Société des naturalistes luxembourgeois

lëtzebuergesch Organisatioun

D'Société des naturalistes luxembourgeois, ofgekierzt SNL, regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d. h. Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. D'Gesellschaft, déi 1890 gegrënnt gouf, huet hiren offizielle Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mat ronn 400 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.

Logo S.N.L.

D'S.N.L. publizéiert zanter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, an där Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, verëffentlecht ginn. 124 Bänn si bis 2022 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzege lëtzebuergesche Périodique scientifique, dee reegelméisseg erauskënnt. All Artikelen, vun 1891 bis elo, kënne vun der Websäit vun der SNL erof geluede ginn.[1]

Thematesch Aarbechtsgruppen änneren

Bannent der SNL funktionéieren dräi Aarbechtsgruppen, déi follgend Sujeten ofdecken:

  • Flora → Groupe de travail botanique
  • Insekten → Groupe de recherche entomologique
  • Pilzen → Groupe de recherche mycologique

Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne waren/sinn änneren

Geschichtleches änneren

 
Bulletin de la SNL 115 / 2014

D'S.N.L. ass 1890 ënner dem Numm FAUNA - Verein Luxemburger Naturfreunde gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere waren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann, zu deenen eigentlech och de Charles Olm misst gezielt ginn. Schonn am Joer 1891 steet um Deckel vum Bulletin de franséischen Numm: Société des naturalistes luxembourgeois.

Wichteg Etappen an der Geschicht vum Veräi sinn:

En détailléierten Historique fënnt een am Buch dat bei der Geleeënheet vum 100järege respektiv 125järege Bestoe vun der Gesellschaft publizéiert gouf: Massard, J.A., 1990: Livre du Centenaire 1890-1990. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-466. [1] respektiv Livre du 125e anniversaire, 1890-201 (Jos. A. Massard & Yves Krippel, coordinateurs ; Gaby Geimer, Claude Meisch & Christian Ries, collaborateurs), Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116 (2015), 575 S.

Am Oktober 2015 huet d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik eng ganz Partie Publikatioune vun der Société des naturalistes luxembourgeois an numeriséierter Form online zougänglech gemaach.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Online-Lëscht ënner https://www.snl.lu/publications-wp/bulletins-depuis-1891-pdf/.
  2. "Wierker vu "'Société des naturalistes luxembourgeois' online." rtl.lu, 29.10.2015, 12:17:37.