Cap Vert

Inselstaat op der Westküst vun Afrika
(Virugeleet vu(n) Kap Verde)


De Cap Vert (op Portugisesch: República de Cabo Verde) ass en Archipel an Inselstaat op der Westküst vun Afrika, 570 Kilometer westlech vum Senegal an zirka 1300 Kilometer südlech vun de Kanareschen Inselen. Déi 10 Inselen hunn zesumme 4.036 Quadratkilometer an et gëtt tëscht zwou Gruppen ënnerscheet:

República de Cabo Verde
Republik Cap Vert

Fändel vum Cap Vert

Wope vum Cap Vert

Detailer

Detailer
National Devise: "Paz, Trabalho, Pátria"
(lëtz.: Fridden, Aarbecht, Heemecht)
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: Praia
Staatsform: Republik
 • President: José Maria Neves
 • Premierminister: Ulisses Correia e Silva
Fläch: 4.033 km²
Bevëlkerung: 512.096 (167.)
 • Bevëlkerungsdicht: 123,7/km²
Onofhängegkeet: 5. Juli 1975 (vu Portugal)
Nationalhymn: Cântico da Liberdade
Wärung: Kapverdianeschen Escudo
Zäitzon: UTC -1h
Internet TLD: .cv
Internationalen
Telefonsprefix
:
+238

Vun den zéng Insele sinn der néng bewunnt. Haaptstad ass Praia op der Insel Santiago mat zirka 114.000 Awunner. Op d'Insele kënnt een iwwer d'Waasser vu portugiseschen a senegaleeseschen Häfen aus, oder mam Fliger iwwer ee vun de véier internationale Fluchhäfen, zu Praia, São Vicente (Mindelo), Boa Vista oder Sal.

Den Numm änneren

Den Numm Cap Vert ass streng geholl dee vun engem Kap op der Westküst vu Senegal, dem Cap Vert (haut en Deel vun der Haaptstad Dakar). D'Inselen, déi do virdru leien, goufen deemno d'Insele vum Cap Vert genannt. Well den Zousaz "Insele vum" aus Kommoditéitsgrënn gär ewechgelooss gëtt, huet sech den Numm Cap Vert op d'Insele selwer iwwerdroen.

Geschicht änneren

Entdeckung änneren

1460 goufen d'Insele fir d'éischt Kéier op offiziellen Optrag hi gesicht an ugefuer. Bekannt ware se awer scho laang virum 15. Jh., well den Herodot an de Plinius den Eelere se schonn an hire Schrëften ernimmt haten. Mat grousser Warscheinlechkeet si se vum Karthager Hanno ëm 400 virun eiser Zäitrechnung erëm entdeckt ginn, wéi hien eng Séiexpeditioun ënnerholl huet fir d'Konsolidéierung vum phoenizeschen a karthageschen Afrikahandel baussenzeg vun de Saile vum Herakles ze kontrolléieren. A sengem gutt erhalenen a minutiéis geféierte Schëffsjournal si Landmaarken a Lokalitéiten ze fannen, déi drop hiweisen, datt hie kuerz nodeem e laanscht eng Inselgrupp war, e grousse Floss entdeckt huet, deen d'Fuerscher méi spéit als de Senegal identifizéiert hunn.

1445 ass de portugiseschen Entdecker Antònio Fernandes an den Archipel gefuer. Wien elo 1456 oder 1460 déi kapverdesch Insel Santiago fir d'éischt "entdeckt" an e Fouss drop gesat huet, ass nach ëmmer ëmstridden, well déi entscheedent Dokumenter, déi et beweise kéinten, feelen. A Fro kommen de Genueser Antonio di Noli (1415/19-1491/97) oder de Venezianer Alvise Cadamosto 1432-1488/1510, déi béid zu där Zäit an der selwechter Géigend um Atlantik gekräizt sinn. Et ass awer erwisen, datt déi zwéin an den zéng Joer no der Entdeckung vun der Insel Santiago nach de Rescht vum Archipel erschloss hunn. Den di Noli sengersäits gouf vum portugisesche Prënz Henri de Séifuerer 1461 als éischte Gouverneur vum Archipel ernannt a mat der Besiidlung vu Santiago beopdraagt.

D'Portugisen an d'Castellaner haten deemools grad grouss Expansiounsprojeten, an hunn an der geostrategescher Lag vum Archipel eng Base gesinn, fir den transatlateschen Handel besser ënner Kontroll ze kréien. Scho 1461 hu si de groussen an deiere Projet ugefaangen, nämlech e grousst Konzentratiounslager a gläichzäiteg internationale Verdeelerzentrum fir Planzen, Déieren a Mënschen opzebauen, wéi et an den tropesche Géigende bis dohin nach kee gouf. De Prënz Henri gesouch an der Lag vum Archipel en Dréipunkt tëscht den dräi Kontinenter Europa, Afrika a Südamerika, eng Tëschestatioun fir den Iwwerséihandel.

Nach am selwechte Joer sinn déi éischt Sklaven aus Afrika agefouert ginn, wou si an der Noperschaft vun der haiteger Haaptstad Praia mat der Urbaniséirung vun der Südspëtzt vun der Insel ugefaangen hunn, an och dat éischt Konzentratiounslager an donieft déi éischt Stad Ribeira Grande (grousse Floss) gebaut hunn, déi iwwer Joerzéngten ee vun de weltwäit gréisste Sklaven- a Wueremäert war. Haut heescht se net méi Ribeira Grande, mä Cidade Velha, al Stad, wou nach e puer Gebailechkeeten an Ariichtungen, wéi eng ganz Strooss mat Haiser, d'Iwerreschter vum Konzentratiounslager, eng Sail aus wäissem Marber un déi d'Sklaven ugebonne goufen, an dem Philippe II. seng Buerg, un d'Zäit vum Sklavenhandel erënneren.

Portugisesch Kolonie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Eegestännege Staat änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Quellen änneren

  • Daniel A Preira: A importância Històrica da Cidade Velha, Instituto da Biblioteca Nacional et do livro 2004.
  • Maitland A. Edey: Anfänge des Seehandels, TimeLife 1974.
  • John Iliffe: Geschichte Afrikas,CH Beck 2003.

Um Spaweck änneren

Commons: Cap Vert – Biller, Videoen oder Audiodateien