Stepanakert
Ստեփանակերտ
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Republik Arzach
Koordinaten: 39° 48' 55" N
46° 45' 07" E
Fläch: 25,66 km²
Awunner: 55.200 (2015)
Bevëlkerungsdicht: 2.151 Aw./km²
Héicht: 813 m
Zäitzon: UTC+4
Buergermeeschter: Suren Grigorjan

Stepanakert (arm. Ստեփանակերտ, russ. Степанакерт) ass d'Haaptstad vun der Republik Arzach, engem international net unerkannten De-facto-Staat.

Geschicht änneren

D'Stad huet ëmmer déi wiesselvoll Geschicht vu Biergkarabach gedeelt, op deem sengem Gebitt se läit.

Am Mëttelalter gouf se nach Vararakn (arm. Վարարակն‚ Floss dee séier fléisst) genannt an hat just Duerfgréisst. 1847, zur Zäit vum Russesche Räich, gouf se ëmbenannt an Xankəndi. Haaptstad vu Biergkarabach war deemools déi gréisste Stad an der Géigend, den Nopeschuert Schuschi. Well deen awer 1920 beim Schuschi-Pogrom duerch tierkesch an aserbaidjanesch Truppen zu engem groussen Deel zerstéiert gouf, hunn d'Bolschewiken no hirer Muechtergräifung eng nei Haaptstad fir d'Autonom Oblast Biergkarabach gebraucht an 1923 Stepanakert dozou gemaach, wat se nom armeenesche Kommuniste Stepan Schahumjan ëmbenannt hunn. Den Uert ass vun do u séier gewuess duerch d'Zouwanderung vun Armeenier aus der Ëmgéigend a krut 1940 d'Stadrechter.

Bekannt Stepanakerter änneren

  • Zori Balajan (* 1935), Schrëftsteller, Journalist a Sportdokter
  • Don Askarian (1949–2018), Filmproduzent, Regisseur an Dréibuchauteur
  • Robert Kotscharjan (* 1954), fréiere President vun der Republik Biergkarabach (1994-1997), fréiere President vun Armenien (1998-2008)
  • Sersch Sargsjan (* 1954), fréiere President vun Armenien (2008–2018)
  • Arkadi Ghukassjan (* 1957), fréiere President vun der Republik Biergkarabach (1997-2007)
  • Bako Sahakjan (* 1960), fréiere President vun der Republik Biergkarabach (2007-2020)
  • Karen Karapetjan (* 1963), fréiere Ministerpresident vun Armenien (2016–2018)
  • Arajik Harutjunjan (* 1973), President vun der Republik Biergkarabach (2020-)
  • André (* 1979), armeenesche Sänger deen d'Land 2006 beim ESC vertrueden huet

Fotosalbum vun der Stad änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stepanakert – Biller, Videoen oder Audiodateien