Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Majorzsystem (och nach Majoritär Ofstëmmung[1], (fr) système de la majorité relative) ass e Walsystem, mat deem et am einfachsten ass d'Gewënner - op Basis vun de Stëmmen, déi e Kandidat kritt huet - ze bestëmmen.

Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt fir d'Gemengewalen an de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner nom Majorzsystem gewielt[2].

Jidder Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Gemengeréit (Conseilleren) fir an de Gemengerot ze wiele gëtt. D'Zuel vun de Conseillere gëtt op Basis vun der Awunnerzuel pro Gemeng iwwert e Règlement grand-ducal festgehalen.

De Wieler stëmmt, andeem en ee Kräiz (+ oder ×) an d'Case niewent dem Numm vun all Kandidat mécht, deen hie wielt. De Kandidat mat de meeschte Stëmmen (relativ Majoritéit) gewënnt.

Gemengewalen 2023 änneren

Fir d'Gemengewalen den 11. Juni 2023 gouf a follgende 56 Gemengen nom Majorzsystem gewielt: Ärenzdall, Bäerdref, Bauschelt, Bech, Beefort, Bettenduerf, Biekerech, Biwer, Bous, Buerschent, Colmer-Bierg, Duelem, Ell, Esch-Sauer, Feelen, Fëschbech, Fiels, Fluessweiler, Garnech, Géisdref, Groussbus, Helperknapp, Hiefenech, Ierpeldeng op der Sauer, Käerch, Kiischpelt, Konsdref, Leideleng, Lenneng, Mäerzeg, Manternach, Noumer, Parc Housen, Pëtschent, Préizerdaul, Reckeng op der Mess, Réiden op der Atert, Reisduerf, Rouspert-Mompech, Schengen, Schieren, Sëll, Stadbriedemes, Stauséigemeng, Tandel, Useldeng, Veianen, Viichten, Wäiswampech, Wal, Waldbëlleg, Waldbriedemes, Wanseler, Weiler zum Tuer a Wuermer.

Soss doruechter änneren

De Majorzsystem gëtt a verschiddene Länner (Kamerun, Südkorea, Island, Kenia, Malawi, Mexiko, Philippinnen, Venezuela, Demokratesch Republik Kongo, Togo, Taiwan) fir Presidentschaftswale benotzt. Et gëtt en och bei Parlaments- oder Legislativwalen a Walbezierker wéi z. B. a Groussbritannien, den USA oder a Kanada.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (lb)Instruktioune fir d'Wieler. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 09.06.2023.
  2. (fr)Loi électorale du 18 février 2003. data.legilux.public.lu (18.02.2003). Gekuckt de(n) 09.06.2023.. "Art. 199: Les élections communales se font d'après le système de la majorité relative dans toutes les communes du pays dont la population est inférieure à 3.000 habitants."