D'Cookinselen (englesch Cook Islands, rarotonganesch Kūki 'Āirani; och nach: Cook-Archipel, Mangaia-Archipel, Herveyinselen) sinn en onofhängegen Inselstaat an enger „fräier Associatioun mat Neiséiland“ an en Archipel am südleche Pazifik . Se hunn eng Fläch vun 236,7 km² a 14.987 Awunner (Stand 2021), vun deenen déi meescht zum Vollek vun de Cook Islands Māori gehéieren. D'Haaptstad Avarua läit op der Insel Rarotonga. D'Cookinselen sinn den éischte Staat an deem d'Fraen an d'Wale gaangen sinn.

Cookinselen

Fändel vun de Cookinselen

Wopen vun de Cookinselen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Englesch, Rarotonganesch
 • Koordinaten: 15° 0’ 0’’ S
      161° 0’ 0’’ W
Staatsform: Territoire a fräier Associatioun mat Néiséiland dee sech selwer verwalt
Fläch: 240,0 km²
Bevëlkerung: 17.434
Nationalhymn: God Save the King
Zäitzon: UTC -10
Internet TLD: .ck
Internationalen
Telefonsprefix
:
+682

Déi zwou offiziell Sprooche vun de Cookinsele sinn Englesch an zënter 2003 och Rarotonganesch. Do dernieft gëtt och nach Pukapukanesch, Penrhyn a Rakahanga-Manihiki geschwat.

Territoire a Geographie änneren

D'Cookinsele bestinn aus 15 Insele mat enger Landfläch vun 236,7 km² déi sech an zwou Gruppen opdeelen.

  • d'südlech Grupp (an der Sprooch vun de Māori Te pa enua i raro nei) mat der Haaptinsel Rarotonga an den Insele resp. Inselgruppen Aitutaki, Atiu, Mangaia, Manuae, Mauke, Mitiaro, Palmerston an Takutea;
  • d'nërdlech Grupp (fréier och Manihikiinselen oder Roggeveen-Archipel; an der Sprooch vun de Māori Te pa enua tokerau) mat den Inselen Manihiki, Nassau, Penrhyn, Pukapuka, Rakahanga a Suwarrow.

Bei den Inselen am Norden handelt et sech haaptsächlech ëm Atollen déi wéinst Koralleriffer schwéier zougänglech sinn. Déi aner Insele si vu vulkaneschem Urspronk a bis iwwer 600 Meter héich. Se hunn eng üppeg Vegetatioun mat ë. a. Kokospalmen, Broutbeem a Pisang.


 

Um Spaweck änneren

Commons: Cookinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien