Präis Hëllef fir d'Natur
De Präis Hëllef fir d'Natur gouf 1985 an d'Liewe geruff[1] a gëtt un Organisatiounen oder Persoune verginn, déi besonnesch Verdéngschter am Natur- an Ëmweltschutz Opweises hunn.
De Präis gëtt an der Reegel am Naturmusée, am Januar oder Februar nom Präisjoer, iwwerreecht.
De Präis
ännerenDe Präis besteet engersäits aus engem Geldpräis, dee vum Ëmweltministère a vum Kulturministère mat 5.000 Euro dotéiert ass.[2]
Anerersäits kritt den Haaptlaureat zanter der éischter Präisiwwerreechung och en Ofgoss[3] vun der Bronzeskulptur mam Numm "Hibou / Eil" iwwerreecht, déi eng stiliséiert Eil duerstellt, an déi vum lëtzebuergesche Sculpteur Jean-Pierre Georg entworf gouf.
Jury vum Präis
ännerenD'Jury besteet aus Vertrieder vu follgenden Institutiounen:[4]
- 1 Vertrieder vum Kulturministère;
- 1 Vertrieder vum Ëmweltministère;
- 2 Vertrieder vum Naturmusée;
- 2 Vertrieder vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur;
- a bis zu 5 kooptéiert Spezialisten.
D'Jury gëtt vum Direkter vum Naturmusée presidéiert. D'Sekretariat gëtt vun der Verwaltung vum Naturmusée erleedegt.
D'Mandat vun all Jurysmember ass op dräi Joer begrenzt a kann erneiert ginn.
Editioune vum Präis
änneren- 2021: D'Membere vun der Kooperativ Ouni fir d'Grënnung an d'Bedreiwe vu Butteker, an deene keng Verpakungsoffäll ufalen a fir Sensibiliséierungsinitiativen am Offallberäich.[5]
- 2020: Youth for Climate Luxembourg[6], well et hinne gelongen ass, d'Klimakris ze thematiséieren an d'Besënnung ze schäerfen iwwert de Réckgang vun der Biodiversitéit an déi gesellschaftlech Defien, déi sech dorausser erginn.
- 2019: Aarbechtsgruppe fir Feldornithologie a Beréngung vun natur&ëmwelt fir hire benevollen Asaz am Beräich vun der Ornithologie.[7]
- 2018: Schéiferei Weber vu Léiler: Beweedung vun Naturschutzgebidder uechter d'Land, virun allem op Terraine vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an dem Gemengesyndikat SICONA-Sud-Ouest. Spezialpräis à titre posthume fir de Camille Gira, fir seng Verdéngschter am Beräich vum Natur- an Ëmweltschutz.
- 2017: Anja Staudenmayer an Tom Kass vum Kass-Haff[8] (biologesch-dynamesch geféierten Haff, mat pedagogeschen Aktivitéiten, oppe fir all Visiteur ouni Umellung, Schafe vu Biotopen)
- 2016: Centre for Ecological Learning Luxembourg asbl (CELL), stellvertriedend fir all Transition-Town-Initiativen zu Lëtzebuerg.[9]
- 2015: Frantz Charles Muller.
- 2014: Equibongert fir déi biologesch Gestioun an den Ënnerhalt vu Bongerten an der Gemeng Jonglënster. Mentioun fir déi national Campagne "Ouni Pestiziden" am urbanen a kommunale Beräich. D'Editioun 2014 vum Präis gouf den 9. Februar 2015 am Naturmusée iwwerreecht.
- 2013: Präis: Naturpark Öewersauer fir säin Engagement bei der Bekämpfung vun der invasiver Aart Risebiereklo (Heracleum mantegazzianum). Mentioun un d'Waasserwirtschaftsamt wéinst dem selwechten Engagement. D'Editioun 2013 vum Präis gouf den 10. Februar 2014 am Naturmusée iwwerreecht.
- 2012: 1. Präis: Jean Werner. 2. Präis: SEED (Som fir d'Erhalen an d'Entwécklung vun der Diversitéit). Zwou Mentiounen: eng fir de Projet Heck vun hei, an eng fir de Steve Schwartz fir säin Asaz fir d'Erhale vun der Diversitéit vu Gaardeplanzen. D'Editioun 2012 vum Präis gouf de 4. Februar 2013 iwwerreecht.[10]
- 2011: 1. Präis: Kraidergaart Wanseler. 2. Präis fir Bléi vum Séi. Spezialpräis fir Lëtzebuerger Privatbësch a.s.b.l. D'Editioun 2011 vum Präis gouf de 6. Februar 2012 iwwerreecht.[11]
- 2010: Präis: Adri van Westerop (posthum). Mentioun: Votum Klima.[12]
- 2009: Präis: Groussherzog Jean. Mentioun: Am Kader vum Projet Naturbësch un d'Forstverwaltung an d'Gemenge Bartreng, Beefort, Bäerdref, Beetebuerg, Leideleng, Manternach, Mäertert, Mompech, Schengen a Welleschten.
- 2008: Präis: Groupe de recherche mycologique vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Mentiounen: Josy Cungs a Raymond Gloden.
- 2007: Präis: Naturschoul Lasauvage. Mentioun: E Beiekuerf fir all Duerf.
- 2006: Präis: Oikopolis. Mentiounen: Vizerei Charles Lahr, Vizerei Carlo Wampach, Vizerei Dikrech, Äppelhaus.
