George Chakiris

US-amerikaneschen Dänzer, Sänger a Schauspiller

Den George Chakiris, gebuer de 16. September 1934 zu Norwood, Ohio ass en US-amerikaneschen Dänzer, Sänger a Schauspiller.

George Chakiris
Gebuer 16. September 1934
Norwood
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dänzer, Sänger, Filmschauspiller

An den 1950er Joren ass den George Chakiris haaptsächlech als Dänzer an Hollywood-Filmer opgetrueden. 1961 gouf hien dunn duerch d'Roll vum Bernardo an der Filmversioun vum Broadway Musical West Side Story bekannt. Weider bedeitend Filmer mat him sinn: La ragazza di Bube (1963) vum Luigi Comencini a Les demoiselles de Rochefort (1967) vum Jacques Demy mat der Catherine Deneuve a Françoise Dorléac.

Filmographie änneren

Kino änneren

Auszeechnungen änneren

  • 1962: Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll am Film West Side Story

Um Spaweck änneren