Adri van Westerop

lëtzebuergesch Chimistin, Auteurin vu Sachbicher a Politikerin

D'Adri van Westerop, gebuer den 9. Dezember 1957 zu Haarlem an Holland, gestuerwen den 23. Dezember 2009 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch[1] Chimistin, Autorin vu Saachbicher a Politikerin. Déi gebierteg Hollännerin hat sech 1983 zu Lëtzebuerg néiergelooss a war 1997 als éischt Ëmweltberoderin vum Land bekannt ginn.

Adri van Westerop
Gebuer 9. Dezember 1957
Haarlem
Gestuerwen 23. Dezember 2009
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist, Auteur, Politiker

Als engagéiert Ëmweltschützerin huet si sech fir e méi gesond a responsabelt Liewen agesat an huet versicht, ökologesch a sozial responsabelt Agéiere souwuel bei Privatleit wéi och bei Institutiounen z'initiéieren an z'entwéckelen. Follgend Theeme louchen hir besonnesch um Häerz: gesond Ernierung, ökologesch Bauen, Ëmweltschutz an de Verwaltungen, Ëmweltschutz am lëtzebuergeschen Handel, responsabelt Akafen, fairen Handel, Solidaritéit mat den Entwécklungslänner a.s.w..

Am Kader vu follgenden Organisatiounen a Manifestatiounen huet si versicht déi Theeme konkreet am Alldag ëmzesetzen: Akut (Grënnungsmember), Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL), Etika, Justice et Paix, Mouvement écologique, Oeko-Foire, Oekofonds, TransFair-Minka (Grënnungsmember). Am Januar 2011 krut si posthum de Präis Hëllef fir d'Natur 2010.

Si war an der Press an an de Medien aktiv, sou op verschiddene Radiostatiounen.

Zanter 1999 war d'Adri van Westerop an der Direktioun vu Servior op der Rumm beschäftegt.

D'Adri van Westerop war bestuet a Mamm vun engem Kand.

Zu Bierg gouf 2015 eng Strooss no hir benannt: rue Adri van Westerop (L-6923).

Politik änneren

D'Adri van Westerop gouf 1999 an de Gemengerot vu Betzder gewielt. Si war Presidentin vun zwou Gemengekommissiounen: d'Klimakommissioun (l'alliance pour le climat) an d'Auslännerkommissioun. Regional war si am Klimabündnis an am LEADER Miselerland engagéiert. D'Adri van Westerop war Kandidatin fir Déi Gréng fir d'Europa- a fir d'Chamberwalen.

Bibliographie änneren

  • Böhm, Michel & Adri van Westerop, 1999. Ecolabel: Oeko-Label für Tourismusbetriebe im Grossherzogtum Luxemburg: Informationsbroschüre = éco-label pour les établissements du secteur touristique au Grand-Duché de Luxembourg: brochure d'information. 42 S. Ministère du tourisme. Impr. Hengen, Luxemburg.
  • Fernand Fehlen, Marc Felten, Adri van Westerop, Raymond Aendekerk, Carlo Schmitz & Anne Zimmer, 1990. Essen: zwischen Fastfood und Öko-Kost. Forum fir kritesch Informatioun iwwer Politik, Kultur a Relioun Nr. 124: 17-42, Luxembourg.
  • Krippel, Yves, Gérard Schmidt & Adri van Westerop, 1999. Thematische Rundwege im Gebiet des Stausees an der Obersauer: die Natur erleben, die Natur verstehen, die Natur erhalten. 48 S. Stiftung Oeko-Fonds, Luxemburg.
  • Krippel, Yves, Gérard Schmidt & Adri van Westerop, 1999. Sentiers thématiques dans les environs du lac de la Haute-Sûre: découvrir la nature, comprendre la nature, protéger la nature. 48 S. Stiftung Oeko-Fonds, Luxemburg.
  • Krippel, Yves, Gérard Schmidt & Adri van Westerop, 1999. Thematische wandelroutes in het gebied rond het stuwmeer van de Obersauer. 48 S. Stiftung Oeko-Fonds, Luxemburg.
  • Schank, Marco & Adri van Westerop, 1989. Ëmweltschutz doheem. [Ill.: Roger Leiner]. Serie Oekofonds Bd. 1. 155 S. Kremer-Muller, Foetz. [3. Oplo 1991]
  • van Westerop, Adri & Kerstin Mager, 1992. Ëmweltschutz um Büro: praktische Ratschläge für einen umweltgerechten und gesunden Arbeitsplatz. 145 S. Umweltberatung-Oeko-Fonds, Oeko-Fonds, Rapid Press, Luxemburg.

Literatur änneren

  • Adri van Westerop †. Luxemburger Wort, 28. Dezember 2009, S. 16.
  • Nachruf - Adri van Westerop. etikaINFO 32 (April 2010): 2-3. Pdf

Notten änneren

  1. D'Adri van Westerop huet am Joer 2004 déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl.

Um Spaweck änneren