Jean Huss
De Jean ("Muck") Huss, gebuer de 26. Mäerz 1947 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker.
Jean Huss | |
---|---|
Gebuer | 26. Mäerz 1947 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | déi gréng |
De Jean Huss, dee vu Beruff Professer ass, war bis 1983 an der sozialistescher Partei, a war ee vun de Grënner vun déi gréng. Hie setzt sech virun allem fir eethesch a sozial Theemen an, a war och Corapporteur vum Gesetz iwwer d'Depenaliséierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg.
Virun allem wéinst der pro-Impfungspositioun vun 'déi gréng' wärend der Covid-19 Pandemie ass hien aus der Partei ausgetrueden an ass zanterhier a kenger Partei méi Member.[1]
Gemengepolitik
ännerenHie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Mäerz 1990 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Januar 1995 Conseiller am Escher Gemengerot. Dono war hien nees vu Juni 2000 bis Januar 2014[2] Conseiller vun der Gemeng Esch-Uelzecht.
Landespolitik
ännerenHie war vum 16. Juli 1984 bis de 14. September 1987 a vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber. Vum 18. Juli 1994 u war hien nees Deputéierten; hie gouf 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.
De 6. Juli 2011 huet hie säi Mandat néiergeluecht a gouf vun der Josée Lorsché ersat.
Aner Aktivitéiten
ännerenNieft der institutioneller Politik ass de Jean och aktiv bäi AKUT.
Gielercher
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2008)[3].
Literatur
änneren- Kurschat, I., 2024. Grünen-Gründer ist heute politisch heimatlos. Luxemburger Wort vum 31. August/1. September 2024, S. 2-3.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jean Huss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Kurschat, I., 2024. Grünen-Gründer ist heute „politisch heimatlos“, wort.lu[€], Luxemburger Wort vum 31. August/1. September 2024, S. 2-3.
- ↑ "Merci Muck!" Communiqué op deigreng.lu, 2014-01-18.
- ↑ Copie vum Quotidien vum 19. juni 2008 op der Websäit vun der Chambre de Commerce Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 16.01.2013.