De Gordon Douglas gebuer de 15. Dezember 1907 zu New York City a gestuerwen den 29. September 1993 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.

Gordon Douglas
Gebuer 15. Dezember 1907
New York
Gestuerwen 29. September 1993
Los Angeles
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Regisseur

De Gordon Douglas huet seng Carrière an de Filmstudioe vum Hal Roach an den 1930er Joren ugefaangen. Vun 1935 bis 1938 huet hien als Regisseur fir déi selwecht Studioen 23 Kuerzfilmer aus der Serie Our Gang realiséiert.

Nieft Kaméidisfilmer mam Stan Laurel, Oliver Hardy an Jerry Lewis huet hien och Kriminalfilmer gedréint, erauszesträichen ass do d'Serie vu 4 Filmer ëm den Tony Rome mam Frank Sinatra an der Haaptroll. Am Joer 1954 hat hien och mat Them! engem interessante Science-Fiction-Horrorfilm e gewëssen Erfolleg am Box-Office.

Bedeitend Western huet hie mat Filmer wéi Yellowstone Kelly (1959) mam Clint Walker, Rio Conchos (1964) mam Richard Boone a Barquero (1970) mam Lee Van Cleef a Warren Oates realiséiert.

Säi leschte Film Viva Knievel! iwwer de Cascadeur Evel Knievel huet hien am Joer 1976 gedréint. Am September 1993 ass hien am Alter vu 85 Joer gestuerwen.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

vun 1935 bis 1939 änneren

  • 1935: Lucky Beginners - (Kuerzfilm)
  • 1935: The Infernal Triangle - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1936: Bored of Education - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1936: Two Too Young - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1936: Pay As You Exit - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1936: Spooky Hooky - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1936: General Spanky - Haaptacteuren: George 'Spanky' McFarland, Phillips Holmes
  • 1937: Reunion in Rhythm - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Glove Taps - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Hearts Are Thumps - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Rushin' Ballet - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Three Smart Boys - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Roamin' Holiday - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Night 'n' Gales - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Fishy Tales - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Framing Youth - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: The Pigskin Palooka - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1937: Our Gang Follies of 1938 - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Bear Facts - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Came the Brawn - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Feed 'em and Weep - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Hide and Shriek - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: The Little Ranger - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Aladdin's Lantern - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1938: Canned Fishing - (Kuerzfilm aus der Serie: Our Gang)
  • 1939: Zenobia - Haaptacteuren: Oliver Hardy, Harry Langdon

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1977 änneren

Um Spaweck änneren