D'Viviane Loschetter, gebuer den 10. Abrëll 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng). Si ass 1998 der grénger Partei bäigetruede vun där si vun 2013 bis 2018 Fraktiounspresidentin war. Vu Beruff ass si Educatrice graduée.

Viviane Loschetter
Gebuer 10. Abrëll 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

Theemen änneren

Fir d'Viviane Loschetter gehéiert zum gréngen Ur-Theema, dem Schutz vun der Natur, och alle Mënsche gläichwäerteg Liewensverhältnesser z'erméiglechen. Aner wichteg Punkte fir d'Politikerin sinn eng sozial gerecht Politik fir den Aarbechtsmaart a Chancëgläichheet fir Mann a Fra.[1]

Gemengepolitik änneren

Si ass zanter dem 1. Januar 2000 an der Stad Lëtzebuerg am Gemengerot an zanter dem 28. November 2005 am Schäfferot.[2]

Landespolitik änneren

D'Viviane Loschetter war zanter de Chamberwale vum 13. Juni 2004 als Deputéiert aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber. Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 an deene vum 20. Oktober 2013 gouf si erëmgewielt. Bei de Chamberwale vum 14.Oktober 2018 huet si net méi fir d'Chamber kandidéiert.

Si war Presidentin vun der Commission juridique an der Chamber.[3]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Säit vun der Viviane Loschetter op greng.lu Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-06-29.
  2. Säit vun der Viviane Loschetter bei der Stad Lëtzebuerg Archivéiert op 2013-07-28. Gekuckt de(n) 2013-04-18.
  3. Säit vun der Viviane Loschetter op chamber.lu
  4. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/