Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Jemen (arab.: اليمن‎ al-Yaman) ass eng Republik a Südwestasien, am Südweste vun der Arabescher Hallefinsel. D'Land grenzt am Norden u Saudiarabien an am Osten un den Oman. Am Weste maachen d'Rout Mier, am Süden de Golf vun Aden eng natierlech Grenz. Zum Jemen gehéieren eng sëllegen Inselen (iwwer 200), déi gréisst ass Sokotra mat enger Fläch vu ronn 3 600 km2.

الجمهورية اليمني
al-Dschumhūriyya al-Yamaniyya

Fändel vum Jemen

Wope vum Jemen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Sanaa
Staatsform: Islamesch Republik
 • President: Rashad al-Alimi
 • Premierminister: Ahmad Awad bin Mubarak
Fläch: 527 968 [1] km²
 • Dovu Waasser: 2,4 %
Bevëlkerung: 14 587 807 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 27,63/km²
Onofhängegkeet: Réunificatioun den
22. Mee 1990
Nationalfeierdag: 22. Mee
Nationalhymn: Vereent Republik
Wärung: Jemen-Rial
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .ye
Internationalen
Telefonsprefix
:
+967

D'Republik Jemen gëtt et a senger haiteger Form eréischt zanter dem 22. Mee 1990, Dag vun der formeller Vereenegung vum Nordjemen mam Südjemen.

De Jemen ass Member vun de Vereenten Natiounen an der Arabescher Liga. Seng Haaptstad ass Sanaa.

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell: Vereent Natiounen (2004)
  2. Zuele vun der leschter Vollekszielung, de 16. Dezember 1994.
    Quell: UNO-Rapport vum 1. Oktober 2007

Um Spaweck änneren

Commons: Jemen – Biller, Videoen oder Audiodateien