Kommunistesch Partei Lëtzebuerg

politesch Partei zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) KPL)

D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Kommunistesch Partei Lëtzebuerg
Ofkierzung KPL
President Ali Ruckert
Vizepresident Gilbert Simonelli
Tresorière Georgette Schweich
Gegrënnt 2. Januar 1921
Parteizentral 3, rue Zénon Bernard
L-4030 Esch-Uelzecht
Jugendorganisatioun déi jonk Kommunisten
Ideologien Kommunismus
Marxismus–Leninismus
Politesch Positioun Lénksextremismus
International Affiliatiounen Internationaalt Treffe vu Kommunisteschen a Aarbechterparteien
Internationale kommunistesche Seminaire
Faarf Rout
Websäit
http://www.kp-l.org/

GeschichtÄnneren

D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg ass den 2. Januar 1921 zu Nidderkuer, duerch eng Ofspléckung vun der Sozialistescher Partei, gegrënnt ginn.

An der Tëschekrichszäit hat s'et net einfach: den Zénon Bernard, hiren éischten Deputéierten, deen 1934 an d'Chamber gewielt gouf, krut säi Mandat entzunn, an e Versuch vun der konservativer Bech-Regierung, d'KPL duerch e Gesetz verbidden ze loossen, gouf 1937 duerch den Ausgang vum Referendum zum Uerdnungsgesetz (besser bekannt als Maulkuerfgesetz) knapps verhënnert.[1]

Am Zweete Weltkrich war d'KPL vum Nazi-Okkupant verbueden, an hir Memberen hu missen ënnerdauchen. Vill vun hinnen hu sech, nom Nazi-Iwwerfall a Russland am Juni 1941, an der Resistenz organiséiert.[2] Nom Krich ass hir dat ugerechent ginn, a si gouf e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Trotz der Polariséierung am Kale Krich hat si am Aarbechtermilieu trei Unhänger. 1968 hat d'KPL sechs Deputéierten an der Chamber, an a Südgemenge wéi zu Esch war si am Schäfferot an huet heiansdo och de Buergermeeschter gestallt.

Nom Zesummebroch vum Kommunismus an Osteuropa an an der Sowjetunioun, ëm 1990, ass et och mat der KPL rapid biergof gaangen. Dozou hunn och Spléckunge bäigedroen: en Deel vun hire Memberen, wéi den André Hoffmann, déi eng méi kritesch Analys vum Stalinismus haten, hunn 1993 d'Nei Lénk gegrënnt. Souwuel d'KPL wéi Nei Lénk hu sech 1994 un de Chamberwale bedeelegt (mä d'Nei Lénk just am Bezierk Süden): d'Nei Lénk krut kee Sëtz an d'KPL huet hire leschte Sëtz verluer a war fir d'éischt Kéier an der Nokrichszäit net méi an der der Chamber.

1999 gouf Déi Lénk gegrënnt, un där sech och d'KPL bedeelegt huet. Zesummen hunn déi zwou Formatiounen nach vun 1999-2004 een Deputéierte "gedeelt"; 2004 konnte se sech net méi op e Walbündnis eenegen, a weder Déi Lénk nach d'KPL ware fir d'Legislaturperiod 2004-2009 duerch en Deputéierte vertrueden. Och 2009, 2013 an 2018 gouf kee KPL-Deputéierten an d'Chamber gewielt.

Zanter de Gemengewalen 2017 ass d'KPL an de Gemengeréit vun zwou Stied vertrueden: Zu Déifferdeng an zu Rëmeleng. An der leschtgenannter ass se, a Koalitioun mat der LSAP, am Schäfferot.

Den 2. Januar 2021 gouf zum 100järege Bestoe vun der Partei zu Nidderkuer an der Hiel, genee virun deem Café, an deem d'KPL den 2. Januar 1921 gegrënnt gouf, e Monument ageweit. Op der Plack steet geschriwwen:

1921 - 2021 Den 2. Januar 1921 ass zu Nidderkuer an der Rue de Longwy op Nummer 25 d'Kommunistesch Partei vu Lëtzebuerg (KPL) gegrënnt gin [sic]

Et goufen och rout Oeillete néiergeluecht.[3]

Literatur zum TheemaÄnneren

  • Kovacs, Stéphanie: Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932, Lëtzebuerg, Rapidpress, 2002, 457 Säiten
  • Kovacs, Stéphanie: L'extrème gauche au pouvoir. Stratégie et politique du Parti Communiste Luxembourgeois de la fin de la Seconde Guerre Mondiale au début de la guerre froide (1945-1947). Luxembourg 2010.
  • Ruckert, Ali: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946, Lëtzebuerg, KPL, 2006, 176 Säiten
  • Ruckert, Ali: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954, Lëtzebuerg, KPL, 2007, 176 Säiten
  • Ruckert, Ali: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960, Lëtzebuerg, KPL, 2010, 176 Säiten

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kommunistesch Partei Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Déi Lénk: "Das Maulkorbgesetz: Daten und Fakten"
  2. Histoprim: "Die organisierte Resistenz in Luxemburg"
  3. Jeannot Ries, 100 Joer KPL, Eng Geschicht mat Héichten an Déiften, gelies op RTL.lu de 4. Januar 2021