Bujumbura
Lokalisatiounskaart
Land: Burundi
Provënz: Bujumbura Mairie
Koordinaten: 03° 22' 57" S
29° 21' 40" E
Fläch: 87 km²
Awunner: 368.000 (2009)
Bevëlkerungsdicht: 4.230 Aw./km²
Héicht: 780 m
Zäitzon: UTC+2

Bujumbura war bis Januar 2019 d'Haaptstad vum ostafrikanesche Staat Burundi an hat 2009 ongeféier 370.000 Awunner. D'Stad läit um Tanganjikaséi an ass déi gréisst Stad vum Burundi a säi verwaltungstechneschen und wirtschaftlechen Zentrum.

No engem Vott am Parlament am Dezember 2018 gouf Gitega, déi historesch Haaptstad, rëm zur offizieller Haaptstad vum Burundi.

Geschicht änneren

Bujumbura ass aus engem klengen Duerf erausgewuess, nodeem et 1889 e Militärposten am deemolegen Däitsch-Ostafrika gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf et zum Verwaltungszentrum vum belsche Vëlkerbond-Mandat iwwer Ruanda-Urundi. D'Stad gouf vun Usumbura a Bujumbura ëmbenannt, wéi de Burundi 1962 onofhängeg gouf.

Zanter der Onofhängegkeet war Bujumbura d'Plaz vu ville Kämpf tëscht den zwou gréissten ethnesche Gruppe vum Land, wobäi d'Hutu-Miliz géint d'Tutsi-dominéiert Arméi vum Burundi gekämpft huet.

Ekonomie änneren

Bujumbura produzéiert ë. a. Zement, Textilien a Seef. D'Stad huet dee gréisste (Bannen-)Hafe vum Burundi a verschëfft iwwer den Tanganjikaséi e groussen Deel vum Haaptexportprodukt vum Land, Kaffi, grad sou wéi Kotteng, Pelzer an Zënnerz.

Um Spaweck änneren

Commons: Bujumbura – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Bujumbura vum Kathedralstuerm aus gesinn