En Naturbësch ass e Bësch oder en Deel vun engem Bësch, deen Naturschutzgebitt ass, an an deem keng Bëschwirtschaft méi bedriwwe gëtt, fir säin natierlechen Zoustand z'erhalen oder erëm hierzestellen.

Zu Lëtzebuerg gi fir Naturbëscher dës Ziler [1] ugestrieft:

  • Déi natierlech Entwécklung vun den Ekosystemer an der Biodiversitéit an deem Bësch,
  • D'Schafe vu Beobachtungsplaze fir Bëschfuerschung an Iwwerwaache vun der natierlecher Ëmwelt,
  • Bilde vu geneetesche Reserven an Ënnerhale vun der geneetescher Villfalt,
  • Fërdere vum Wäert vun dësem Naturschutzgebitt fir Erhuelung a Bildung.

Am Naturbësch ass et verbueden, déi markéiert Weeër ze verloossen, dat fir d'Liewensgemeinschaften am Bësch sou mann wéi méiglech ze stéieren. Well keng doudeg Äscht oder Beem ëmgeluecht ginn, besteet d'Gefor datt si falen. Dofir kennt och keng Assurance op, wann een de markéierten a gesécherte Wee dach verléisst.

Naturbëscher zu Lëtzebuerg änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Bis 2010 solle ronn 5 % vun de Gemengen- a Staatsbëscher zu Lëtzebuerg als Naturbësch klasséiert sinn. Dofir gi Bëscher erausgesicht, déi op d'mannst 50 ha grouss sinn, an an enger naturnoer Ausgankssituatioun sinn, respektiv wéineg duerch mënschlech Aktivitéite beaflosst sinn.

Weider Krittäre sinn den Alter, d'Struktur vum Bësch, d'Virkomme vun Doudholz, wéi och besonnesch Planzen- an Déierenaarten.

Zu de Lëtzebuerger Naturbëscher gehéieren:

Am Projet[Wéini ?]

De Projet Naturbësch gouf de 25. Januar 2010 mam Präis Hëllef fir d'Natur 2009 mat enger Mentioun ausgezeechent: domat gouf d'Aarbecht vun der Forstverwaltung an de Gemenge Bartreng, Beefort, Bäerdref, Beetebuerg, Leideleng, Manternach, Mäertert, Mompech aSchengen unerkannt, datt si et bis dohi fäerdeg bruecht hunn, ronn 1.500 Hektar vum Lëtzebuerger Bësch als Naturbësch ze klasséieren.

Literatur änneren

  • Danièle Murat: "Le réseau des réserves forestières intégrales au Luxembourg.' In: forum Nr 280, Oktober 2008, S. 27-29.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Objectifs et critères d'éligibilité des réserves forestières intégrales