Somaliland (Somali: Somaliland, Arabesch: صوماليلاند‎‎ Ṣūmālīlānd oder أرض الصومال Arḍ aṣ-Ṣūmāl), offiziell d'Republik Somaliland ass en Territoire um Har vun Afrika. En huet sech selwer als onofhängeg erkläert, gëtt international awer als autonom Regioun vu Somalia unerkannt. D'Regierung vu Somaliland gesäit den Territoire als Successeur vum fréiere brittesche Protektorat mam selwechten Numm, dat fënnef Deeg laang onofhängeg war éier et den 1. Juli 1960 mam fréieren italieenesche Somaliland fusionéiert huet fir d'somalesch Republik (Somalia) ze formen.

Somaliland
Republik Somaliland

Fändel vu Somaliland

Wope vu Somaliland

Detailer

Detailer
National Devise: "Et gëtt kee Gott ausser Gott; Mohammed ass deen, de vu Gott geschéckt gouf"
Offiziell Sprooch: Somali
Arabesch
Englesch
Haaptstad: Hargeisa
 • Awunner: 1,2 Milliounen
Staatsform: President
Fläch: 137,600 km²
Bevëlkerung: 4,5 Milliounen
Onofhängegkeet: 18. Mee 1991 (ausgeruff, mee net unerkannt)
Nationalhymn: Samo ku waar ("Laangt Liewen a Fridden")
Wärung: Somaliland-Schilling
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: keen
Internationalen
Telefonsprefix
:
+252

Somaliland läit am Nordweste vu Somalia, op der südlecher Küst vum Golf vun Aden. Et grenzt un déi autonom somalesch Regioun Puntland am Osten, un Dschibuti am Nordwesten an un Ethiopien am Süden an am Westen. Den Territoire, deen d'Regierung beusprocht, huet 137.600 Quadratkilometer an ongeféier 4 Milliounen Awunner. D'Haaptstad a gréisst Stad ass Hargeisa mat ronn 1,2 Milliounen Awunner.

1988 huet dem Siad Barre (President vu Somalia) säi Regime eng Attack op d'Somali National Movement (SNM) an aner militant Gruppe lancéiert, déi zu Hargeisa baséiert sinn. Dat war ee vun den Evenementer, déi zum somalesche Biergerkrich gefouert hunn an deen nach haut am Gaang ass. Dee Konflikt huet dem Land senger wirtschaftlecher a militärescher Infrastruktur staark geschuet. Nom Kollaps vum Barre senger Regierung Ufank 1991 hunn déi lokal Autoritéiten, ugefouert vum SNM, den 18. Mee am selwechte Joer hir Onofhängegkeet vu Somalia erkläert an dobäi d'Grenze vum Staat ugeholl, deen 1960 fënnef Deeg laang existéiert huet.

Zënterhier gëtt den Territoire vu Regierunge regéiert, déi demokratesch gewielt ginn an déi eng international Unerkennung ustriewen. D'Regierung ënnerhält mat e puer auslännesche Regierungen, déi Delegatiounen op Hargeisa geschéckt hunn, informell Bezéiungen. Ethiopien ënnerhält och en Handelsbureau an der Regioun. Trotzdeem huet bis elo kee Land a keng international Organisatioun déi selwer erkläert Onofhängegkeet unerkannt.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Commons: Somaliland – Biller, Videoen oder Audiodateien