 84,4 121.068 80,5 123.076 75,9 145.450 76,9 137.380 99,7
Aserbaidjaner 12.592 10,0 14.053 9,3 17.995 13,8 27.179 18,1 37.264 23,0 40.688 21,5 6 0,0
Russen 596 0,5 3.174 2,1 1.790 1,4 1.310 0,9 1.265 0,8 1.922 1,0 171 0,1
Ukrainer 436 0,3 193 0,1 140 0,1 416 0,2 21 0,0
Anerer 416 0,3 374 0,2 568 0,4 563 0,4 436 0,3 609 0,3 159 0,1
Total 125.300 150.837 130.406 150.313 162.181 189.085 137.737
1Den Territoire vum Autonomen Oblast Biergkarabach an der Republik Nagorny Karabach ass anescht.

Déi armeenesch Populatioun vun der Regioun schwätzt den Dialekt vum Karabach, deem meeschtgeschwaten armeeneschen Dialekt gemooss un der Zuel vun de Spriecher bis zu der sowjetescher Period, wéi dunn den Dialekt vun Eriwan déi offiziell Sprooch vun der Armeenescher Sozialistescher Sowjetrepublik gouf[3].

Literatur

änneren
  • Haig E. Asenbauer: Zum Selbstbestimmungsrecht des armenischen Volkes von Berg-Karabach. Wilhelm Braumüller, Wien 1993. (Reihe Ethnos Bd. 41).
  • Hravard Hakobian, Manfred Richter (Hrsg.): Armenisches Berg-Karabach/Arzach im Überlebenskampf: christliche Kunst, Kultur, Geschichte. Edition Hentrich, Berlin 1993.
  • Emil Souleimanov: Der Konflikt um Berg-Karabach. In: OSZE-Jahrbuch. – 10 (2004), Bd. 10 (2004), S. 217–236.
  • Ferhat Avsar: Schwarzer Garten im Land des ewigen Feuers. Entstehungsgeschichte und Genese des Karabach-Konflikts'. Manzara Verlag, Darmstadt 2006.

Um Spaweck

änneren
Commons: Biergkarabach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Robert H. Hewsen, The Meliks of Eastern Armenia: A Preliminary Study, in Revue des études Arméniennes, IX, 1972, S. 288.
  2. Robert H. Hewsen, Armenia: A Historical Atlas, The University of Chicago Press, 2001, S. 264.
  3. Robert H. Hewsen, The Meliks of Eastern Armenia: A Preliminary Study, in Revue des études arméniennes, IX, 1972, S. 289