Bléi vum Séi ass den Numm vun enger Handelsgenossenschaft mat Sëtz zu Wanseler, déi am Dezember 2003 mat follgende Ziler gegrënnt gouf[1]: Fërderung, Entwécklung, Produktioun a Vermaartung vun handwierkleche Produkter op Planzebasis, besonnesch Heel, Gewierz- an Aromaplanzen an hir Extrakter. An engems ass Bléi vum Séi de Markennumm, ënner deem d'Produkter vermaart ginn. An de Produkter ginn héichwäerteg Réistoffer verschafft, déi prioritär aus lokaler oder regionaler Produktioun aus den zwéin Naturparken Uewersauer an Our stamen.

Bléi vum Séi
Typ Kooperativ
Grënnungsdatum 2003
Sëtz 16 Op der Louh
L-9676 Näertrech
Lëtzebuerg
Produit Planzlech Produkter
Homepage bvs.naturpark.lu

Nieft dem Parfum Gëlle Fra zielen zu de Bléi-vum-Séi-Produkter: Buedueleger, Flëssigseefen, Shampoinen, Festseefen, Mazeraten, Cremen, Loumellen (Kamellen).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 23: 1073-1078 vum 8.1.2004 (PDF).