Chamberwale vum 7. Juni 2009

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 zu Lëtzebuerg si 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an dat nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt ginn.

Stëmmziedel vum Walbezierk Osten

D'Chamberwale waren de selwechten Dag wéi d'Wale fir d'Europäescht Parlament.

No de Walen ass et zu enger weiderer Koalitioun tëscht CSV an LSAP komm.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Regierung Juncker-Asselborn II.

Parteien

änneren

8 Parteie sinn ugetrueden a 452 Leit hu kandidéiert. Et waren 223876 Lëtzebuerger opgefuerdert, wielen ze goen.

Lëscht Lëtzebuergesch Franséisch
1     Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) Parti communiste luxembourgeois
2 Déi Gréng Les Verts
3 Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) Parti réformiste d'alternative démocratique
4 Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) Parti Ouvrier Socialiste Luxembourgeois
5 Demokratesch Partei (DP) Parti Démocratique
6 Déi Lénk La Gauche
7 Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) Parti populaire chrétien social
8 Biergerlëscht Liste des Citoyens

D'Biergerlëscht hat just an de Bezierker Süden an Norden eng Lëscht.

Resultater

änneren
Partei Prozent 2004 Sëtz 2004 Prozent 2009 +/− Sëtz 2009 +/−
CSV 36,1 24 38,0 +1,9 26 +2
LSAP 23,4 14 21,6 −1,8 13 −1
DP 16,1 10 15,0 −1,1 9 −1
Déi Gréng 11,6 7 11,7 +0,1 7 ±0
ADR 9,9 5 8,1 −1,8 4 −1
Déi Lénk 1,9 0 3,3 +1,4 1 +1
KPL 0,9 0 1,5 +0,6 0 ±0
Biergerlëscht - - 0,8 +0,8 0 ±0
FPL 0,1 0 - - - -

D'Fräi Partei Lëtzebuerg ass net méi bei de Walen 2009 ugetrueden.

D'CSV gewënnt par Rapport zu 2004 2 Sëtz a kënnt am Ganzen op 26 Sëtz. Si kann domat hir Avance op déi aner Parteien nach weider ausbauen.

Déi Lénk gewanne fir d'éischt zanter 1999 erëm e Sëtz an der Chamber, an dat mat bal genee dem selwechte Resultat wéi bei de Walen 1999.

D'LSAP verléiert ee Sëtz an huet der nach 13, d'DP verléiert och een a kënnt op 9 Sëtz an och d'ADR verléiert ee vun hire 5 Sëtz an huet der nach 4.

Déi Gréng bleiwen onverännert bei 7 Sëtz, d'KPL kritt och 2009 kee Sëtz an der Chamber.

Resultater no Walbezierk

änneren
CSV LSAP DP Déi Gréng ADR Déi Lénk KPL BL
Zentrum 38.6 % 17.8 % 19.4 % 13.2 % 6.3 % 3.5 % 1.1 % -
Osten 41.5 % 16.2 % 15.4 % 14.2 % 9.5 % 2.3 % 1.0 % -
Norden 39.6 % 17.4 % 18.2 % 10.8 % 10.3 % 2.0 % 1.0 % 0.8 %
Süden 35.6 % 28.2 % 10.1 % 10.2 % 7.9 % 4.1 % 2.2 % 1.7 %

D'CSV bleift staark am Osten a kritt nach 2,9 % bäi fir op 41,5 % ze kommen. Domat huet si am Osten hiert bescht Resultat. D'CSV kritt, wéi och 2004, an alle Gemengen déi meescht Stëmmen.

D'LSAP bleift bal konstant op 16,2 % (-0,3 %) a ka sech am Osten net méi verbesseren nodeem se 1999 ënner 20 % gefall war. Zanter 1999, wéi se an 2 Gemenge stäerkst Kraaft war, konnt d'LSAP a kenger Gemeng am Oste méi gewannen.

Och d'DP, déi 2004 ënner 20 % gerutscht ass, ka sech am Osten net méi erhuelen a verléiert 3,7 % fir nach op 15,4 % ze kommen. Si fält domat hanner d'LSAP. 1999 war d'DP nach a 4 Gemenge stäerkst Partei, 2009 konnt se sech fir d'zweet a kenger Gemeng duerchsetzen.

Déi Gréng verbessere sech zanter 1999 konstant, kënnen 2,1 % bäileeën a kommen op 14,2 %. Dat ass hiert stäerkst Resultat an engem Bezierk.

D'ADR verléiert 2,8 % a kënnt nach op 9,5 %. Si fält domat hanner déi Gréng.

Déi Lénk kommen op 2,3 % (+1 %) an d'KPL kënnt op 1 %.

D'CSV kënnt lo op 4 Sëtz (+1), d'LSAP, d'DP an déi Gréng op 1. Fir d'ADR geet et net méi fir e Sëtz duer.

D'CSV gëtt weider am Norde gestäerkt, gewënnt 2,3 % a kënnt op 39,6 %. Si gewënnt an alle Gemengen ausser Wolz, wou se nach 2004 déi meescht Stëmmen hat.

D'DP verléiert 2 % kënnt lo op 18,2 %. Anescht wéi 2004, wou d'DP sech an 2 Gemengen duerchgesat huet, gewënnt se 2009 a kenger Gemeng.

D'LSAP kann 1,6 % bäileeën a kënnt op 17,4 %. Si kritt, wéi 1999, erëm zu Wolz déi meescht Stëmmen.

Déi Gréng bleiwe konstant a kommen op 10,8 % (-0,1 %).

D'ADR verléiert konstant zanter 1999 a fält mat 10,3 % (-4,4 %) hanner déi Gréng. Am Norden huet d'ADR hiert stäerkst Resultat.

Déi Lénk kommen op 2 % (+0,7 %) an d'KPL kritt 1 %. D'Biergerlëscht kënnt op 0,8 %.

Bei de Sëtz bleift alles beim Alen. D'CSV huet der 4, d'DP der 2 an d'LSAP, déi Gréng an d'ADR 1.

Zentrum
änneren

Och am Zentrum gewënnt d'CSV zanter 1999 staark a kënnt lo op 38,6 % (+3,1 %). Si ka sech an alle Gemengen duerchsetzen.

D'DP verléiert erëm am Zentrum a kënnt op 19,4 % (-1,9 %). 1999 hat se nach iwwer 30 % a war déi stäerkste Partei. Deemools hat se sech an 8 Gemengen duerchgesat (dorënner an der Stad), zanter 2004 ass hinnen dat net méi gelongen. D'DP huet am Zentrum awer nach ëmmer hiert bescht Resultat.

D'LSAP verléiert 1 % a kënnt op 17,8 %. Domat ass d'LSAP zimmlech konstant zanter 1999. Nodeem d'LSAP sech 1999 a 4 Gemenge behaapte konnt, huet si et fir d'zweet net gepackt, déi meescht Stëmmen an enger Gemeng ze kréien.

Déi Gréng verléiere liicht a kommen op 13,2 % (-0,4 %).

D'ADR verléiert 1,6 % a kënnt nach op 6,3 %.

Déi Lénk kommen op 3,5 % (+1,5 %) an d'KPL kënnt op 1,1 % (+0,2 %).

D'CSV kritt 9 Sëtz (+1), d'DP der 4 (-1), d'LSAP bleift bei 4 Sëtz, déi Gréng hunn der 3 an d'ADR 1.

Am gréisste Walbezierk huet d'CSV 35,6 % an domat exakt dat selwecht Resultat wéi 5 Joer virdrun. Si ka sech an 22 vu 25 Gemengen duerchsetzen.

D'LSAP verléiert zwar ganzer 4 % a kënnt nach op 28,2 %, de Süde bleift awer bei Wäitem hire stäerkste Bezierk. Si ka sech an 3 Gemengen, Rëmeleng, Käl an Diddeleng, behaapten. 2004 war se nach a 6 Gemenge stäerkste Partei.

Och déi Gréng hu genee dat selwecht Resultat wéi 2004 a kommen op 10,2 %.

D'DP gewënnt 0,6 % a kënnt, nodeem se 2004 ënner 10 % gerëtscht war, lo erëm op 10,1 %.

D'ADR verléiert am Süden 0,5 % an huet nach 7,9 %.

Déi Lénk gewannen 1,8 % a komme lo op 4,1 %. Am Süden hunn déi Lénk domat dat bescht Resultat.

D'KPL huet 2,2 % (+0,5 %), d'Biergerlëscht kritt 1,7 %. Domat hu béid Parteien hiert bescht Resultat am Süden.

D'CSV bleift bei 9 Sëtz, d'LSAP verléiert een an huet der nach 7, d'DP, déi Gréng, an d'ADR hunn alleguer 2 Sëtz an déi Lénk gewanne fir d'éischt zanter 1999 erëm e Sëtz am Süden.

Gewielten Deputéiert

änneren
  1. (Jean-Claude Juncker)*
  2. (Luc Frieden)*
  3. (François Biltgen)*
  4. (Jean-Marie Halsdorf)*
  5. (Claude Wiseler)*
  6. Michel Wolter
  7. Nancy Arendt
  8. Félix Eischen
  9. Marc Spautz (bis Abrëll 2013, gouf du Minister)
  10. Jean-Louis Schiltz (bis Mäerz 2011)
  11. Gilles Roth
  12. Christine Doerner
  13. Laurent Mosar
  14. Lucien Thiel (bis de 25. August 2011; †)
  15. Martine Stein-Mergen
  16. (Marie-Josée Jacobs)*
  17. Paul-Henri Meyers
  18. Marcel Oberweis
  19. (Marco Schank)*
  20. Mill Majerus (bis den 1. Abrëll 2011; †)
  21. Ali Kaes
  22. Lucien Weiler
  23. (Octavie Modert)*
  24. (Françoise Hetto-Gaasch)*
  25. Fernand Boden
  26. Marie-Josée Frank

Nogereéckelt:

  1. (Jean Asselborn)*
  2. (Mars Di Bartolomeo)*
  3. Alex Bodry
  4. Lydia Mutsch
  5. (Jeannot Krecké)*
  6. Lucien Lux
  7. (Lydie Err - bis den 1.2.2012)
  8. Claudia Dall'Agnol
  9. (Mady Delvaux-Stehres)*
  10. Ben Fayot
  11. (Romain Schneider)*
  12. Jean-Pierre Klein
  13. (Nicolas Schmit)*

Nogeréckelt:

  1. Claude Meisch
  2. Xavier Bettel
  3. Anne Brasseur
  4. Lydie Polfer
  5. (Paul Helminger - bis den 9. Oktober 2012)
  6. Fernand Etgen
  7. Eugène Berger
  8. André Bauler
  9. Carlo Wagner

Nogeréckelt

Déi Gréng

änneren
  1. Félix Braz
  2. François Bausch
  3. Jean Huss (bis de 6. Juli 2011)
  4. Viviane Loschetter
  5. Camille Gira
  6. Claude Adam
  7. Henri Kox

Nogeréckelt

  1. Gast Gibéryen
  2. (Tania Gibéryen) **
  3. Jacques-Yves Henckes (bis Enn 2012, duerno ouni Partei)
  4. Jean Colombera (bis Enn 2012, duerno ouni Partei)

Nogeréckelt:

Déi Lénk

änneren
  1. André Hoffmann (bis 15. Nov. 2011)

Nogeréckelt

Explikatiounen:

  • *): Verzicht op d'Deputéiertemandat, fir Minister ze ginn.
  • **): Verzicht op d'Deputéiertemandat, well onkompatibel mam Walgesetz (Duechter vum Gast Gibéryen).

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren