Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Ethiopien (op Amharesch: ኢትዮጵያ) ass e Staat am Oste vun Afrika.

Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien
የኢትዮጵያ ፌዴራላዊ ዲሞክራሲያዊ ሪፐብሊክ
yä-Ityop̣p̣əya Federalawi Dimokrasiyawi Ripäblik

Fändel vun Ethiopien

Wope vun Ethiopien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Amharesch
Haaptstad: Addis Abeba
 • Awunner: 3.352.000 (2016)
 • Koordinaten: 9° 1’ 0’’ N
      38° 45’ 0’’ O
Staatsform: Parlamentaresch Bundesrepublik
 • President: Sahle-Work Zewde
 • Premierminister: Abiy Ahmed
Fläch: 1.104.300 km² (27.)
 • Dovu Waasser: 0,7 %
Bevëlkerung: 105.350.020 (2017) (12.)
Nationalhymn: የዜግነት ክብር (Wädäfit Gäsgeshi Wudd Ennate Ityop’ya - Marschéier virun, léif Mamm Ethiopien)
Wärung: Ethiopesche Birr (ETB)
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .et
Internationalen
Telefonsprefix
:
+251

Geographie änneren

Ethiopie grenzt un Eritrea am Norden an am Nordosten, und Dschibuti a Somalia am Osten, un de Sudan an de Südsudan am Westen an u Kenia am Süden.

Mat iwwer 105 Milliounen Awunner ass Ethiopien dat Land op der Welt mat de meeschten Awunner, dat keen Accès zum Mier huet, an no Nigeria dat afrikanescht Land mat der gréisster Bevëlkerung.

Déi gréisste Stad ass d'Haaptstad Addis Abeba.

Geschicht änneren

D'Geschicht vun Ethiopie geet bis an d'9. Joerhonnert zeréck. Mat Ausnam vun enger kuerzer Besetzung virun a wärend dem zweete Weltkrich duerch Italie war dat deemolegt Keeserräich Abessinien den eenzege Staat an Afrika, deen ni ënner europäesch Kolonialherrschaft gefall ass. Nom zweete Weltkrich huet de Keeser Haile Selassie d'Land deelweis moderniséiert. 1974 gouf d'Monarchie gestierzt an duerch e kommunistesche Regime ersat. D'Militärdiktatur, déi vum Ostblock ënnerstëtzt gouf, ass 1991 an engem Biergerkrich gefall. D'Rebellegrupp EPRDF huet sech zënterhier als Regierungspartei etabléiert a regéiert d'Land an engem federale System op eng autoritär Manéier.

Um Spaweck änneren

Commons: Ethiopien – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Wikimedia-Atlas: Ethiopien (en)

 
Déi gréisst Stied an Ethiopien