D'Republik Ghana, op Englesch Republic of Ghana, ass e Staat a Westafrika. De Ghana grenzt un de Burkina Faso, den Togo, d'Elfebeeküst an am Süden un de Golf vu Guinea.

Republic of Ghana
Republik Ghana

Fändel vu Ghana

Detailer

Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Accra
Staatsform: Republik
 • President: Nana Addo Dankwa Akufo-Addo
Fläch: 238.537 km²
Bevëlkerung: 27.043.093 (2014)
 • Bevëlkerungsdicht: 113/km²
Nationalhymn: God Bless Our Homeland Ghana
Zäitzon: UTC  
Internet TLD: .gh
Internationalen
Telefonsprefix
:
+233

Den Nationalfeierdag ass de 6. Mäerz, den Dag op deem Ghana seng Onofhängegkeet vu Groussbritannien krut (1957). D'Haaptstad vum Ghana ass Accra.

Reliéist Liewen änneren

60% vun den Awunner si Chrëschte. 16% vun de Ghanaer si Moslemen. De Rescht verdeelt sech op Naturreliounen an op aner Glawensrichtungen, déi hir Originnen an der Geschicht vum Land hunn.

Handel änneren

Een Drëttel vum Gesamtexport vu Ghana ass Gold. Ghana gëtt dohier och nach "Goldküst" genannt.
Ausserdeem exportéiert Ghana och nach Pëtrol, Diamanten, Kakao an Holz.

Struktur vum Land änneren

D'Land mat enger Fläch vun 238.537 km² ass an zéng Regiounen agedeelt, déi an verschidden Distrikter ënnerdeelt sinn. Am Ganze gëtt et am Ghana 162 Distrikter.

Gréisst Stied änneren

Déi zéng gréisst Stied, mat der jeeweileger Awunnerzuel (Héichrechnung 2006):

  • Accra (2.029.143 Awunner)
  • Kumasi (1.535.478 Aw.)
  • Tamale (375.402 Aw.)
  • Takoradi (246.419 Aw.)
  • Ashaiman (215.367 Aw.)
  • Tema (158.478 Aw.)
  • Teshie (149.174 Aw.)
  • Cape Coast (148.521 Aw.)
  • Sekondi (144.319 Aw.)
  • Obuasi (142.675 Aw.)

Bevëlkerungsentwécklung änneren

 
Bevëlkerungsentwécklung zwëscht 1961 an 2003
Joer Awunner
1984 (Zensus) 12.296.081
2000 (Zensus) 18.845.265
2006 (Berechnung) 21.355.656
2009 (Berechnung) 24.018.055

Um Spaweck änneren

Commons: Ghana – Biller, Videoen oder Audiodateien