Jean-Marie Halsdorf

lëtzebuergesche Politiker

De Jean-Marie Halsdorf, gebuer den 1. Februar 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Jean-Marie Halsdorf
Gebuer 1. Februar 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

No sengem Lycée zu Iechternach a sengem Studium op der Universitéit Stroossbuerg huet de Jean-Marie Halsdorf een Doktertitel als Apdikter gemaach a vun Ufank vun den 1980er Joren un als Apdikter a verschiddene Spideeler zu Lëtzebuerg geschafft.

1988 gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. Vun 2000 bis 2004 war hie Buergermeeschter vun där Gemeng.

Tëscht 2000 an 2004 war hie Sekretär vum Gemengesyndikat SYVICOL.

1994 gouf de Jean-Marie Halsdorf eng éischt Kéier, op der Lëscht vun der CSV, an d'Chamber gewielt, an zanterhier allkéiers erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1].

2004 an 2009 huet hie säin Deputéiertemandat néiergeluecht a gouf an der Regierung Juncker-Asselborn I Inneminister a Minister fir Landesplanung. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir den Interieur, d'Police, d'Verdeedegung, d'Groussregioun an d'Organisation territoriale.

Bei de Gemengewalen 2023 gouf hie neie Buergermeeschter vu Péiteng.

De Jean-Marie Halsdorf ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Marie Halsdorf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. elections.lu.
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  3. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004
  4. Jean-Marie Halsdorf reçoit les insignes de l'officier de l'ordre national de la Légion d'honneur