Norbert Stomp

lëtzebuergesche Biolog, Professer a Muséesdirekter


Den Norbert Stomp, gebuer de 25. Dezember 1940 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Biolog, Professer a Muséesdirekter.

Norbert Stomp
Gebuer 25. Dezember 1940
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Paräisser Universitéit
Aktivitéit Entomolog, Enseignant, Direkter

Hien ass virun allem bekannt als Direkter vum Naturmusée, fir säi berufflechen an ausserberufflechen Engagement am Beräich vum Natur- an Ëmweltschutz, an och als Auteur vun enger Rëtsch vu wëssenschaftleche Publikatiounen.

Den Norbert Stomp ass Membre effectif vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal, Éieremember vun der Académie lorraine des sciences, Éierepresident vun der Association des biologistes luxembourgeois a fréiere President vun de Frënn vum Naturmusée. Bis 2010 war hie Vizepresident vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur. Hien ass 1963 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois ginn.

Den Norbert Stomp ass bestuet a Papp vun engem Meedchen.

Studium a Karriär änneren

No der Primärschoul zu Miersch a senger Première am Stater Kolléisch (1960), huet den Norbert Stomp Biologie op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg an duerno op der Universitéit zu Paräis studéiert. No der Collation des grades (1964) huet hie säi Stage pédagogique am Stater Jongelycée gemaach, wou hien 1967 Professer genannt gouf. 1970 koum hien als Biologies-Professer an de Stater Kolléisch. Vun 1976 bis 1985 war hien och Professer fir Zoologie um Cours universitaire zu Lëtzebuerg. 1981 gouf hie Conservateur an 1988 Direkter vum Naturwëssenschaftleche Musée, wat hie bis zu senger Pensioun am Joer 2001 bliwwen ass.

Aktivitéiten als Muséesdirekter änneren

Ënner der Direktioun vum Norbert Stomp gouf den Naturwëssenschaftleche Musée duerch e Gesetz vun 1988 als Musée mat eegenem Statut etabléiert, an ass 1996 vum Fëschmaart an dat haitegt Gebai am Stadgronn geplënnert.

Ënner senger Leedung gouf den Naturmusée personell ausgebaut a krut 7 naturwëssenschaftlech Sektiounen an 2 technesch Servicer. Zu senger Initiativ gehéieren och de Science Festival, de Musée Bus, de Galileo Science Mobil, de Science Club an de Panda Club.

1982 huet hien am Naturmusée, mat der Ënnerstëtzung vum Minister Pierre Werner, e Centre de recherche scientifique gegrënnt, wou iwwer 150 fräiwëlleg wëssenschaftlech Mataarbechter mam Naturmusée zesummeschaffen an duerch de Musée an hirer Fuerschung ënnerstëtzt ginn.

Op seng Initiativ hi goufen 1988 resp. 1994 zwou Stëftunge gegrënnt déi enk mam Musée zesummeschaffen: de Centre de géodynamique et de séismologie mat Sëtz zu Walfer beim Laboratoire souterrain an der Walfer Gipsgrouf an d'Fondation Faune-Flore.

Engagement am Beräich vum Natur- an Ëmweltschutz änneren

1975 war den Norbert Stomp Matgrënner a bis 1977 President vum Comité national d'action pour un moratoire, engem Zesummeschloss vun engagéierten Naturwëssenschaftler mat Natura, Jeunes et environnement an der Biergerinitiativ Museldall, géint déi geplangt Atomzentral am Haff Réimech.

1985 ass op seng Initiativ de Präis Hëllef fir d'Natur fir d'éischt Kéier am Naturmusée iwwerreecht ginn. Hie gouf Lauréat vun dësem Präis fir d'Joer 2002[1], no senger Pensioun.

Wëssenschaftlech Aarbechten änneren

No Stagen am Muséum d'histoire naturelle zu Paräis an zu Genf huet den Norbert Stomp d'Collembolen, eng Grupp vun Insekte studéiert, besonnesch déi Aarten déi an Hiele liewen.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Stomp N., Weiner W.M., 2005. Some remarkable species of Collembola (Insecta, Apterygota) of the Luxembourg sandstone area. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle, Ferrantia 44: 227-232.
  • Stomp N., 1986. Tetracanthella hygropetrica luxemburgensis n. ssp. de la région du «Grès de Luxembourg » (Insecta, Collembola, Isotomidae). Bulletin du Muséum national d'histoire naturelle, sér. 2, 40 (4): 734-741.
  • Stomp N., 1971. Contribution à l'étude des Pseudosinella endogés. Espèces européennes de Pseudosinella à 5+5 yeux (Collembola, Entomobryidae). Revue d'Écologie et de Biologie du Sol 8: 173-188.
  • Stomp N., 1969. Sminthurinus concolor (Meinert, 1896) au Grand-Duché de Luxembourg (Insecta, Collembola). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 70 (1965): 175-184.
  • Stomp N., 1968. Deux nouvelles espèces d'Orchesella de la région du « Grès de Luxembourg » (Insecta, Collembola, Entomobryidae). Archives de l'Institut grand-ducal, section des sciences naturelles, mathématiques et physiques 33 (1967): 259-273.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Remise du Prix Hëllef fir d'Natur (20 janvier 2003). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 105 (2004), S. 148.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren