Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Kosovo (op Albanesch: Kosova; op Serbesch: Косово / Kosovo) ass en deelweis unerkannte Staat am Südoste vun Europa, deen am Februar 2008 seng Onofhängegkeet vu Serbien als Republik Kosovo erkläert huet. Serbien erkennt zwar d'Gouvernance vun der Republik iwwer den Territoire un, beusprocht en awer nach als eegen Autonom Provënz vu Kosovo a Metochien.

Republika e Kosovës
Република Косово / Republika Kosovo
Republik Kosovo

Fändel vum Kosovo

Kosovarescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Albanesch, Serbesch[1]
Haaptstad: Pristina
Staatsform: Republik
 • Presidentin: Vjosa Osmani
 • Ministerpresident: Albin Kurti
Fläch: 10.887 km²
Bevëlkerung: 1.733.872[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 159,3/km²
Onofhängegkeet: 17. Februar 2008
Nationalhymn: Evropa
Wärung: Euro1
Zäitzon: UTC UTC+1 MEZ
UTC+2 MESZ (Mäerz–Oktober)
Internet TLD: nach net festgeluecht
Internationalen
Telefonsprefix
:
+383 vum 1. Januar 2015 un[3]

Geographie änneren

Kosovo huet keen Accès zum Mier a läit am Zentrum vun der Balkanhallefinsel. D'Haaptstad a gréisste Stad ass Pristina. E grenzt un Albanien an Nordmazedonien am Süden, u Montenegro am Westen an u Serbien am Norden an Osten.

Geschicht änneren

An der Antiquitéit waren an där Regioun d'Kinnekräich Dardania an déi spéider réimesch Provënz Dardania. Am Mëttelalter war se Deel vu Serbien éier se vum 15. bis an d'fréit 20. Joerhonnert Deel vum Osmanesche Räich war. Enn des 19. Joerhonnert gouf de Kosovo den Zentrum vun der albanescher Onofhängegkeetsbeweegung mat der Liga vu Prizren. Als Resultat vun der Defaite vum Osmanesche Räich am éischte Balkankrich (1912-1913) gouf et an d'Kinnekräich Serbien integréiert. No enger Vereenegungsperiod am Kinnekräich vu Jugoslawien gouf an der jugoslawescher Verfassung nom Zweete Weltkrich déi Autonom Provënz vu Kosovo a Metochien als Deel vun der jugoslawescher Deelrepublik Serbien geschaf.

Laang undauernd ethnesch Spannungen tëscht dem Kosovo senger albanescher a senger serbescher Bevëlkerung huet de Kosovo ethnesch dividéiert gelooss, wat zu interethnescher Gewalt gefouert huet, dorënner dem Kosovokrich (1998-99). De Krich ass mat enger Militärinterventioun vun der NATO zu Enn gaangen, déi d'Bundesrepublik Jugoslawien dozou gezwongen huet hir Truppen aus dem Kosovo zeréckzezéien. De Kosovo ass doropshin en UN-Protektorat ginn. De 17. Februar 2008 huet dem Kosovo säi Parlament d'Onofhängegkeet erkläert. D'Republik Kosovo gëtt diplomatesch als eegene Staat vun 96 UN-Memberstate unerkannt. Serbie weigert sech, de Kosovo als Staat unzeerkennen, obwuel et mam Accord vu Bréissel 2013 d'Legitimitéit vun de kosovareschen Institutiounen an dem Territoire säi spezielle Status a Serbien unerkannt huet. Am Accord steet, datt déi ëffentlech Institutiounen am Kosovo vun der Regierung vu Pristina an net vu Belgrad aus operéiert ginn.

De Kosovo ass zanter Juni 2009 Member beim Internationale Wärungsfong a bei der Weltbank, an zanter 2012 och bei der Europäescher Bank fir Neiopbau an Entwécklung. 22 vun de 27 EU-Memberstaten hunn d'Onofhängegkeet vum Kosovo unerkannt; Zypern, Griicheland, Rumänien, d'Slowakei a Spuenien hunn et net.

Wirtschaft änneren

Wärung änneren

Nom Kosovokrich, hat d'UNO d'D-Mark als offiziell Wärung agefouert, déi sech dunn als Bezuelmëttel och sou duerchgesat huet. Zanter datt et den Euro gëtt, gëtt am Kosovo domat bezuelt. De Kosovo gehéiert awer net zur europäescher Wärungsunioun. A verschiddene serbeschen Enklave gëtt mam serbeschen Dinar bezuelt.

Administrativ Andeelung änneren

De Kosovo ass an 38 Gemengen agedeelt, déi sech aus de grousse Stied an den Dierfer an hirer Ëmgéigend zesummesetzen.

Déi gréisst Gemengen änneren

Rang Numm (albanesch / serbesch) Awunner[4]
1. Prishtina / Priština 205.133
2. Prizren / Prizren 181.756
3. Ferizaj / Uroševac 111.141
4. Peja / Peć 98.237
5. Gjakovë / Đakovica 96.071
6. Gjilani / Gnjilane 91.413
7. Podujeva / Podujevo 89.185
8. Mitrovica / Kosovska Mitrovica 73.160
9. Vushtrria / Vučitrn 71.042
10. Suharekë / Suva Reka 61.190

Um Spaweck änneren

Commons: Kosovo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lännerinformatioun Kosovo vum Auswärtegen Amt Däitschland (Zougrëffsdatum 23. Februar 2008)
  2. Statistescht Amt vum Kosovo: Virleefeg Resultater vun der Vollekszielung 2011 (Zougrëffsdatum 13. November 2011)
  3. [1]
  4. Schätzung vun der kosovarescher Agence fir Statistik fir den 31. Dezember 2012 (Quell: ask.rks-gov.net "ESTIMATED DATA FOR 2012 BY MUNICIPALITY.xls")