De Karl Malden, gebuer den 12. Mäerz 1912 zu Chicago als Mladen George Sekulovich (Serbesch: Младен Ђорђе Секуловић), a gestuerwen den 1. Juli 2009 zu Brentwood bei Los Angeles war en US-amerikanesche Schauspiller.[1][2]

Karl Malden
Gebuer 22. Mäerz 1912
Chicago
Gestuerwen 1. Juli 2009
Brentwood
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit USA
Educatioun Stella Adler Studio of Acting
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur

Liewen a Karriär änneren

De Karl Malden ass den eelste Jong vun enger Tschechin an engem Serb.[2] Hien ass bis e fënnef Joer al war a senger Gebuertsstad Chicago an duerno zu Gary am US-Staat Indiana opgewuess.[1]

Éier de Karl Malden 1933 op der Goodman Theatre Dramatic School zu Chicago Schauspillunterrecht geholl huet, war hie Schmelzaarbechter, an engem Heichuewebetrib, wou hie mat Aarbechten déi mat groussem Risiko verbonne waren, vill Sue verdéngt hat.

Säin Numm huet hien Enn der 1930er Joren, op e Rot vum Elia Kazan geännert.[1]

Seng Holliwoodcarrière huet hien an zwéi Klassiker ugefaangen. Fir eng Nieweroll am Film A Streetcar Named Desire, an deem hien de scheie Mitch spillt, deen an d'Südstaatlerin Blanche Dubois verléift ass, krut hien en Oscar. Am Film On the Waterfront, spillt hien e Paschtouer, deen e jonke Boxer a sengen Aktioune géint korrupt Gewerkschaftsbosser ënnerstëtzt. An den zwéi Filmer hat den Elia Kazan d'Regie, an dem Malden säi Partner war de Marlon Brando.

Hien huet ë. a. a Broadway-Theaterstécker, a Western, Spionagefilmer a Musicale matgespillt. Mat seng bekanntst Roll war déi vum Läitnant Mike Stone zesumme mam Michael Douglas (Inspekter Heller), an der Televisiounsserie The Streets of San Francisco.

Säi leschten Optrëtt hat de Karl Malden am Joer 2000 an der US-Serie West Wing déi den deeglechen Oflaf vum Liewe vun engem fiktive President am Wäissen Haus weist, an där hien e Paschtouer spillt.

De Karl Malden, dee vun 1938 u mat der Schauspillerin Mona Graham bestuet war, huet a 70 Filmer matgespillt, a war vun 1989] bis 1992 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences.

Filmographie änneren

 
De Karl Malden an den 1950er

als Regisseur (Kino) änneren

als Schauspiller (Kino) änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1987 änneren

als Schauspiller (TV) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Karl Malden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 LA Times: From the Archives: Karl Malden dies at 97; Oscar-winning actor (2. Juli 2009)
  2. 2,0 2,1 BBC: Hollywood actor Karl Malden dies (2. Juli 2009)