Maria Schell
D'Maria Schell (eigentlech Margarete Schell), gebuer de 15. Januar 1926 zu Wien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten, war eng Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin. Si war eng vun deene gréisste Stare vum däitschen Nokrichsfilm.
Maria Schell | |
---|---|
am Film "Le Notti Bianche" (1957) | |
Gebuertsnumm | Maria Margarete Anna Schell |
Gebuer |
15. Januar 1926 Wien |
Gestuerwen |
26. Abrëll 2005 Preitenegg |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Schwäiz, Éisträich |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Biograph, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Horst Hächler |
Papp | Hermann Ferdinand Schell |
Mamm | Margarethe Noé von Nordberg |
Geschwëster | Immy Schell, Carl Schell, Maximilian Schell |
Hir éischt Haaptroll hat si 1949 am Film Der Engel mit der Posaune. Duerno koume Filmer mam Dieter Borsche a mam O. W. Fischer, mat deem si souzesoen d'Traumpaar vum däitsche Film vun den 1950er Jore war. Die letzte Brücke ënner der Regie vum Helmut Käutner huet hir 1954 d'Gëlle Palm op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes an och den internationalen Duerchbroch abruecht.
Am Tatort-Krimi Heilig Blut vum WDR war d'Maria Schell am Januar 1996 an der Roll vun enger Äbtissin ze gesinn. Fir d'lescht virun enger Kamera war si 2002 am Dokumentarfilm Meine Schwester Maria, deen hire Brudder Maximilian iwwer si gedréit huet. Allen zwee krute se dofir e Bambi.
D'Schell huet an hire leschte Joren un Demenz gelidden a ganz zeréckgezunn a Kärnten an den éisträicheschen Alpe gewunnt. Am Abrëll 2005 ass si un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.
Filmer
ännerenKino
änneren- 1942: Steibruch, Regie: Sigfrit Steiner, Schauspiller: Heinrich Gretler, Adolf Manz a Sigfrit Steiner
- 1948: Der Engel mit der Posaune, Regie: Karl Hartl, Schauspiller: Paula Wessely, Hedwig Bleibtreu an Adrienne Gessner
- 1948: Maresi, Regie: Hans Thimig, Schauspiller: Attila Hörbiger, Siegfried Breuer an Franz Pfaudler
- 1948: Nach dem Sturm, Regie: Gustav Ucicky, Schauspiller: Marte Harell, Leopold Rudolf an Annie Rosar
- 1949: Die letzte Nacht, Regie: Eugen York, Schauspiller: Sybille Schmitz, Karl John a Carl-Heinz Schroth
- 1950: The Angel with the Trumpet, Regie: Anthony Bushell, Schauspiller: Basil Sydney, Eileen Herlie an Oskar Werner
- 1950: Es kommt ein Tag, Regie: Rudolf Jugert, Schauspiller: Dieter Borsche, Lil Dagover a Gustav Knuth
- 1951: Dr. Holl, Regie: Rolf Hansen, Schauspiller: Dieter Borsche, Heidemarie Hatheyer a Marianne Koch
- 1952: Der träumende Mund, Regie: Josef von Báky, Schauspiller: O.W. Fischer
- 1952: Bis wir uns wiederseh'n, Regie: Gustav Ucicky, Schauspiller: O.W. Fischer, Karl Ludwig Diehl a Kurt Meisel
- 1953: Die letzte Brücke, Regie: Helmut Käutner, Schauspiller: Bernhard Wicki, Barbara Rütting a Carl Möhner
- 1953: Solange du da bist, Regie: Harald Braun, Schauspiller: O.W. Fischer, Hardy Krüger a Brigitte Horney
- 1953: So Little Time , Regie: Compton Bennett, Schauspiller: Marius Goring, Gabrielle Dorziat a Lucie Mannheim
- 1953: Tagebuch einer Verliebten, Regie: Josef von Báky, Schauspiller: O.W. Fischer, Ernst Schröder a Margarete Haagen
