Al Pacino

US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur

Den Alfredo James "Al" Pacino, gebuer de 25. Abrëll 1940 zu New York, ass en US-amerikanesche Schauspiller. Hien huet bis ewell eemol en Oscar gewonnen an zwar fir seng Nieweroll an Scent of a Woman.

Al Pacino
Gebuertsnumm Alfredo James Pacino
Gebuer 25. Abrëll 1940
Manhattan
Nationalitéit USA
Educatioun HB Studio,
Actors Studio,
Lee Strasberg Theatre and Film Institute,
Fiorello H. LaGuardia High School
Aktivitéit Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Beverly D'Angelo

Den Al Pacino huet, nodeem en d'Schoul ofgebrach hat a Member vun enger Gang gi war, um Stella Adler Conservatory of Acting an am Actor's Studio beim Lee Strasberg Schauspill studéiert. Me, Natalie vum Fred Coe (1969) war säin éischte Film.

1972 huet hien de jonke Michael Corleone am Francis Ford Coppola sengem The Godfather gespillt. Hien huet zanterhier zwéi Filmer mam Coppola gedréint: The Godfather Part II (1974) an The Godfather: Part III (1990). Duerno huet e mam Sidney Lumet de Serpico gedréint. Dëse koum 1974 eraus, d'selwecht Joer wéi The Godfather: Part II. Fir déi Roll, wéi och fir déi am Sidney Lumet sengem Dog Day Afternoon (1975) gouf hien all Kéier fir den Oscar nominéiert.

1983 huet de Pacino de Gangster Tony Montana am Brian De Palma sengem Scarface interpretéiert.

1992 huet hien de Frank Slade am Film Scent of a Woman interpretéiert. E krut dofir den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll.

Duerno huet hien enger Rëtsch Filmer matgespillt, déi kommerziell manner Succès haten, wéi Carlito's Way (1993), Heat (1995) vum Michael Mann, a Looking for Richard (1996), The Devil's Advocate 1997, Donnie Brasco (1997), The Insider (1999) an Any Given Sunday (1999) vum Oliver Stone.

Filmpgraphie änneren

als Schauspiller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Al Pacino – Biller, Videoen oder Audiodateien