Richard Attenborough

brittesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent

De Richard Samuel Attenborough, Baron Attenborough, gebuer den 29. August 1923 zu Cambridge, England an och do gestuerwen de 24. August 2014, war en englesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.

Richard Attenborough
Gebuertsnumm Richard Samuel Attenborough
Gebuer 29. August 1923
Cambridge
Gestuerwen 24. August 2014
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Politiker, Universitéitsprofesser, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur
Partei Labour Partei
Famill
Bestuet mat Sheila Sim
Geschwëster David Attenborough
Kanner Charlotte Attenborough

Mat 17 Joer huet de Richard Attenborough zu London op der Royal Academy of Dramatic Art studéiert. Am Joer 1942 krut hie seng éischt Roll am West End Theatre. Am selwechte Joer huet hien och am Film In Which We Serve vum Noël Coward an David Lean seng éischt Roll gespillt. Weider Optrëtter als Schauspiller hat hien a bedeitende Filmer wéi an dem Zweete Weltkrichs Film A Matter of Life and Death (1946) vum Michael Powell an Emeric Pressburger an am Kriminalfilm The League of Gentlemen (1959) vum Basil Dearden. Weider war hien am Krichsfilm The Great Escape (1963) vum John Sturges, dee sech an engem Gefangenelager ofgespillt huet, ze gesinn. An The Flight of the Phoenix (1965) vum Robert Aldrich war hien ee vun de Passagéier vun engem Fliger deen an der Wüst erofgefall war. An am Science-Fiction-Film Jurassic Park (1993) vum Steven Spielberg huet hien den Direkter vum engem Park mat Dinosaurier gespillt.

Am Joer 1969 huet hie mat Oh, What a Lovely War säin éischte Film als Regisseur gedréint. Bekannt Filmer vun him als Regisseur sinn de Krichsfilm A Bridge Too Far (1977) mam Dirk Bogarde, Sean Connery, Gene Hackman, Michael Caine, Maximilian Schell an Hardy Krüger an den Haaptrollen an dann nach am Joer 1982 Gandhi mam Ben Kingsley a Candice Bergen eng Biographie vum Mahatma Gandhi.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Schauspiller änneren

vun 1942 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1990 bis 2001 änneren

als Regisseur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Richard Attenborough – Biller, Videoen oder Audiodateien