Henri Rinnen (Sproochfuerscher)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Natur- a Sproochfuerscher Henri Rinnen. Fir de Lokalpolitiker, kuckt wgl. Henri Rinnen (Politiker). |
Den Henri (Heng) Rinnen, gebuer de 17. September 1914 zu Bënzelt, gestuerwen de 26. September 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sprooch- a Vullefuerscher.
Henri Rinnen | |
---|---|
Gebuer |
17. September 1914 Bënzelt |
Gestuerwen |
26. September 1998 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist |
Vu Beruff war den Henri Rinnen Employé op der Post. Hie war Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal a Matgrënner an éischte President vun der Actioun Lëtzebuergesch (bis 1972, dann nees vun 1984 bis 1992). Hien huet déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, en Däitsch-Lëtzebuergeschen an e Franséisch-Lëtzebuergeschen, zesumme mam Will Reuland erausginn, an op Radio Lëtzebuerg reegelméisseg Emissiounen iwwer d'Lëtzebuergesch gemaach.
Den Henri Rinnen war och en aktiven Naturschützer; hie war Matgrënner vun der Natura a vun 1968 bis 1986 President un der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Als eng Zort Synthees vu sengen zwéin Haaptintressie kann ee seng Sammlung iwwer Lëtzebuerger Vullennimm gesinn, déi 1969 erauskoum.
Wierker (Auswiel)
änneren- (mam Will Reuland): Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch, 1973 (iwwer 10 Oploen)
- déis.: Petit dictionnaire français-luxembourgeois
- "Luxemburger Vogelnamen", in: Bulletin linguistique et ethnologique 15, 1969.
- Ueter d'Joer, 1978
Gielercher
änneren- Chevalier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1976).[1]
Literatur
änneren- Jeff Baden, 2014. E grousse Frënd vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Natur - Zur Erënnerung un den Henri Rinnen (1914-1998). Die Warte, 18. September 2014, S. 2-3.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 18.01.2024.