Gene Hackman

amerikanesche Schauspiller

Den Gene Hackman, gebuer den 30. Januar 1930 zu San Bernardino a Kalifornien als Eugene Allen Hackman, ass en US-amerikanesche Schauspiller.

Gene Hackman
am Joer 2008
Gebuer 30. Januar 1930
San Bernardino
Nationalitéit USA
Educatioun Pasadena Playhouse,
Art Students League of New York,
University of Illinois at Urbana-Champaign
Aktivitéit Filmschauspiller, Auteur
Famill
Bestuet mat Betsy Arakawa
Kanner Christopher Allen Hackman, Elizabeth Jean Hackman, Leslie Anne Hackman

Hien ass bekannt fir seng Charakterrollen, besonnesch an den 1970er an 1980er Joren, wéi am Francis Ford Coppola sengem The Conversation, als rabiate Polizist "Popeye" Doyle, an The French Connection oder a Mississippi Burning (1988). Hien huet och a manner usprochsvolle Rolle gespillt, z. B. 1978, 1980 an 1987 a Superman I bis III.

Hie krut e puermol de Golden Globe an zweemol en Oscar (1972 fir déi bescht Haaptroll an The French Connection an 1993 fir d'Nieweroll an Unforgiven).

Filmographie änneren

Kino änneren

Literatur änneren

  • Michael Hanisch: Ein Charakter. Wandlungsfähig: Gene Hackman. In: film-dienst. 58. Jahrgang Nr. 3/2005, S. 60-61, ISSN 0720-0781.

Um Spaweck änneren

Commons: Gene Hackman – Biller, Videoen oder Audiodateien