Saint Kitts an Nevis

Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

St. Kitts an Nevis (engl. Saint Kitts and Nevis, och: Saint Christopher and Nevis[1]) ass eng federal Inselgrupp vun de Klengen Antillen an der Karibik, mat der Haaptstad Basseterre. Déi Grupp ass en onofhängege Staat am Commonwealth of Nations a Member vun de Vereenten Natiounen.

Basseterre Map 1.png
D'Haaptstad Basseterre
Flag of Saint Kitts and Nevis.svg

GeographieÄnneren

D'Insel St. Kitts besteet aus dräi Vulkangruppen, déi duerch déif Schluchte getrennt si. Den héchste Bierg vu St. Kitts ass den 1.156 m héije Mount Liamugia, virdru Mount Misery. D'Insel Nevis ass duerch en 3 km breede Kanal vu St. Kitts getrennt.
Den héchste Punkt ass de Mount Nevis mat 1.090 m.

BevëlkerungÄnneren

Op de béiden Insele liewe ronn 48.000 Mënschen, dovu ronn 13.000 an der Haaptstad Basseterre. Déi zweetgréisst Stad ass Charlestown mat engen 1.800 Awunner. Déi vireg Vollekszielung war 2001, deemools hu 46.111 Leit do gewunnt.

WirtschaftÄnneren

Exportéiert ginn Zocker an Zockerprodukten.

ReferenzenÄnneren

  1. Federation of Saint Kitts and Nevis Constitutional Order of 1983

Um SpaweckÄnneren

Commons: Saint Kitts an Nevis – Biller, Videoen oder Audiodateien