Haaptmenü opmaachen

Péiteng

Haaptuertschaft vun der Gemeng Péiteng

Péiteng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht an Haaptuert vun der Gemeng Péiteng.

Péiteng
Stadhaus Péiteng 01.jpg
D'Gemengenhaus zu Péiteng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pétange
de: Petingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Coat of arms petange luxbrg.png Péiteng
Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV)
Awunner 9.159 [1] (02/02/2018)
Fläch 410 ha
Koordinaten 49° 33’ 23’’ N
5° 52’ 37’’ O


Gedenkplack un der Parkschoul

GeschichtÄnneren

Péiteng gëtt fir d'éischt am Joer 938 an enger Charta historesch ernimmt an zwar ënner dem Numm "Perdgitten". Dem Professer Jos. Meyers no kënnt den Numm Péiteng vum Numm vun der fränkescher Sipp "Petto" hier. Am Laf vun der Geschicht huet Péiteng verschiddenen Herrschafte gehéiert.

  • 04. Abrëll 1281: Péiteng krut vum Heinrich V., genannt de Blonden, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Rudolph, Här vu Sterpenich, de Fräiheetsbréif nom béimesche Recht. Duerch dëse Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vu Péiteng fräi Bierger, déi sech selwer hunn däerfte verwalten ënner der Herrschaft vum Grof vu Lëtzebuerg.
  • Tëscht 1310 an 1346: Jang de Blannen erneiert a bestätegt de Fräiheetsbréif.
  • 07. Januar 1540: Neifaassung vum Fräiheetsbréif duerch de Keeser Karel V.
  • 1898: Aweiung vum Spidol St. Joseph, dat d'Zita-Schwëstere baue gelooss hunn.
  • 1900: Aweiung vun der haiteger Gare.
  • 1907: D'Gemeng keeft d'Schlass Nothomb mat allen Dependancen.
  • 1933: Aweiung vun der haiteger Parkschoul.
  • 15. Mee 1938: Aweiung vum haitege Stadhaus op där Plaz, wou virdrun d'Schlass stoung.
  • 11. Mee 1940: Franséisch Granate falen op Péiteng. Eng Famill wëllt sech am Keller vun der Parkschoul a Sécherheet bréngen. Wéi se am Schoulhaff waren, explodéiert eng Granat nieft hinnen. De François Hahn, seng Fra Marguerite an hire Jong René stierwen op der Plaz. Et waren déi éischt zivil Affer vu Péiteng. Eng Gedenkplack am Schoulhaff erënnert u si.
  • Den 9. September 1944 ass Péiteng, als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg, vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn. Bei dëser freedeger Geleeënheet ass den éischten amerikaneschen Zaldot op Lëtzebuerger Buedem, den Hyman S. Josephson, gefall. Him zu Éiere gouf um haitege Square Hyman S. Josephson zu Péiteng e Monument opgeriicht.

VerkéierÄnneren

Péiteng läit un de Linne 70 a 60 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Uertschaft ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N 5, N 5b, N 5c, N 5f, N 31 an den CR111.
Soss ass se nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE, wat fréier eng Tramsstreck war.

BevëlkerungsentwécklungÄnneren

  • 1473: 18 Feierplazen,
  • 1495: 9 Feierplazen,
  • 1525: 5 Feierplazen,
  • 1536: 3 Feierplazen,
  • 1618: 21 Feierplazen,
  • 1635: 6 Feierplazen
  • 1908: 1.705 Awunner,
  • 1925: 3.822 Awunner,
  • 1980: 6.400 Awunner,
  • 2007: 7.399 Awunner

Bekannt PéitengerÄnneren

 
D'Monument vum éischte gefalenen GI

Déi Péitenger Awunner droen de Spëtznumm Wandjangen.

KuckeswäertesÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren