South Tarawa, op Gilbertesesch an op Englesch: Teinainano Urban Council, ofgekierzt TUC, ass d'Haaptstad vun der Republik Kiribati.

Presidenten Residenz

Bevëlkerung änneren

D'Awunner liewen op e puer Insele vum Atoll Tarawa, an zwar vu Bairiki bis Bonriki. Bei där lescht genannter Insel handelt et sech ëm déi bevëlkerungsräichst. Am Ganze liewe 44.429 Leit[1] an der Haaptstad, wat méi wéi 40% vun den 112.000 Awunner vu Kiribati ausmécht.
Op Bonriki gëtt et e Fluchhafen, wärend zu Baikiri e Campus vun der University of the South Pacific ass. Déi Universitéit huet hiren Haaptsëtz op Honiara, der Haaptstad vun de Salomonen. Dat bewunnt Gebitt vum Atoll erstreckt sech iwwer eng Fläch vun 30 x 1 km.

Geographesch Koordinaten: 01° 19’ 45’’ N 172° 58’ 41’’ O

 
South Tarawa Positioun

Klima änneren

South Tarawa läit praktesch genee um Equator, dowéinst kann een do ëmmer mat vill Reen a mat Temperaturen ëm déi 28 °C rechnen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Geonames