- 1954: The Magic Box, Regie: John Boulting, Schauspiller: Robert Donat, Margaret Johnston a Richard Attenborough
- 1954: The Heart of the Matter, Regie: George More O'Ferrall, Schauspiller: Trevor Howard, Elizabeth Allan am Denholm Elliott
- 1954: Herr über Leben und Tod, Regie: Victor Vicas, Schauspiller: Ivan Desny, Ernst Wilhelm Borchert a Fritz Tillmann
- 1955: Napoléon, Regie: Sacha Guitry, Schauspiller: Jean Gabin, Jean Marais a Michèle Morgan
- 1955: Die Ratten, Regie: Robert Siodmak, Schauspiller: Curd Jürgens, Heidemarie Hatheyer a Gustav Knuth
- 1956: Rose Bernd, Regie: Wolfgang Staudte, Schauspiller: Raf Vallone a Siegfried Lowitz
- 1956: Gervaise, Regie: René Clément, Schauspiller: François Périer, Jany Holt a Mathilde Casadesus
- 1956: Liebe - Regie: Horst Hächler - Haaptacteuren: Raf Vallone, Eva Kotthaus
- 1957: Le notti bianche, Regie: Luchino Visconti, Schauspiller: Marcello Mastroianni, Jean Marais a Marcella Rovena
- 1957: The Brothers Karamazov, Regie: Richard Brooks, Schauspiller: Yul Brynner, Claire Bloom a Lee J. Cobb
- 1958: Une vie, Regie: Alexandre Astruc, Schauspiller: Christian Marquand, Pascale Petit an Ivan Desny
- 1958: Der Schinderhannes, Regie: Helmut Käutner, Schauspiller: Curd Jürgens, Christian Wolff a Fritz Tillmann
- 1958: The Hanging Tree, Regie: Delmer Daves, Schauspiller: Gary Cooper, Karl Malden an George C. Scott
- 1959: Raubfischer in Hellas, Regie: Horst Hächler, Schauspiller: Cliff Robertson, Cameron Mitchell a Peter Carsten
- 1960: The Mark, Regie: Guy Green, Schauspiller: Stuart Whitman, Rod Steiger a Brenda De Banzie
- 1960: Cimarron, Regie: Anthony Mann, Schauspiller: Glenn Ford, Anne Baxter a Russ Tamblyn
- 1961: Das Riesenrad, Regie: Géza von Radványi, Schauspiller: O.W. Fischer, Rudolf Forster a Margitta Scherr
- 1962: Ich bin auch nur eine Frau, Regie: Alfred Weidenmann, Schauspiller: Paul Hubschmid, Hans Nielsen an Anita Höfer
- 1965: L' assassin connait la musique, Regie: Pierre Chenal, Schauspiller: Paul Meurisse, Sylvie Bréal an Yvonne Clech
- 1969: Le diable par la queue - Regie: Philippe de Broca - Haaptacteuren: Yves Montand, Marthe Keller
- 1970: Il trono di fuoco, Regie: Jesús Franco, Schauspiller: Christopher Lee, Leo Genn a Leo Genn
- 1971: Die Pfarrhauskomödie, Regie: Veit Relin, Schauspiller: Veit Relin, Jane Tilden an Thomas Fritsch
- 1974: The Odessa File, Regie: Ronald Neame, Schauspiller: Jon Voight, Klaus Löwitsch a Maximilian Schell
- 1975: Folies bourgeoises, Regie: Claude Chabrol, Schauspiller: Bruce Dern, Stéphane Audran a Sydne Rome
- 1976: Voyage of the Damned, Regie: Stuart Rosenberg, Schauspiller: Faye Dunaway, Oskar Werner an Julie Harri
- 1977: Teerosen, Regie: Rolf von Sydow, Schauspiller: O.W. Fischer, Ulli Philipp a Jan Niklas
- 1978: Superman, Regie: Jacques Rouffio, Schauspiller: Christopher Reeve, Trevor Howard a Trevor Howard
- 1982: La passante du Sans-Souci, Regie: Jacques Rouffio, Schauspiller: Michel Piccoli, Helmut Griem a Mathieu Carrière
- 2002: Meine Schwester Maria, Regie: Maximilian Schell
Um Spaweck
ännerenCommons: Maria Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien |