Marc Lies
lëtzebuergesche Politiker
De Marc Lies, gebuer den 30. Dezember 1968 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Marc Lies | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Dezember 1968 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Fonctioun | Schäffen, Buergermeeschter, Deputéierten |
![]() |
Vu Beruff Employé op enger Bank, war de Marc Lies vun 2009 bis 2025 Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper. 2000 war hien do eng éischt Kéier an de Gemengerot gewielt ginn; 2005 gouf e Schäffen.[1] Am Juni 2025 huet hie säi Récktrëtt aus perséinleche Grënn bekanntginn.[2]
Als Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ass hien, als Kandidat op der CSV-Lëscht fir de Zentrum, an d'Chamber nogeréckelt, nodeem e puer vun den Éischtgewielten zum Minister ernannt gi waren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[3] an deene vum 8. Oktober 2023[4] gouf hien erëmgewielt.
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[5]
Um Spaweck
ännerenCommons: Marc Lies – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Fiche Marc Lies pop Paperjam.lu
- ↑ "Hesperange: Marc Lies démissionne de son poste de bourgmestre." virgule.lu, 02.06.2025.
- ↑ elections.lu.
- ↑ (fr) Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
- ↑ Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014. https://www.chd.lu/.+Gekuckt den 03.10.2020.