Tuvalu
Tuvalu | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Tuvaluesch, Englesch | ||||
Haaptstad: | Atoll vu Funafuti | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Kinnek: | Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich | ||||
• Premierminister: | Feleti Teo | ||||
Fläch: | 26 km² | ||||
Bevëlkerung: | 11.900 2021 (194.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 475,88/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 1. Oktober 1978 (vu Groussbritannien) | ||||
Nationalhymn: | Tuvalu mo te Atua | ||||
Wärung: | Tuvalueschen Dollar Australeschen Dollar | ||||
Zäitzon: | UTC +12 | ||||
Internet TLD: | .tv | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+688 |
Tuvalu ass e polyneseschen Inselstaat am Pazifik. E läit ongeféier an der Mëtt tëscht Hawaii an Australien a besteet aus dräi Riffer a sechs richtegen Atoller. D'Land hat 2021 11.900 Awunner, op enger Landfläch vu 26 Quadratkilometer.
Geschicht
ännerenDéi éischt Awunner op Tuvalu ware Polynesier. Et gëtt ugeholl, datt se vu Samoa an Tonga op den tuvaluaneschen Atoll koumen an Tuvalu eng Tëschenetapp fir eng weider Migratioun a Melanesien an a Mikronesien war.
1568 ass de spuenesche Séifuerer Álvaro de Mendaña als éischten Europäer duerch d'Archipel geseegelt, wéi hien op senger Sich no Australien d'Insel Nui gesinn huet. 1819 ass d'Insel Funafuti, déi haut d'Haaptstad vun Tuvalu ass, Ellice's Island genannt ginn. Spéider ass deen Numm fir all néng Insele benotzt ginn. Am spéiden 19. Joerhonnert sinn d'Ellice's Islands an d'Aflossgebitt vu Groussbritannien gefall, nodeems d'Britten an déi Däitsch e Vertrag iwwer d'Demarkatioun vun hiren Aflossgebidder am pazifeschen Ozean ënnerschriwwen haten. Tëscht dem 9. an dem 16. Oktober 1892 sinn all d'Ellice Islands vum Kapitän Gibson zu engem brittesche Protektorat erkläert ginn. Vun 1892 bis 1916 sinn d'Ellice Islands als brittescht Protektorat vun engem "Resident Commissioner" verwalt ginn, als Deel vun de brittesche westpazifeschen Territoiren, a vun 1916 bis 1976 als Deel vun der Kolonie Gilbert and Ellice Islands.
Am Dezember 1974 gouf e Referendum gehale fir ze determinéieren, ob d'Gilbert Islands an d'Ellice Islands allebéid hir eege Verwaltung sollte kréien. Als Konsequenz vun deem Referendum huet d'Kolonie vun den Gilbert and Ellice Islands den 1. Januar 1976 opgehalen mat existéieren. Tuvalu ass am Kader vum Commonwealth den 1. Oktober 1978 voll onofhängeg ginn. De 5. September 2000 ass Tuvalu den 189. Member vun de Vereenten Natioune ginn.
Geographie
ännerenTuvalu läit ost-nordëstlech vun der Insel Santa Cruz, déi zu de Solomoninsele gehéiert, südëstlech vun Nauru, südlech vu Kiribati, westlech vun Tokelau, nordwestlech vu Samoa a Wallis a Futuna an nërdlech vu Fiji.
Den Inselstaat ass dicht bewunnt, a besteet aus néng Koralleriffer (dovu sechs Atoller) ouni räichhaltege Buedem, déi wäit ausernee leien. Aacht vun den néng Insele si bewunnt. Tuvalu ass ee vun de klengste Staaten op der Welt, a säin héchste Punkt läit nëmme 4,6 Meter iwwer dem Mier. Doduerch ass d'Land staark vun de Konsequenze vum Klimawandel an dem Steige vum Mieresspigel betraff[Source?].
Ekonomie
ännerenWéinst senger klenger Gréisst an der Isolatioun ass Tuvalu bal komplett vun Importer ofhängeg, besonnesch wat Liewensmëttel a Kraaftstoff betrëfft. D'Wirtschaft gëtt vum ëffentleche Secteur dominéiert. Et gëtt wéineg natierlech Ressourcen ausser Fësch. D'Akommes duerch den Export vu Fësch an de Verkaf vu Fëschereilizenzen ass eng bedeitend Geldquell fir d'Regierung. 2013 huet d'Akommes vun de Fëschereilizenzen iwwer 45% vum Bruttoinlandsprodukt representéiert.
Déi offiziell Hëllef vun auslänneschen Entwécklungspartner ass och wichteg. Tuvalu huet e bedeitende Patrimoine am Ausland. Den Tuvalu Trust Fund, en internationalen Treihandfong, ass 1987 ugeluecht ginn. Säi Wäert ass 2014 op 104 Milliounen USD geklommen.
De finanziellen Impakt vum Klimawandel an d'Käschte vu klimaspezifeschen Adaptatiounsprojete gëllen als eng grouss zukënfteg Erausfuerderung fir d'Land.
Biller
änneren-
Eng Zeechnung vun engem tuvaluanesche Mann an engem traditionelle Kostüm (1841)
-
Fra op Funafuti, fotograféiert am Joer 1900
-
Gebai vun der Regierung
-
Plage op Funafuti
-
Männer bauen en Ausleeërkanu
-
Satellittebild vum Nui-Atoll
Um Spaweck
ännerenCommons: Tuvalu – Biller, Videoen oder Audiodateien |