- 2005: 1. Präis: SICONA-Sud-Ouest. 2. Präis: Syndicat d'initiative et de tourisme de la commune de Boulaide. Mentiounen u Gemengen: Bascharage, Gemeng Bartreng, Gemeng Betzder, Gemeng Biissen, Gemeng Buerschent, Gemeng Bous, Gemeng Dikrech, Gemeng Dippech, Iechternach, Ierpeldeng, Gemeng Ettelbréck, Hesper, Kautebaach, Keel, Stad Lëtzebuerg, Mäerzeg, Nidderaanwen, Péiteng, Réiser, Rëmeleng, Schieren, Schëffleng, Schëtter, Steesel, Walfer.
- 2004: Präis: Réidener Energieatelier. Mentiounen u Gemengen: Gemeng Biekerech, Gemeng Bauschelt, Gemeng Ell, Gemeng Esch-Sauer, Groussbus, Heischent, Stauséigemeng, Néngsen, Préizerdaul, Réiden op der Atert, Sëll, Useldeng, Viichten, Wal, Wanseler.
- 2003: Präis: Sektioun Kanton Cliärref vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
- 2002: Präis: Norbert Stomp. Mentiounen: Marie-Thérèse Tholl a Ben Schultheis.
- 2001: 1. Präis: Jean-Claude Kirpach. 2. Präis: Vereenegung fir biologesche Landbau asbl Lëtzebuerg a Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft Lëtzebuerg.
- 2000: Präis: Ökologie- a Jugendzentrum Huelmes.
- 1999: Präis: Robert Thorn. Naturaarbechten (Foyer et service d'entraide Ettelbruck / Comité national de défense sociale)
- 1998: ausgefall
- 1997: ausgefall
- 1996: Präis: Léopold Reichling.
- 1995: ausgefall
- 1994: Präis: Sonnentheater. 2. Präis: Sektioun Beetebuerg-Monnerech vun der LNVL; Sektioun Schëtter-Sandweiler-Nidderaanwen vun der LNVL, Association pour la défense du cadre de vie vun der Gemeng Nidderaanwen, Aktioun Maarkollef; AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburg. Mentiounen: Mike Omes a Pierrot Geilhausen.
- 1993: 1. Präis: Nicolas Knoch (Amis de la nature Ettelbruck). 2. Präis: Charlotte Everard (Jardin éducatif Differdange), Marie-Louise Jodocy a Camille Lehners (Jardin éducatif Redange/Attert). 3. Präis: Gemeng Steesel.
- 1992: Präis: Biobauere-Genossenschaft (BIOG) & Fédération des herdbooks luxembourgeois. 2. Präis: Albert a Georges Weis, André Hansen.
- 1991: 1. Präis: Association pour la promotion de l'éveil aux sciences. 2. Präis: Marianne Weber-Ludes. 3. Präis: Jugendgrupp vun der LNVL & Mouvement écologique Éislek.
- 1990: 1. Präis: Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). 2. Präis: Sicona Westen & Sektioun Mamer vun der LNVL.
- 1989: 1. Präis: Wierk Arbed-Diddeleng. 2. Präis: Entreprise Lamesch. 3. Präis: Ciments luxembourgeois s.a. & Rob Weyland s.a.
- 1988: 1. Präis: Gemeng Monnerech. 2. Präis: Gemeng Lëtzebuerg. 3. Präis: Gemeng Ëlwen.
- 1987: 1. Präis: Mouvement écologique régional ouest. 2. Präis: Sektioune Diddeleng & Schëffleng vun der LNVL.
- 1986: 1. Präis: Henri Rinnen. 2. Präis: Beienhaiser Beienhaus Huelmes a Beienhaus Wegdichen.
- 1985: 1. Präis: André a Jos Schank. 2. Präis: 5. Primärschoulklass vun der Gemeng Nidderaanwen & François Faber.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Cf. Règlement ministériel du 24 mai 1985 portant création d'un Prix «Hëllef fir d'Natur». Mémorial A Nr. 31 vum 19. Juni 1985. legilux
- ↑ Déi finanziell Ofwécklung vum Präis gëtt am Kader vun der Konventioun vum 1. Januar 1999 gereegelt tëschent der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an dem Lëtzebuerger Staat, vertrueden duerch de Kulturminister, den Ëmweltminister an dem Budgetsminister.
- ↑ D'Ofgëss ginn an der Fonderia Artistica Versiliese S.n.c. an Italie realiséiert.
- ↑ Cf. Règlement ministériel du 24 novembre 1990 modifiant et complétant le règlement ministériel du 24 mai 1985 portant création d'un Prix «Hëllef fir d'Natur». Mémorial A Nr. 15 vum 19. Mäerz 1991. legilux
- ↑ https://www.naturemwelt.lu/laureat-prais-hellef-fir-dnatur-2021-les-membres-de-la-societe-cooperative-ouni-www-ouni-lu/
- ↑ https://www.mnhn.lu/blog/2021/02/youth-for-climate-est-laureat-du-prais-hellef-fir-dnatur-2020/
- ↑ Schmit, R., 2020. Von wegen komische Vögel. Anerkennung für 100 Jahre Ehrenamt: Präis "Hëllef fir d'Natur" geht an ornithologische Arbeitsgruppen. Luxemburger Wort vum 20. Mäerz 2020, S. 36.
- ↑ Cf. http://www.kass-haff.lu/
- ↑ Luxemburger Wort vum 10. Februar 2017, S. 26.
- ↑ Luxemburger Wort vum 6. Februar 2013, S. 18.
- ↑ Luxemburger Wort vum 9. Februar 2012, S. 22.
- ↑ Luxemburger Wort vum 26. Januar 2011, S. 21.